Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
International Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

Terroristesch Attack zu Bréissel: Täter Erschoss
International Neiegkeeten

Terroristesch Attack zu Bréissel: Täter Erschoss

No enger Explosioun an enger Gare zu Bréissel ass de

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

D‘EU huet aktuell en zolitte Problem mat der Entscheedung vun Italien, d‘Opnam vu Migranten, déi aus dem Mëttelmier gefëscht ginn, a sengen Häfen nëmmen da sécherzestellen, wann och aner Memberlänner matmaachen. EU-Rettungsmissiounen am Mëttelmier ginn esou a Fro gestallt.

„Italien wëll net méi dat eenzegt Land sinn, an deem déi vun de maritimen Eenheete vun der Operatioun „Sophia“ gerett Migranten, u Land bruecht ginn“, heescht et an engem Schreiwes vum italieneschen Ausseminister Enzo Moavero Milanesi, un d‘Frederica Mogherini, Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun an zoustänneg fir baussenzeg Ugeleeënheeten.

D‘Konsequenze vun dëser Decisioun sinn e Freideg zu Bréissel vun den Ambassadeure vun de Memberlänner diskutéiert ginn. D‘Majoritéit vun den Diplomaten hunn dem italienesche Vertrieder ze verstoe ginn, datt si d‘Entscheedung vun Italien als „Erpressung“ déiten.

Eng „Léisung“ bis Enn August?

Italien huet awer de Kommando iwwert d‘Operatioun „Sophia“, déi am Juni 2015 lancéiert gi war, nodeems et eng Serie u schrecklechen Naufrage ginn hat. „D‘Operatioun Sophia gëtt bäibehalen“, versécheren dräi europäesch Sourcen, déi an den Dossier agebonne sinn.

Dës Quellen déi net wëlle genannt ginn erkläre weider: „D‘Memberlänner hunn sech fënnef Woche ginn, also bis Enn August, fir eng Léisung zu der Fuerderung vun Italien ze fannen, dat net méi vu vireran dat Land soll sinn, wou d‘Migranten, déi vun de Schëffer vun der Operatioun Sophia aus dem Mëttelmier gefëscht ginn, mussen u Land gelooss ginn“.

„Wéi soll een eng Léisung fanne wann et méi Froe wéi Äntwerte gëtt: Wat maache mat dëse ville Mënschen? Wien hëlt se op?“, heescht et säitens engem diplomateschen Informant. Et besteet elo de Risk, datt d‘Länner keng Schëffer méi fir „Sophia“ bereetstellen, esou den Diplomat.

44.000 Séile gerett…

Am ganze sinn elo sechs Schëffer vun der EU (aus: Italien, Frankräich, Spuenien, Irland, Slowenien an Däitschland) un der Operatioun „Sophia“ bedeelegt. Den Optrag ass et géint de Mënschenhandel virzegoen, an ze verhënneren datt et tëscht de Küste vu Libyen an Italien zum Naufrage kënnt.

Laut den offiziellen Zuelen, hätt „Sophia“ derzou bäigedroen, säit hirem Lancement am Joer 2015, ronn 44.000 Mënschen ze retten. Den italieneschen Inneminister a Patron vun der „Lega Nord“, Matteo Salvini, ass allerdéngs decidéiert, nodeems hien de Schëffer vun den ONGen den Zougang zu italieneschen Häfen ënnersot huet, och de Schëffer vun der Missioun den Zougang ze verbidden.

Italien huet dann och offiziell gefrot, net méi dat eenzegt Land ze sinn, datt am Mandat als Zilland vun der Operatioun „Sophia“ néiergeschriwwen ass. De Premierminister Giuseppe Conte huet dem Jean-Claude Juncker déi italienesch Konditioune fir eng weider Opnam virgeluecht.

Déi italienesch Konditiounen

An engem Bréif un den EU-Kommissiounspresident heescht dann och: En Zougang zu Italien kann nëmmen dann Zoustëmmung fannen, wann sech och aner EU-Länner verflichten en Deel vun deene Leit, déi am Mëttelmier „gerett“ ginn, opzehuelen.

Domatter gëtt Italien ënnerstallt, seng europäesch Partner ze erpressen an, déi Konditiounen ze festegen, déi scho bei der Opnam vu 450 Migranten, déi vun zwee Schëffer vun der Marine aus dem Mëttelmier gefëscht goufen, ëmgesat goufen. Déi Schëffer konnten hir mënschlech Fracht op Sizilien „ofginn“, nodeems fënnef Länner zougesot haten, jee 50 Migranten ze „iwwerhuelen“.

Als Äntwert op d‘Schreiwes vum Giuseppe Conte, huet den EU-Kommissiounspresident erkläert, datt „déi ad-hoc Mesuren sech net laangfristeg festleeë loossen“. De Jean-Claude Juncker ass awer beméit weider „Fräiwëlleger“ ze fannen, fir sech an der Urgence d‘Opnam vu Migranten ze deelen.

De Maghreb ass net gewëllt sech benotzen se loossen

D‘Situatioun um Mëttelmier verännert sech dann och. D‘Zuel vun den „Iwwerfaarten“ ab de nordafrikanesche Küsten a Richtung Italien hunn ofgeholl. Dofir huet sech eng nei Route a Richtung Spuenien opgemaach. Domatter geréit och Madrid ënner Zochzwang.

Elo huet sech d‘EU beim leschte Sommet virgeholl driwwer nozedenken „regional Debarquement-Plattformen“ an Drëttlänner anzeriichten. Eng Mesure déi vu Mënscherechtsorganisatioun an ONGe verworf gëtt. Um Freideg hunn dann och déi libesch Autoritéiten der EU de Marsch geblosen: „Mir sinn dergéint, datt d‘EU bei eis déi illegal Migranten ofluet, déi si bei sech net wëll hunn“.

Dëser Positioun schléissen sech Egypten, Tunesien, a Marokko un. Vun der EU koum och de Virschlag, Opnamezentren um Gebitt vun der EU ze erriichten. Déi nächst Woch soll zu Bréissel en entspriechend Konzept virgeluecht ginn. Wien se iwwerzeege wëllen ass awer net kloer.

mam Christian Spillmann/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Italien, Konditiounen, Mëttelmier, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel