Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Atomofkommes mam Iran gescheitert
International Neiegkeeten

https://moien.lu/big-bang-members-dating/

Mat der Annonce vun Teheran, datt den Iran sech net

dating godly man
International Neiegkeeten

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa
International Neiegkeeten

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa

D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert, datt déi éischt Koalitiounsregierung vun engem jonken Antisystem-Mouvement an enger Rietsextremer Partei, haut de Mëtteg zu Roum vereedegt gëtt. Datt mam Giuseppe Conte als Regierungschef, engem Jurist deen als Noviz an der Politik gesi gëtt, mee versprach eng Politik ze ënnerstëtzen déi géint d‘Austeritéit a fir d‘Sécherheet ass.

Dräi ganzer Méint huet et Machenschaften an – och fir e Land dat méi Übung mat politesche Krise, wéi mat funktionéierende Regierunge kennt – ni do gewieschte Wendunge ginn. Elo endlech huet d‘Koalitioun vun „Movimento 5 Stelle“ (Antisystem) an „Lega Nord“ (Rietsextrem) mam President Sergio Mattarella e Kompromëss fonnt.

De Sergio Mattarella hat Garantien iwwert de Verbleif vun Italien an der Euro-Zon gefuerdert, an leschte Sonndeg e „spektakuläre Veto“ géint eng éischt Lëscht ageluecht. Elo um Donneschdeg, bei enger „iwwerschaffter“ Lëscht, huet sech de President bereet erkläert déi ze ënnerschreiwen, esou datt d‘Minister vun der neier Regierung haut um 16:00 Auer hiren Eed leeschten an hiert Mandat untriede kënnen, esouwäit d‘Parlament hinnen déi nächst Woch d‘Vertrauen ausschwätzt.

E Bléck op déi „nei“ Regierung

An et ass dann och zu gudder Lescht awer den Giuseppe Conte, deen dann elo e Samschdeg nieft dem Sergio Mattarella sëtzt, wann et heescht d‘Militärparad zum Nationalfeierdag ofzehuelen. An et ass och den Giuseppe Conte – deen nach en Donneschdegmueren op der Universitéit vu Florenz enseignéiert huet – wou Italien déi nächst Woch beim G7-Sommet a Kanada representéiert.

De Luigi Di Maio (M5S) an de Matteo Salvini (Lega Nord) sinn déi nei Vizepremierministeren. Den éischten huet d‘Verantwortung fir déi wirtschaftlech Entwécklung an Aarbecht, den zweeten huet den Inneministère erhalen. De Wirtschaft- a Finanzministère gëtt vum Giovanni Tria, e Professer fir Wirtschaftspolitik, deen de fiskaleschen Iddie vun der Lega Nord nosteet, awer Italien an der Euro-Zon behale wëll.

Eigentlech war dëse Ministère dem Paolo Savona, engem 81 järegen Ekonomist versprach, mee dee consideréiert den Euro als „däitsche Prisong“, a war ee vun den Haaptgrënn firwat de Sergio Mattarella säi Veto an d‘Spill bruecht hat. De Paolo Savona gëtt dann elo Minister fir europäesch Ugeleeënheeten. Heiranner gëtt hie vum pro-europäeschen Enzo Moavero Milanesi ënnerstëtzt, dee während 20 Joer zu Bréissel täteg war. Den Enrico Letta gëtt Ausseminister.

D‘Finanzmäert stellen sech géint den demokratesche Prozess

Mat enger op 18 Minister begrenzte Regierungsequippe, an där et „nëmmen“ fënnef Frae gëtt, ass et der Koalitioun awer gelongen e gewësse Gläichstand hierzestellen. En interessante Fakt, wann e bedenkt, datt d‘Lega Nord bei de Wahle vum 4. Mäerz nëmme 17% erhalen huet, während de Movimento 5 Stelle, 32% vun de Suffragen op sech konnt zéien.

Der Welt vun der Finanz dierft déi nei Regierung allerdéngs net an de Krom passen, an dat hat sech an de leschte Wochen och op de Finanzmäert däitlech gewisen. Dat léisst sech dann och um „Spread“ – also dem Ënnerscheed tëscht deem wat beispillsweis Däitschland an Italien op en Emprunt vun 10 Joer un Zënse musse bezuelen – ofliesen. Dësen Taux dierft, wann en haut bekannt gemaach gëtt, d‘Acteure vun der Wirtschaft ganz staark interesséieren.

Hei muss een dann och uféieren, datt déi sougenannten „Investisseuren“ – déi opgrond vum Regierungsprogramm vun der Koalitioun un „Afloss“ verléiere wäerten – déi politesch Ausriichtung als „geféierlech“ fir déi ëffentlech Konten ugesinn. An et wäert sech dann och esou verhalen, datt hir Entscheedungen esou e groussen Drock ausüben, datt et um Enn awer zu Neiwahlen an Italien ka kommen.

Eng aner kulturell Approche

„Mir wäerten intensiv un der Ëmsetzung vun de politeschen Objektiver schaffen, déi mir an eisem Regierungsvertrag ugekënnegt hunn. Mir wäerten ons determinéiert fir eng besser Liewensqualitéit fir all d‘Italiener asetzen“, versprécht den Giuseppe Conte um Donneschdegowend, nodeems hie seng Equippe virgestallt huet.

Dëse „Regierungsvertrag“, deen an 10 Deeg ausgehandelt a virun zwou Woche virgestallt ginn ass, wennt der Austeritéit resolut de Réck zou, a wiert sech géint d‘Diktat vu Bréissel. E setzt zudeem op eng wirtschaftlech Wuesstemspolitik, fir déi kolossal ëffentlech Schold ze reduzéieren. Et gëtt och eng Erofsetzung vum Rentenalter an eng drakonesch Baisse vun de Steiere Versprach – wat eng vun den Haaptfuerderunge vun der Lega Nord ass – esou wéi d‘Schafe vun engen „Biergerakommes“ an héicht vu 780 Euro pro Mount, e Versprieche vum Movimento 5 Stelle.

Et gesäit en heiranner also eng Synthees vun zwou politesche Philosophien: si presentéiert esouwuel d‘Rhetorik vum M5S zur Ëmwelt, de neien Technologien oder der Moralisatioun vum ëffentleche Liewen, wéi dann och eng Stäerkung vun der Sécherheet, der Ofleenung vun der Immigratioun an enger däitlecher anti-islamescher Haltung vun der Lega Nord, där eng Affinitéit mam franséische Front National zougesprach gëtt.

De Giuseppe Conte huet dann och eng „liicht differenzéiert kulturell Approche“ versprach, mat beispillsweis enger däitlecher Beschneidung vun de Fonge, déi fir den Accueil vu Refugiéeën a Persounen déi ëm Asyl nofroe bestëmmt sinn.

Zur Persoun: e Portrait vum Giuseppe Conte

De Giuseppe Conte ass e Jurist a Professer vun 53 Joer, deen dem grousse Public onbekannt ass. Hie war awer gemeinsam vun den zwou Koalitiounsparteie virgeschloen an den 23. Mee als Premierminister nominéiert ginn, iert hien nom Veto vum Sergio Mattarella, leschte Sonndeg d‘Handduch geworf huet.

Zu Volturara Appula – engem klengen Duerf vu 500 honnert Awunner – an Apulien (Süditalien) 1964 gebuer, ass de Giuseppe Conte an enger Famill opgewuess, wou de Papp Gemengesekretär an d‘Mamm Schouljoffer – zu San Giovanni Rotondo, der Stad vum Padre Pio, de veréiertsten Hellege vun Italien – war. Als Student huet hie Rechtswëssenschaften an der Villa Nazareth studéiert, enger kathoulescher Universitéit zu Roum déi benodeelegt Studenten opgeholl huet.

Laut sengem Liewenslaf, hätt de Giuseppe Conte sech uschléissend an de renomméiertsten Universitéite perfektionéiert. Dorënner: Yale, New York University, Sorobonne a Cambridge. Elo verhält et sech leider esou, datt e puer vun dësen Institutiounen uginn, de „Mann net ze kennen“. Et schéngt awer erwisen, datt de Giuseppe Conte, an de Bibliothéike vun dësen Haiser perséinlech Recherche gemaach huet.

Zur gläicher Zäit huet hien op der Rechtsfakultéit vu Sardinien, Roum, Florenz a Malta enseignéiert a war bis gëschter Moie Professer fir Privatrecht zu Florenz. Hien huet zäitgläich als Affekot an enger Etüde vun der Haaptstad geschafft. De Giuseppe Conte war dann och nach Member vum Verwaltungsrot vun der italienescher Weltraumagence, juristesche Beroder vun der Handelskummer zu Roum, a Member vum Iwwerwaachungsausschuss vu verschiddenen Assurances.

De Regierungschef lieft getrennt vu senger Fra an huet e Bouf vun 10 Joer, mat deem hien seng Passioun fir de Fussball deelt. An hien, deen de gréissten Deel vu sengem Liewen „lénks“ gewielt huet, soll dann elo Ministere vun der extrem rietser „dirigéieren“. Mee dozou huet den Interesséierten eng Ausso gemaach: „Ech denken, datt déi ideologesch Schemata vum 20. Joerhonnert net méi adequat sinn“.

mam Fanny Carrier an dem Ljubomir Milasin/AFP

Foto: De neien italienescher Premierminister, Giuseppe Conte, bei der Presentatioun vun der neier Regierungsequippe. © Tiziana Fabi/AFP

Ähnlech Sujeten Cinque Stelle, Giuseppe Conte, Italien, Lega Nord, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel