Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant
International Neiegkeeten

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

Um 3.45 Auer zu Cape Canaveral, war de Countdown ofgezielt,

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!
International Neiegkeeten

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!

E Freideg Mëtteg huet, no laange Preparatiounen, den Transport vun

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus
International Neiegkeeten

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?

De Faschismus huet sech nees an der Mëtt vun der Gesellschaft etabléiert an de Matteo Salvini géif sech gären an der Regioun Emilia-Romagna, déi zanter Joerzéngte vun de Lénken dominéiert gëtt, als déi stäerkste politesch Muecht no de Regionalwahle presentéieren

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?

Et war nees där Optrëtter een, deen un däischter Zäiten erënnert. Eng 3.000 Leit hunn iwwert eng Stonn an der fiichter Keelt zu Piacenza op der „Piazza Cavalli“ op hire Messias gewaart. A wéi dee mat erhieflecher Verspéidung ukoum, gouf et ee begeeschterten Empfang, inklusiv dem Puccini senger Arie „Nessun Dorma“ (Vincero), déi ee fir gewéinlech an de Foussballstadionen héiert…

Fir de Matteo Salvini ass „Wahlkampf“ wuertverwannt mat „Provokatioun“ an wéi ee polariséiert, d‘Leit esou richteg ophetzt, dat ass ee vu senge groussen Talenter – am däitleche Widdersproch zu senge politesch Fäegkeeten – déi hie fir vill Italiener zum Held maachen. Kierzlech huet hien nees de „Buzz“ gemaach, wéi hien sech am Wahlkampf zu Bologna vu Kamerae begleede gelooss huet.

NordHei hat de „Führer“ vun der Lega Nord bei Nordafrikaner geschellt, just fir nozefroen, op et da géif stëmmen datt si Droge verkafen. Wann een am Wahlkampf zu esou Methode gräift, verfollegt ee kloer Ziler, an déi sinn net gemënzt de soziale Fridden am Land ze stäerken. Jo et ass net emol eng Undeitung, datt een d‘Land vereent wirtschaftlech a sozial stäerke wéilt. Hei gëtt Haass verdeelt.

De brongen Otem

Zu Piacenza huet de Matteo Salvini den „Italiener“ besser Spidäler a Schoule versprach, et solle keng Regionalsteiere méi erhuewe ginn an d‘Auslänner géifen – wann hien dann d‘Soen hätt – och keng Sozialwunnenge méi bezéien dierfen. „Wann d‘Lega hei an der Regioun regéiert, wäerte mir dat maachen, wat mir iwwerall maachen“, esou ee Mann, deen hei wiertlech ze huelen ass.

Ähnlech dem Donald Trump, wëll de Matteo Salvini datt fir unzefänken, alles wat do ass den Italiener zousteet an nëmme wann eppes iwwreg bleift, sollen och déi aner eppes ofkréien. Mat dëser Politik wëll d‘Lega Nord an der Regioun Emilia-Romagna déi lénk Héichbuerg sprengen, woubäi et vill – an och gutt – Grënn gëtt, firwat dat eng komplizéiert Operatioun wäert ginn.

Nord

Fir den Aktuelle Regionalpresident vun Emilia-Romagna, Stefano Bonaccini (Partido Democratico) besteet keen Zweiwel: „Wann Italien der Emilia-Romagna géif gläichen, wier et zweiwelsfräi e bessert Land. Mir wäerten e Sonndeg gewannen“. © Giorgio Gori (via Twitter)

D‘Regioun gëtt zanter Joerzéngte vun der enger „Mëtt-Lénks“ Politik dominéiert. De Chômagetaux ass deen niddregsten am Land, déi medezinesch Versuergung richteg exemplaresch, d‘Wirtschaft kann een als „innovativ“ beschreiwen an déi an der Regioun produzéiert Wuere loossen sech gutt exportéieren. Déi „Lénk“ Parteien hätten sech dann och dorunner gemooss, näischt virzewerfen…

Ass de politesche Wiessel sënnvoll?

Wann ee sech dann awer nees de Sondagen zouwennt, gëtt ersiichtlech, datt d‘Italiener duerchaus gewëllt sinn de politesche Wiessel erbäizeféieren, an de Faschisten esou d‘Geleeënheet ze ginn ze weise wat se drop hunn. Et gëtt an der Emilia-Romagna en Drang zum Changement deen sech net empiresch erkläre léisst. D‘Lega Nord huet dann och realistesch Chancen op eng Wahlvictoire.

Eng Victoire déi vun engem neie Mouvement wëll konterkaréiert ginn. Déi rezent vum Mattia Santori an dréi Frënn zu Bologna gegrënnte Sardinne-Beweegung kennt mëttlerweil ganz Italien. Hiert Zil: de Virmarsch vum Populismus an Italien ophalen. Hir „Flash Mobs“ falen op, mee falen se och an d‘Gewiicht? D‘Regionalwahlen an der Emilia-Romagna wäerten dat beäntwerten.

Nord

De Mattia Santori weess vun der Muecht déi an de populistesche Message stécht, an si sinn aus der Oppositioun dozou entstanen. „Mir versichen de Leit ze erklären, datt Politik komplex muss sinn an näischt Einfaches ka sinn“, esou de Santori. Geet et duer, fir den Demokrat Stefano Bonaccini als Regionalpresident un der Muecht ze halen? D‘Lega-Kandidatin Lucia Borgonzoni wëll et wëssen.

An de Sondage stinn sech béid Kandidaten zimlech op Aenhéicht géinteniwwer. Datt deem esou ass kann een awer dorunner festmaachen, dat en Deel vum lénke Spektrum an de leschte Joren eppes „bequem“ ginn ass. Datt d‘Sardinne virun enger Woch 40.000 Leit zu Bologna mobiliséiert kritt hunn, léisst d‘Hoffnung opkommen, datt et wuel knapp wäert ginn, d‘Vernonft awer gewanne kann.

mat indymedia/bol/rom

Foto: De Matteo Salvini an Lucia Borgonzoni vun der Lega Nord hunn zu Piacenza hir Unhänger iwwerzeegt kritt. Op et duer geet fir de politesche Wiessel an der Emilia-Romagna ëmzesetzen? De „Movimento delle Sardine“ wëll dat verhënneren. © Lega Nord

Ähnlech Sujeten Emilia-Romagna, Italien, Lega Nord, Lucia Borgonzoni, Matteo Salvini, Mattia Santori, Movimento delle Sardine, Partido Democratico, Regionalwahlen, Stefano Bonaccini
Nächsten Artikel Virrechten Artikel