Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Handicap International: Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee Steet
san diego dating site https://moien.lu/poz-dating-apps/

speed dating in salt lake city

Dëse Samschdeg kënnt et op der Plëss an der Stad,

flynn and alisha dating
san diego dating site https://moien.lu/poz-dating-apps/

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn
san diego dating site https://moien.lu/poz-dating-apps/

Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn

Et kann ee vu Gléck schwätzen, datt um vergaangene Samschdeg

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht

E Samschdeg ass et an Italien a enge 60 Stied zu grousse Manifestatioune komm, bei deene gefuerdert ginn ass, datt de Gesetzprojet vun engem Senateur vun der Lega Nord, mat deem d‘Familljerecht soll reforméiert ginn, muss zréckgeholl ginn.

Zu Versammlunge war et notamment zu Roum, Turin, Mailand, Florenz a Neapel komm. Hei waren d‘Leit dem Opruff vu ville Gewerkschaften an Associatioune – déi sech géint Gewalt u Fraen, fir d‘Rechter vun de Schwulen a Lesben, oder fir de Schutz vun de Kanner asetzen – nokomm.

Begënschtegung vum Patriarchat

An engem Communiqué, huet d‘CGIL (Italienesch General Konfederatioun vun der Aarbecht) matgedeelt: „Et handelt sech hei ëm e machistesche Gesetzprojet, deen d‘Fraen ëm 50 Joer an d‘Vergaangenheet zréckschéckt. Et behandelt net d‘Wuelbefanne vun de Kanner, behënnert d‘Trennung, andeems déi nach just fir déi zougänglech ass, déi en héicht Akommes hunn“.

Dëse kontestéierte Gesetzprojet, deen „déi gedeelte Garde“ an déi „perfekt bi-Parentalitéit“ garantéiere soll, ass vum Lega Nord Senateur, Simone Pillon, President vun der Justizkommissioun, virgeluecht ginn. De Simone Pillon ass bekannt fir seng konservativ Positioune géint den Avortement an d‘Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Partner.

Den Text baséiert sech op de Prinzip vun enger gläicher Opdeelung vun der Zäit tëscht béiden Elteren: d‘Kanner missten déi selwecht Zäit bei der Mam an dem Papp verbréngen, an och hire Wunnsëtz bei béiden Elterendeeler hunn. Eng Moossnam déi et dem Kand net erlaabt ze wielen, mat wéi engem Elterendeel hie liewe wëll. An Dat gëtt vun de Manifestanten denoncéiert.

Et ass virgesinn den „Ënnerhalt“ ze suppriméieren (Geld dat vun deem Elterendeel muss bezuelt ginn, deen net Garde vum Kand huet). Dat soll duerch eng op béid Elteren, zu gläichen Deeler opgedeelten Zomm, jee no Akommes vun deem engen oder aneren, ersat ginn. Dat fragiliséiert deen Elterendeel, deem säin Akommes am niddregsten ass, an dat sinn meeschtens d‘Fraen.

De Koalitiounspartner, Movimento 5 Stelle, ass mam Text, esou wéi dëse virgeluecht ginn ass, net averstanen. „Esou geet dat net, do muss korrigéiert ginn“, huet de Chef vum M5S, Luigi di Maio, e Freideg annoncéiert. Um Samschdeg huet him de Chef vun der Lega Nord, Matteo Salvini, d‘Dier opgehalen a gemengt: „Et ass e Punkt op deem een opbauen, deen ee verbessere kann“.

mat AFP

Foto: Vill leit haten sech zu Mailand op der „Piazza della Scala“ afonnt, fir géint déi ëmstridde Reform vum Familljerecht, esou wéi se vum Lega Nord Senateur Simone Pillon gefuerdert gëtt, ze manifestéieren. © Miguel Medina/AFP

Ähnlech Sujeten Familljerecht, Italien, Lega Nord, Movimento 5 Stelle, Reform, Simone Pillon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel