Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel
Fail International Neiegkeeten

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel

Gëschter huet mam Rot zur „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel

Moto géint Auto: Déidlechen Accident tëscht Esch-Sauer a Bitscht
Fail International Neiegkeeten

Moto géint Auto: Déidlechen Accident tëscht Esch-Sauer a Bitscht

Gëschter Owend koum et kuerz virun 18:00 Auer op der

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib
Fail International Neiegkeeten

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

No 37 Joer am Weltraum ouni benotzt ginn ze sinn,

dislike

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo Inneminister vun Italien, Matteo Salvini, huet um Sonndeg gewarnt, datt Italien net kéint de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn. Woubäi hien awer och versprach huet, verstänneg mam Problem ëmzegoen.

„Italien a Sizilien kënnen net de Refugiéescamp vun Europa sinn“, esou den neien Inneminister, deen an éischter Linn op d‘Insel komm ass, fir déi lokal Kandidate vu senger Partei ze ënnerstëtzen. Eng Partei déi nach virun e puer Joer d‘Ofspaltung vum Norde gefuerdert, a wéineg Sympathie fir de Süde gefleegt huet.

Schonn e Samschdeg hat de Salvini d‘Linnen däitlech gezunn: „Déi gutt Zäite fir déi Illegal sinn eriwwer: bereet iech drop vir d‘Wallissen ze paken“. Um Sonndeg war den Toun dann nees eppes méi bemooss: „Mir wäerte keen haarde Kurs fueren, mee de Problem mat Verstand ugoen“.

Verséinlech Wierder vum Inneminister, deen op all sengen Etappe vun enthusiastesche Sympathisanten empfaange ginn ass, mee sech och huet missen de Géigemanifestanten aus dem lénke Lager stellen. Virun der Opnameariichtung vu Pozzallo, engem Hafe vun der südlecher Spëtzt vu Sizilien, waren sech dann och bal béid Lager an d‘Hoer geroden.

Argumenter géint Emotiounen

„Mir waren och Migranten, sengerzäit an Amerika, a mir hunn dohanne keng opgefouert“, „An dësem Stadium ass et keng Opnam, et ass Kolonialismus“, „Ech, wann ech sténken, dann et wéinst dem Schweess duerch d‘Aarbecht“. Esou d‘Gejäiz vum Matteo Salvini senge Sympathisanten.

Hinne géinteniwwer déi lénk Militanten, déi de „libeschen Albdram“ denoncéiert hunn. Den Inneminister huet säi kämpfereschen Toun, dee säi Succès ausmécht, bäibehalen, mee den Inhalt war wäitaus méi nuancéiert wéi um Samschdeg. Do hat de Matteo Salvini kee gutt Hoer un den ONGen an hire Schëffer gelooss, déi hie beschëllegt huet sech als „Passeuren“ ze betätegen.

„Kee Mënsch ka mech vu menger Iwwerzeegung ofbréngen, datt déi illegal Awanderung e Geschäft ass (…) an ze gesinn, datt et Leit gëtt déi u Kanner Geld verdéngen, déi spéider Stierwen, dat reegt mech op“, erkläert de Salvini, nodeems um Sonndeg nees Migranten am Mëttelmier erdronk sinn.

Ëm 50 Mënschen si onwäit der tunesescher Küst, a weider néng Persounen – dorënner sechs Kanner – verstuerwen. „Ech sinn also der Meenung, datt et besser ass d‘Geld an den Ursprongslänner auszeginn. Wann et elo ONGe gëtt déi hir Aarbecht gratis maache wëllen, dann ass dat och an der Rei“, esou de Salvini als Referenz un d‘ONGen déi sech an Italien fir d‘Migranten asetzen.

D‘Laascht muss gerecht verdeelt ginn

D‘Hafestad vu Pozzallo steet an der éischter Rei: et ass haaptsächlech an dësem Hafen an, an deene vun Ost-Sizilien (Augusta, Catana, Messina) wou d‘Schëffer vun der italienescher Marine oder den humanitären Organisatioune, déi aus dem Mier gerett Migranten u Land bréngen.

An der Opnameariichtung, wou d‘Press den Inneminister net konnt begleeden, huet de Matteo Salvini mat Migrante geschwat, dorënner Fraen a Kanner, déi um Freideg, e puer Stonnen no senger Vereedegung, ukomm sinn. D‘Struktur aus Bëtong, déi direkt um Mier geleeën ass, ass een vun den „Hotspots“ déi säit 2015 an Italien installéiert goufen.

Dat virun allem op Drock vun der EU, déi wollt sécherstellen, datt och Persoun déi u Land bruecht gëtt, an Italien registréiert ass, an esou an kengem aneren EU-Land eng Asyl-Demande areeche kënnen. Domatter huet Italien (nieft Griicheland) eng schwéier Laascht ze droen.

E Problem deen dann och en Dënschdeg zu Lëtzebuerg, op der Dagesuerdnung vum Inneminister-Treffe steet. Woubäi de Matteo Salvini net kann dorunner deel huelen, well am italienesche Parlament de Vertrauensvott fir d‘Koalitiounsregierung stattfënnt. Hien huet awer schonn ugekënnegt, datt hie géint d‘Reform ass, déi de Besoine vun de mediterrane Länner net gerecht gëtt.

D‘Ongläichgewiicht ass evident

Italien hat jo dann och schonn emol d‘Iddi lancéiert, d‘Migranten an aner Häfen „ofzelueden“, wat vu Bréissel refuséiert ginn ass. „Mäin Objektiv ass net d‘Migranten an Europa ze deplacéieren, mee d‘Departen ze reduzéieren“, esou de Salvini, deen en „evident Ongläichgewiicht, bei der Gestioun an de Käschten“, denoncéiert huet.

Dank kontroverséierten Accorde vun der fréierer Mëtt-Lénks Regierung mat Libyen, sinn d‘Arrivéeën ëm 75% säit dem Summer 2017 zréckgaangen. Mee trotz enger Erhéijung vun den Ausweisungen ëm 12%, hunn nëmmen 6.500 Mënschen Italien verlooss, an eng Zounam gëtt zu finanzieller Belaaschtung.

Fir séier u Geld ze kommen, huet de Matteo Salvini dann och eng Beschneidung vun de Fonge gefuerdert, déi fir d‘Opnam vun de ronn 170.000 Asyl-Demandeure, déi aktuell an Italien ënnerbruecht sinn, reservéiert sinn. Hei huet dann awer och Stëmme ginn, déi drun erënnert hunn, datt dës Fongen, wann se richteg genotzt ginn, och Aarbechtsplaze fir Italiener schafen.

mam Fanny Carrier/AFP

Foto: De neien italieneschen Inneminister a Patron vun der Lega Nord, Matteo Salvini, bei sengem Besuch an der Opnameariichtung vu Pozzallo. Hien ass iwwerzeegt, datt d‘Geld an den Hierkonftslänner besser ugeluecht wier, wéi et an Europa fir den Accueil vun de Migranten auszeginn. © Carmelo Lorenzo/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Matteo Salvini, Pozallo, Refugié, Sizilien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel