Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
International Money Neiegkeeten

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
International Money Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
International Money Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

money

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un der Initiativ vun enger neier chinesescher Seidestrooss ze bedeelegen, verfollegt. D‘Regierung zu Roum wëll mat China e Kaderaccord iwwert den Infrastrukturprojet vun engem neien Handelswee beschléissen. E Projet deen éischter ëmstridden ass, well Peking säin Afloss iwwert dëse Wee an der EU auswäite wëll.

De Ministerpresident, Giuseppe Conte, gesäit an dësem Projet fir Italien – a bei aller gebuedener Virsiicht – eng Chance säi wirtschaftleche Wuesstem ze boosten. Déi „nei Seidestrooss“ géif vill interessant Méiglechkeete bidden, esou de Giuseppe Conte, den awer de Kritiker entgéint stellt, datt et sech den Ament ëm eng Absichtserklärung handelt, an een nach keng Verflichtungen ageet.

Zur Ënnerschrëft kéint et schonn Enn Mäerz, beim Staatsbesuch vum chinesesche President Xi Jinping kommen. D‘Italiener sinn ermahnt ginn „uecht ze doen“, well gefaart gëtt, datt esou en Ofkommes vu Washington net „appreciéiert“ wäert ginn. Am Kontext vum Handelskrich tëscht den USA a China, sollt Italien bedenken, datt et zu „Nodeeler“ bei den Handelsbezéiunge ka kommen.

Mat der Seidestrooss Iwwercapacitéiten ofbauen

De Projet „Seidestroossen“ huet Peking 2013 lancéiert. Si ass verknäppt mam der historeschen Handelswee aus dem Altertum an dem Mëttelalter. China geet et bei dësem Projet drëms, e Logistik-Netz duerch Asien a Richtung vun Afrika an Europa opzebauen. Virgesi sinn ënnert anerem Investitiounen an grouss Infrastrukture wéi Stroossen, Eisebunnsreseauen, Häfen avm…

Esou e Schratt ass am Kontext vum globaliséierten Handel absolut novollzéibar, a sécherlech och sënnvoll. Washington, Tokio a eng Rei europäesch Haaptstied, gesinn den Ausbau vun dësen neien Handelsweeër als Versuch vu Peking, de chineseschen Afloss an Eurasien an doriwwer eraus ze stäerken an auszebauen. Heibäi muss een déi wirtschaftlech Dimensioun vun de Kritiker bemierken.

Fir d‘Kritiker vum Projet „nei Seidestrooss“ geet et och ëm déi riseg Wirtschaftsleeschtung déi hei um Spill steet. Hiert Argument „Den Europäer feelt et un internationale Standarden, Transparenz a Garantie fir den Ëmweltschutz. Et géif kee Fair-play bei der Kompetitivitéit an den ëffentlechen Ausschreiwungen, an 90% vun de Fäll géifen eenzeg an eleng chinesesch Entreprise profitéieren.

E Business mat strengen Oplagen?

Aus diplomatesche Kreesser gëtt gewarnt: wien sech um Projet bedeelege wëll, misst eng scheinbar harmlos Vereenbarung ënnerschreiwen, déi Oplagen enthält, déi politesch brisant sinn. Esou zum Beispill de „Respekt viru Kärinteressen“. Gemengt ginn domatter, déi chinesesch Muechtuspréch am südchinesesche Mier, an op Taiwan. Et gëtt zudeem spekuléiert, datt Taiwan soll eruewert ginn.

Elo muss een ofwaarden, wéi „differenzéiert“ déi italienesch Regierung op déi divers Warnungen a Rotschléi reagéiert. Italien wier ëmmerhin den éischte Member vun der Grupp vun de sougenannten Industrienatiounen (G7) déi sech dem chinesesche Projet géif uschléissen. Wirtschaftlech ass et en interessante Projet, deen den Häfe vu Genua an Taranto nees zu neiem Glanz kéint verhëllefen.

Zudeem sollt ee bedenken, datt ausser Italien, och d‘EU vun dësem Projet profitéiere kéinten. Et wier e gudden Hiewel fir europäesch Standarde bei: Finanz, Justiz an Ëmwelt ze implementéieren. Am Abrëll ass den zweete Forum „Seidestrooss“ virgesinn, an de Giuseppe Conte wäert sech dru bedeelegen. De Ministerpresident huet versprach Washington um lafenden ze halen…

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten China, Handelskrich, Italien, Seidestrooss, Welthandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel