Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter
dating sites like zoosk Neiegkeeten

dating crush in dream

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an

https://moien.lu/best-german-dating-sites/
dating sites like zoosk Neiegkeeten

Net einfach d‘Séinoutrettung am Mëttelmier

D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der italienescher Küstewaach, mat 141 Migrante

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum
dating sites like zoosk Neiegkeeten

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum

Um Dënschdegowend war am klenge Krees zu Rëmerschen, am Naturschutzzenter

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Sea-Watch 3 gëtt zu Catania wéinst „Uerdnungswiddregkeeten“ festgehalen

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Iwwer Facebook hat den italieneschen Transportminister, Danilo Tonelli, bekannt ginn, datt et fir d‘Sea-Watch keng Sortie méi gëtt. D‘Schëff vun der Rettungungsorganisatioun mam selwechten Numm dierft den Hafe vu Catania net verloossen. Déi italienesch Küstewaach, esou de Minister, hätt bei Kontrollen um Schëff Uerdnungswiddregkeete bei Sécherheet a Mieresschutz festgestallt.

Autoritéite

Fir de Spriecher vun der ONG, Ruben Neugebauer, gëtt et keng zéng Erklärungen. Hie behaapt sech drop, datt déi Virwërf déi hei opgelëscht sinn mat den Hoer erbäigezu sinn. Et wier offensichtlech, datt et sech bei dëser „Aktioun“ ëm eng politesch motivéiert Entscheedung handelt, déi eenzeg zum Zweck huet, d‘Sea-Watch vu Rettungsmissiounen am Mëttelmier ofzehalen. Do kéint eng dru sinn.

Weder den Inneminister Matteo Salvini nach säi Komerod den Transportminister Danilo Toninelli, hu jeemools en Heel dorausser gemaach, wat si vun dëse „Missiounen“ halen. Vun do aus drop ze schléissen, datt si d‘Küstewaach gebieden „eppes méi genau hinzekucken“ ass iergendwéi legitim, ännert den Ament awer wéineg un der mësslecher Lag, an där d‘Rettungsschëff sech befënnt.

Eppes méi Transparenz wier ubruecht

Wat elo genee dem Schëff an der Organisatioun juristesch virgeworf gëtt, wéi eng Virschrëften hei bei Sécherheet a Mieresschutz net sollen agehale ginn, dat huet déi italienesch Küstewaach bis ewell nach net ëffentlech gemaach. Dat ass natierlech e Verhalen, dat d‘Medie riichteraus zwéngt ze spekuléieren ëm wat et geet, a wien eigentlech am meeschte profitéiert, wann d‘Schëff steet.

 

Autoritéite

Fir d‘ONG, där hiert Schëff ënner hollänneschem Pavillon ënnerwee ass, war domatter ze rechnen. Iwwer zwou Woche laang huet si missen „Verhandelen“, fir 47 aus dem Mier gerett Flüchtlingen an engem italieneschen Hafen u Land ze bréngen. Eréischt nodeems eng Rei EU-Länner zougesot hunn en Deel vun de Leit opzehuelen, huet d‘Regierung dem Schëff gréng Luucht gi fir unzeleeën.

Allerdéngs hunn déi italienesch Autoritéiten der Sea-Watch 3 net, wéi et eigentlech logesch wier, den Zougank zum Hafe vu Syrakus op Sizilien erlaabt, mee d‘Schëff an den Hafe vu Catania geleet. Laut der ONG eng bewosste Moossnam. Hei sinn „d‘Kontrolleure“ besonnesch schaarf Hënn, an d‘Organisatioun wollt och méiglechst net an den Hafe vu Catania alafen. Mee dat ass elo esou…

Zumindest ass elo kloer wouhinner et geet

Fir Italien a seng Regierung, déi sech jorelaang iwwert de Mangel u Solidaritéit an der EU beklot hunn, zu Bréissel och emol „ugëeckt“ sinn, ass d‘Mooss voll an d‘Gedold déi si géintiwwer den ONG gewisen hunn, ass opgebraucht. Den Transportminister huet an dësem Kontext entspriechend drastesch Moossnamen ugekënnegt. Solle Rettungsmissiounen am Mëttelmier verhënnert ginn?

Autoritéite

Esou wéi den Danilo Tonelli sech gëschter op der RAI (Staatssender) ausgedréckt huet: „Jo!“. Hie wëll elo e Gesetz virleeën, dat et de Schëffer vun ONGen onméiglech mécht en italieneschen Hafen unzelafen. „ Mir versichen e Gesetzestext op d‘Been ze stellen, deen aus Grënn vun der ëffentlecher Uerdnung, de Schëffer vun ONGen automatesch den Zougank zu den Häfe verbitt“, sot hien.

Autoritéite

Anescht ausgedréckt: mat dësem Gesetz ass dann de Schëffer vun ONGen net méi erlaabt, ausser si hunn eng Geneemegung vun der italienescher Regierung, fir an d‘national Gewässer anzelafen. Wéi et elo mat de Rettungsmissiounen am Mëttelmier ausgesäit ass net gewosst. D‘Sea-Watch 3 war dat lescht zivilt Schëff, datt nach op der Zon operationell war. „Fortress Europe“ wierkt awer…

Foto: D‘Kapitänin vun der Sea-Watch, Pia Klemp, huet bei hire Missiounen iwwer 1.000 Mënschen aus dem Mëttelmier gerett. An Italien gëtt elo géint d‘Fra ermëttelt. Si soll Bäihëllef zu illegaler Awanderung geleescht hunn. © Paul Lovis Wagner/Sea-Watch

Ähnlech Sujeten ADAL, Catania, Matteo Salvini, Mëttelmier, ONG, Pia Klemp, Rettungsschëff, Sea-Watch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel