Italienesch Küstewaach bréngt iwwer 500 Migrante sécher no Sizilien

D‘Schëff Diciotti vun der italienescher Küstewaach ass um Dënschdegowend am Hafe vu Pozzallo ukomm. Hei konnten déi eppes iwwer 500 Migranten, wouvunner der eng 40 déi lescht Woch vun der US-Marine virun de libescher Küst aus Séinout gerett goufen, u Land bruecht ginn.

„Den Diciotti huet schlussendlech zu Pozzallo ugeluecht an esou 522 Mënsche gerett“, huet den héije Kommissariat vun de Vereenten Natioune fir d‘Refugiéeën (UNHCR) an engem Tweet matgedeelt. „Si ware bei verschiddene Rettungsaktiounen aus dem Mier gefëscht ginn. 42 ënnert hinne ware kuerz virum erdrénken a brauchen dréngend Soinen a psychologesch Ënnerstëtzung“.

Esouwäit d‘UNO, déi vu sech selwer seet un der Säit vun den italieneschen Autoritéiten an humanitären Organisatiounen ze stoen. Eng Dose vun dëse staark deshydratéierte Migranten, dorënner sechs Kanner an dräi Fraen, ware prioritär op Pozzallo bruecht ginn, wou si vum italienesche roude Kräiz iwwerholl goufen.

Et ass net gewosst, op si zu deene 40 gehéieren, déi d‘lescht Woch virun der libescher Küst gerett gi sinn. Déi aus Séinout gerett Migranten hunn op der USNS Trenton eng Woch um Mier verbruecht, engem Héichgeschwindegkeetsschëff vun der US-Marine. Si goufen uschléissend vun der Diciotti iwwerholl, déi si mat deenen aneren op Sizilien transportéiert huet.

Laut dem Communiqué vun der US-Marine, hat d‘Mannschaft vun der Trenton eng Dose Kierper ouni Liewen um Mier dreiwe gesinn. Et wier sech op d‘Rettung vun de liewege konzentréiert ginn. E Schëff vun der ONG „Sea Watch“ war zu Hëllef geruff ginn, mee wollt nëmmen iwwerhuele wann et méiglech wier an engem italieneschen Hafen unzeleeën, wat d‘Autoritéite refuséiert hunn.

Italienesch Häfen net méi fir ONGen zougänglech

De Matteo Salvini, neien italieneschen Inneminister, hat däitlech wësse gelooss, datt et zukünfteg kengem Schëff vun enger ONG, dat Migranten aus dem Mier virun der libescher Küst opgeholl huet, géif erlaabt ginn, hir mënschlech Fracht an den italieneschen Häfen ofzelueden.

A konform zu dësen neien Direktiven, war d‘MS Aquarius mat sengen iwwer 600 aus dem Mier gerett Migrante gezwonge ginn, viru Malta op eng „Entscheedung“ ze waarden. No villem hin an hir konnt d‘Schëff dunn d‘Leit an den Hafe vu Valencia bréngen. Hei huet d‘Schëff um Sonndeg, no enger Woch um Mier, d‘Migranten de spueneschen Autoritéiten iwwerginn.

Fir den italieneschen Inneminister, hëllefen d‘ONGe mat hiren Aktiounen de Passeuren déi a Libyen aktiv sinn. Allerdéngs huet déi italienesch Justiz en Dënschdeg eng Affaire misse klasséieren, an där zwou ONGe beschëllegt goufe Verbindung zu Mënschenhändler ze hunn, an déi illegal Awanderung an Italien gefërdert ze hunn.

„Mir wëllen dësem Mënschenhandel en Enn bereeden, an wann et aner Schëffer, aner ONGe gëtt, déi e frieme Pavillon droen, dann hale mir un eiser Entscheedung fest“ esou de Matteo Salvini. Hien huet dann och versprach, datt Italien zu dësem Problem, sengen europäesche Partner an de nächsten Deeg eng politesch Propose wäert ënnerbreeden.

mat AFP

Foto: Um Schëff Diciotti vun der italienescher Küstewaach waarden déi aus dem Mier gerett Migranten drop, endlech zu Pozzallo u Land kënnen ze goen. De Schëffer, déi am Optrag vun ONGe Migranten aus dem Mëttelmier retten, ass säit kuerzem den Zougang zu italieneschen Häfen ënnersot. © Giovanni Isolino/AFP