Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen
International Neiegkeeten

https://moien.lu/r-u-dating-anyone/

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm

what to know before dating a nurse
International Neiegkeeten

Faillite am Bausecteur zwéngt 25 Leit op d‘Sich no enger neier Schaff

Wéi et d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB um Donneschdeg matgedeelt hunn,

The Holy um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten

The Holy um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Salvini gewënnt: déi italienesch Regierung léisst sech op

Giuseppe Conte reecht Demissioun an a wërft dem Chef vun de Lega Nord politeschen Opportunismus vir

Salvini gewënnt: déi italienesch Regierung léisst sech op

Um véier Auer gëschter Nomëtteg huet den italienesche Regierungschef Giuseppe Conte eng lescht Ried am Senat gehalen, uschléissend dem President Sergio Mattarella seng Demissioun virgeluecht. Domatter huet de Matteo Salvini schon emol ee wichtegt Zil erreecht: d‘Regierung opgeléist.

Am Senat huet de Giuseppe Conte, zanter Mäerz 2018 Regierungschef an Italien, gemengt: „Déi aktuell Kris gefäerdet onweigerlech d‘Aarbecht vun der Regierung, déi hei op en Enn geet“. Mee den onparteiesche Regierungschef huet dem Initiator vun dëser Kris och d‘Meenung gesot.

Seng Entscheedung d‘Koalitiounsregierung vu Populisten a Faschisten opzekënnege géif sech schlecht op d‘Land auswierken a wier leedeglech op perséinlech Interessen zréckzeféieren. Et géif dem Leader vun der Lega Nord net ëm Wuel vum Land, säin Ziel wier et d‘Muecht ze ergräifen.

„Frënn vun der Lega. Dir hutt versicht d‘Iddi vun enger Regierung vun de ville ‚Nee‘ ze verbreeden an esou hutt dir 14 Méint intensiivst Regierungsaarbecht zerrass. Dat nëmme fir iech ervirzedoen. Dir hutt net nëmme mäi perséinlecht Engagement beleidegt, mee och d‘Aarbecht vu de Minister“.

Zouversiichtleche Géigner

Dem Matteo Salvini kann dat Gejéimers vum Regierungschef am Senat wéineg unhunn. Hien huet bewosst a ganz zouversiichtlech d‘Regierung bei der Däiwel gekéiert a fuerdert logescherweis eng séier Neiwahl. Hien huet dem Giuseppe Conte dann och am Senat Paroli gebueden.

„Ech géif alles genee esou nach eng kéier maachen. Mat der grousser Kraaft vun engem fräie Mann. (…) Ech hu keng Angscht virum Uerteel vun den Italiener“, esou de Leader vun der faschistescher Lega Nord, deem verschiddentlech ënnerstallt gëtt, sech zum neien „Duce“ stiliséieren ze wëllen.

RegierungMee elo huet fir den Ament nach de Staatspresident Sergio Mattarella d‘Kaarten an der Hand. Deen huet den Giuseppe Conte dann och gebieden d‘Regierungsgeschäfter einstweile fortzeféieren. Haut gëtt mat den Consultatiounen ugefaangen an déi kéinte scho muer Donneschdeg ofgeschloss sinn.

Gett et Aussiichte fir eng nei Majoritéit?

Ob de Sergio Mattarella bannent zwee Deeg eng Majoritéit fir eng nei Regierung fanne kann, léist sech net emol esou einfach bestëmmen. Ass de Movimento 5 Stelle bereet genuch Waasser an de politesche Wäin ze schëdde fir eng Koalitioun mam Partido Democratico anzegoen? Méiglech…

Kritt de Staatspresident dat net hin, da muss hien d‘Parlament opléisen an Neiwahlen ausruffen. Dat ass et op dat de Matteo Salvini an de leschte véierzéng Deeg aus war an zumindest fir den Ament gesäit et esou aus, wéi wann dem Salvini seng Rechnung géif opgoen. Woubäi et Alternative gëtt.

Esou kéint eng Allianz tëscht de „Stären“ an de „Sozialliberalen“ dem Matteo Salvini säi politescht Kaartenhaus zum astierze bréngen. Déi dräi sinn zumindest domatter beschäftegt ze bewäerten ob et Sënnvoll ass, der Lega d‘Stir ze bidden, an eng Regierung ze bilden. Dat géif d‘Lega belaaschten.

Net grad déi beschte Bilanz…

Wann eng Regierung zerbrécht muss et erlaabt sinn e Bilan ze maachen, egal wéi laang si regéiert huet. A gemooss un den héijen Uspréch déi sech d‘Koalitioun selwer gestallt huet, kann een nëmme feststellen: „et ass Mouer“. Si hunn den Opschwong versprach an eng Rezessioun ervirbruecht.

Vill Italiener – besonnesch awer d‘Jugend – schafe weiderhin ouni fest Verträg, déi Jonk fanne kaum eng Aarbecht a sichen hiert Gléck am Ausland. Och bei de Léin huet et keng Verbesserunge ginn. De „Reddito di Cittadinanza“ (Sozialhëllef) sollt hëllefen, mee hei läit nach Villes am Uergen.

RegierungDat soll net heeschen, datt d‘Regierung onbeléift war. Si war éischter „populär“, wat sech och bei der EU-Wahl gewisen huet. Béid Koalitiounspartner, d‘Lega Nord an de Movimento 5 Stelle hu 50% vun de Stëmmen erhalen. Dat allerdéngs mat engem beispillhafte Virdeel fir d‘Lega Nord.

Rietsextremismus ass déi politesch Mëtt

Interessant awer elo och net verwonnerlech: dem Matteo Salvini seng Popularitéit grënnt virun allem op der Flüchtling- a Migratiounspolitik. Woubäi et gutt ass hei genee hinzekucken. Et war net de Salvini deen d‘Trendwend bei der Migratioun higebéit huet, och wann hie dat beusprocht.

De Redressement vun de Flüchtlingszuelen ass de Verdéngscht vum Sozialist Marco Minniti, och da wann een unerkenne muss, datt de faschisteschen Inneminister dës Zuelen nach eppes weider „drécke“ konnt, woubäi och dat e Präis huet. Mee den Italiener schéngt „dës Politik“ ze gefalen.

RegierungHale mir nach fest, datt déi Koalitiounsregierung och bei Grondleeënde Froen éischter zerstridde war. Wéineg Eenegkeet bei Infrastrukturprojeten, ënnerschiddlech Usiichten am Kontext vun der Fëderaliséierung a keng kloer Positioun zur Aféierung vun engem gläiche Steiersaz fir jiddereen.

mat indymedia/rom

Foto: (Videoausschnëtt Senat Italien)

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Luigi Di Maio, Matteo Renzi, Matteo Salvini, Neiwahlen, Regierungskris, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel