Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race
International Neiegkeeten

when to do early dating ultrasound

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op

for honor matchmaking not ready
International Neiegkeeten

Gebuertsdagskand: De Boy George gëtt 56

Den George Alan O’Dowd, och bekannt ënnert dem Numm Boy

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!
International Neiegkeeten

Sensibiliséierungscampagne: Offall kann déidlech sinn!

Vergaangene Samschdeg hunn den Ëmweltministère an d’Administratioun vun der Ëmwelt

Italienesch Regierung virum Broch

Ginn de Lega Nord Chef Matteo Salvini a an de Regierungschef Giuseppe Conte elo gescheet?

Italienesch Regierung virum Broch

Dem Matteo Salvini seng Lega Nord huet Neiwahlen an Italien als eenzeg Alternativ zur bestoender Koalitioun annoncéiert, wat déi ganz Regierung elo a Fro stellt. De Premier Giuseppe Conte huet de Matteo Salvini elo zur Uerdnung geruff. Esou eppes ass oft den Ufank vum Enn…

Wa sech den italienesche Premierminister Giuseppe Conte net wëll vu sengem Inneminister dreiwe loossen, da muss et zu eescht gemengten a konstruktive Gespréicher tëscht béide Lager kommen. Dat wier dann awer nees eppes ze einfach an de klassesche Wee vun der verbaler Konfrontatioun ass dann och beschratt ginn. Esou huet de Regierungschef et gëschter zu Roum eppes lafe gelooss.

Den italieneschen Inneminister a Chef vun der Lega Nord huet gëschter zu Pescara schonn emol de Bols bei senge Supporter gefillt. Sträit mam Koalitiounspartner huet et wéinst eng séierer Eisebunnsverbindung tëscht Turin a Lyon ginn. © SalviniOfficial

„Et steet engem Inneminister net zou iwwert den Oflaf vun enger politescher Kris ze entscheeden, an där ganz aner institutionell Acteuren intervenéieren“, esou den Giuseppe Conte, deem dem Matteo Salvini seng Fisematenten ufänken zolidd géint de Stréch ze goen. Elo sollen déi zwou Kummere vum Parlament aberuff ginn an den Inneminister soll sech virum Senat rechtfäerdegen.

Den eppes ëmstriddene Chef vun de Lega Nord hat virum Optrëtt vum Giuseppe Conte en dësen eng „Fuerderung“ geriicht: „Komm mir direkt an d‘Parlament fir unzëerkennen, datt et keng Majoritéit méi gëtt“. De Matteo Salvini géif d‘Wuert nees gären un de Wieler weiderreechen an mengt Neiwahlen. Et mécht allerdéngs och wéineg Sënn esou wéi den Ament weiderzemaachen.

Fënnef-Stäre Faschismus geet net

De Koalitiounspartner „Movimento 5 Stelle“ huet seng Enttäuschung am Blog an op Facebook zum Ausdrock bruecht: „Do ass een dee wëll datt d‘Regierung haut ëmfält, op den 8. August. Gutt mir si bereet. Mee eng Saach ass sécher – an de Sproch ass fir de Matteo Salvini – wann s du d‘Land a seng Bierger op dem Aarm hëls, fält et fréier oder spéider op dech zréck“, esou de Luigi di Maio.

Fir de Giuseppe Conte ass den ament net einfach sech mam Koalitiounspartner op eng Linn ze verstännegen.

Et gesäit den Ament ganz duerno aus, datt den Giuseppe Conte sech am Parlament d‘Vertraue wäert entzéie loossen, et sief hie géif sech dozou entscheeden dem Staatspresident Sergio Mattarella seng Demissioun virzeleeën. Dann awer géif de Ball bei dësem leien an dee wier genéidegt Sondéierunge bei de Parteien ze maache fir erauszefannen, ob et nach eng aner Majoritéit am Parlament gëtt.

Schliisslech huet de Movimento nach ëmmer déi meeschte Sëtz am Parlament. Dat awer kann een net als Grondlag fir Neiwahle berécksiichtegen, dofir sinn d‘Zuelen an den Ëmfroen einfach vill ze schlecht. D‘Populiste vun der „5 Stäre-Beweegung“ hätten et bei Neiwahle richteg schwéier an de Problem „Mëttelmier“ wéi och d‘Gestreits mat Bréissel, bréngt dem Salvini vill Zousproch an.

Ausléiser: Séier Eisebunnsverbindung Turin-Lyon

Den Dissens tëscht de Koalitiounspartner huet schonn am Mäerz ugefaangen. Op där enger Säit d‘Lega Nord, déi sech fir déi séier Eisebunnsverbindung tëscht Turin a Lyon staark maachen. E Projet dee vum Movimento net matgedroe gëtt. De Matteo Salvini seet, datt domatter eppes an der Koalitioun futti gaangen ass. De ganze Projet war dann e Mëttwoch dem Senat virgeluecht ginn.

Sollt et zu Neiwahle kommen, huet dem Matteo Salvini seng Lega Nord gutt Chancen déi stäerkste politesch Kraaft am Land ze ginn. © SalviniOfficial

Mee och hei hunn d‘Vertrieder vum Movimento blockéiert. Den Inneminister wërft senge „Partner“ ëmmer nees vir sech géint alles ze stellen. Hien hat am Kontext vun der Eisebunnsverbindung och däitlech ugekënnegt, datt wien sech géint de Projet TAV stellt, sech géint d‘Regierungs stellt, an déi domatter a Fro stellt. Woubäi déi genannten Eisebunnsverbindung net den eenzege Problem ass.

Scho bei der Lega Fuerderung vun der Autonomie fir eng Rei Regioune war et enk, genee esou enk ass et bei der Fuerderung vum Movimento fir de Mindestloun gelaf. Bis elo hu si awer nach ëmmer d‘Kéier kritt. Vun der Regierungs am August géif awer d‘Lega Nord am meeschte profitéieren, si leien an de Sondage mat 37% däitlech virum Koalitiounspartner an den anere politeschen Acteuren.

mat indymedia/rom

Foto: Si hunn allebéid esou hir Problemer mam Lega Nord Chef Matteo Salvini. De Jean-Claude Juncker nach maximal bis Dezember, da geet den EU-Kommissiounspresident an d‘Pensioun. Déi Chance huet de Giuseppe Conte net, dee muss nach eppes laang mam ëmstriddenen Inneminister ploen a muss esouguer fäerten, datt et am Fall vu Neiwahle méiglech ass, datt d‘Italiener sech deen als neie Regierungschef oder Premierminister eraussichen. (Archiv / © G20-osa)

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Lega Nord, Matteo Salvini, Movimento 5 Stelle, Neiwahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel