Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party
International Neiegkeeten

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party

Um Programm: Den Don gio dee sech eng Freed wäert

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

moneysurprise
Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen
International Neiegkeeten

Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen

E Freideg huet China d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) saiséiert, fir d‘Akraafttriede vun

Italienesch Regierung setzt Rentereform ëm a féiert Biergerakommes an

Si haten et am Wahlkampf versprach, elo setzen si et och ëm

Italienesch Regierung setzt Rentereform ëm a féiert Biergerakommes an

Um spéiden Donneschdegowend war et beschloss: Milliounen Italiener solle vun der Rentereform an der Aféierung vum Biergerakommes profitéieren. Zwou Decisiounen déi vun de Parteien am Wahlkampf versprach gi waren, de Staat wuel Milliarde kaschte wäerten an awer begréisst ginn.

Et war de Ministerpresident, Giuseppe Conte, deen héchstperséinlech d‘Moossnamen zum zur Rentereform an dem Biergerakommes virgestallt huet. Zwou Moossnamen déi der EU net gefalen, well si zur Erhéijung vum Staatsdefizit bäidroen, de Beneficiaire dovunner awer nees reell Perspektive bitt. Fir datt alles am Abrëll a Kraaft triede kann, muss elo nach just d‘Parlament de Gesetzprojeten zoustëmmen. Dofir huet et 60 Deeg Zäit.

„D‘Regierung hält hir verspriechen“, esou de Giuseppe Conte, dee sech vun dëser Moossnam erhofft, datt si d‘Liewe vu Milliounen Italiener eppes besser mécht. „Dat gëllt besonnesch fir déi sëlleche Leit a Familljen, déi nach an Aarmut liewen“, füügt den Aarbechtsminister a Leader vum Movimento 5 Stelle, Luigi di Maio, bäi. Mee et geet heibäi och ëm Geld, vill, extrem vill Geld fir e Land dat bis zur Nues a Scholde stécht, firwat Bréissel „net amuséiert“ ass.

Vu wat hei geschwat gëtt

Mee wourëms geet et a wie kritt wat? Leit ouni Schaff, aarm Rentner a besonnesch benodeelegt Mënsche kënnen iwwert d‘Gesetz vum „Biergerakommes“ bis zu 500 Euro, an zousätzlech bis zu 280 Euro als Zoulag fir de Loyer oder den Hauskredit erhalen. Eng Moossnam déi de Leit hiert Iwwerliewe séchere soll, an derzou bäidréit datt si och nees an den Aarbechtsmaart kënnen agegliddert ginn. Dësen „Zouschoss“ gëtt komplementar zum eegenen Akommes ausbezuelt.

Dat heescht, datt eng Persoun déi am Mount 200 Euro Loun erhält, bis zu 580 Euro Bäihëllef erhale kann. Fir Persoune mat spezifesche Besoinen, gëlle sonner Reegelen, an och generell gëtt et strikt Akommes- a Verméigensgrenzen. Wie beispillsweis e fuschneien Auto oder e Schëff säin eegen nennt muss vum Biergerakommes ausgeschloss ginn. Gläiches gëllt fir de Fall, datt ee bannent de leschten 12 Méint seng Aarbecht selwer gekënnegt huet, da kritt déi ganz Famill keng Zoulag.

Hei fuddelen oder soss de Versuch maachen de Staat bei d‘Lisette ze loossen… deem muss vun dëser Säit ofgerode ginn, well dat féiert noutgedrongen an de Prisong. Et muss een zudeem drop hiweisen, datt et sech beim Biergerakommes, net ëm e sougenannt bedéngungslost Akommes handelt, mee ganz kloer deem entsprécht, wat mir zu Lëtzebuerg bis ewell RMG, an deemnächst REVIS nennen. Et ass eng Grondsécherung, eppes wat et bis ewell an Italien net ginn huet.

Trotz de strikte Reegelen, dierfte vun dësem „Biergerakommes“ Milliounen Italiener profitéieren. An dësem „Programm“ ass virgesinn (theoretesch zumindest) datt den Demandeur, den Ament wou hien déi Hëllef ugefrot huet, dräi Aarbechtsplazen ugebuede kritt, vun där hie eng muss unhuelen. Dat ass grondsätzlech e gudde Gedanken, woubäi et an der Praxis, besonnesch a strukturschwaache Regioune mat héijem Chômagetaux, net einfach dierft ginn, iwwerhaapt eng „Offer“ ze erhalen.

Gutt Noriichten och fir d‘Rentner

Eppes op dat vill Italiener gehofft hunn an elo och ëmgesat gëtt: d‘Rentereform. Fir unzefänken ass déi onséileg Reform vun 2011 zréckgeholl ginn, woumatter d‘Regierung ee, wann net esouguer dat Versprieche vum Leader vun der rietspopulistescher Lega Nord, Matteo Salvini, ëmgesat huet. Och dat huet säi Präis, an och dat huet Bréissel net gefall. Den Italiener eng éierlech Rent zouséchere kascht 2019 zousätzlech véier Milliarden Euro, an 2020 sollten et aacht Milliarde méi sinn.

Mam System „Quot 100“, ass den Antrëtt an de Rentenalter méiglech, wann den Alter an d‘Zuel vun de Jore wou een abezuelt huet, zesummen d‘Zomm 100 erginn. Domatter kéinten iwwer 350.000 Italiener scho mat 62 Joer an d‘Pensioun goen, well si scho wéinstens 38 Joer cotiséiert hunn. Bis ewell huet ee misse bis mindestens zum 65. Liewensjoer schaffe goen. Fraen dierfen awer och weiderhi mat 58 an d‘Pensioun, wa se ofhängeg beschäftegt waren a 35 Joer cotiséiert hunn.

Fir selbststänneg beschäftegt Frae bleift de Mindestalter bei 59 Joer. Mat dëser Rentereform erhofft sech d‘Regierung, datt esou méi Aarbechtsplaze fir Jonker geschafe kënne ginn, wat net vu Muttwëll wier, wann ee bedenkt, datt an Italien de Chômagetaux an der Altersklass vu 15 bis 34 Joer, bei ronn 20% geleeën ass. Moossnamen déi also Sënn maachen, Moossnamen déi een och net zum „Nulltarif“ kritt, mee leider och Moossnamen déi vu Kritik net ausgeschloss sinn.

Duerch dës Wahlverspriechen, an der Noutwennegkeet déi och anzehalen, ass déi italienesch Regierung zu Bréissel mat der Dier an d‘Haus gefall, wat zu engem Wochelaange Sträit mat der EU-Kommissioun gefouert huet. Dës Reforme féieren zu enger däitlech méi héijer Neiverschëldung wéi ënnert der virechter Regierung. Et gouf sech gëeenegt ginn, den Defizit op 2,04% ze begrenzen, wat fir Bréissel ok ass… Italien huet Scholden an héicht vun 131% vun der Wirtschaftsleeschtung.

mam Mia Cesarini, IM-Mailand

Ähnlech Sujeten Biergerakommes, Giuseppe Conte, Italien, Lega Nord, Matteo Salvini, Movimento 5 Stelle, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel