Search

You may also like

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München
International Neiegkeeten

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München

Ufank Abrëll war d’Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär

Den Ordre de Mérite fir de Generol Eberhard Zorn
International Neiegkeeten

Den Ordre de Mérite fir de Generol Eberhard Zorn

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch dem Generol Eberhard Zorn,

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David
International Neiegkeeten

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech

Italienesche Polit-Alldag

Nom Récktrëtt vun de Landwirtschaft- an der Familljeministesch verléiert d‘Regierung seng Majoritéit am Parlament

Italienesche Polit-Alldag

An Italien ass et generell gesinn ëmmer eng Fro vun der Zäit, wéini d‘Regierung – egal vu wéi enger Couleur – bei der Däiwel geet. Datt et dem Ministerpresident Giuseppe Conte senger Regierung awer géif matten an der Covid19-Kris geschéien, dat hat esou kee geduecht. An awer huet de Chef vun „Italia Viva“, Matteo Renzi annoncéiert datt zwou Ministeschen elo ginn.

Dat sinn d‘Landwirtschaftsministesch Teresa Bellanova, an d‘Familljeministesch Elena Bonetti. An déi ginn net eleng, och den Ivan Scalfarotto, Staatssekretär am Ausseministère, huet schonn ze verstoe ginn, datt hie keng Loscht méi huet. De geneeën Zäitpunkt vu sengem Ofschid ass awer nach net matgedeelt ginn. Fir déi „mëtt-lénks“ Regierung ass dat de politeschen Dout.

Knapp Majoritéiten – mir kennen datt aus der Chamber 31:29 – kënnen ëmmer nëmmen dann och erfollegräich sinn, wann d‘Partner déi sech an enger Koalitioun erëmfannen, och am Polit-Alldag manéierlech a respektvoll ëmginn. Et gëtt leider kee an Italien geschichtlech bestätegte Fall. Datt dem Matteo Renzi seng „Italia Viva“ sech awer aus der Regierung zeréckzitt, kënnt onverhofft.

Natierlech brauch et an all Scheedungsfall een, deem d‘Roll vum Verursaacher kann operluecht ginn a fir gewéinlech schounen sech d‘Partner do net. Italien mécht do selbstverständlech keng Ausnam, firwat de Matteo Renzi (fréiere Premier) den Giuseppe Conte an de Medie massiv ugegraff huet. Den Haaptvirworf: „ëmgoe vun demokratesche Grondsätz mat Covid19-Mesuren“.

De ganz normale Wahnsinn

Interessant dann awer och, datt de Matteo Renzi sech elo drop behaapt, datt et dës Kris schonn zanter Méint géif ginn. Natierlech huet „Italia Viva“ keng Schold un dëser Kris an der Kris, an de 46 järege Parteichef huet eng Offer virgeluecht, bei där et an éischter Linn drëms geet iwwert déi weider Schrëtt ze verhandelen. Dofir bréicht et e minimum u Manéieren, an do happert et grad.

Et geet ëm Geld. Et geet esouguer mega vill Geld. De „politesch onofhängege“ (well kenger Partei zougehéiereg, dofir awer ganz no um Movimento Cinque Stelle) Giuseppe Conte hat seng Pläng zur Verwendung vun den EU-Milliarden, am Kontext vun der Covid19-Finanzhëllef, géint de Wëlle vun der Landwirtschaft- an der Familljeministesch an der Nuecht op ee Mëttwoch duerchgeboxt.

Gewosst ass och, datt esouwuel d‘Teresa Bellanova an d‘Elena Bonetti vun der Regierung verlaangt hunn, datt Italien sollt Geld vum europäesche Rettungsschierm ESM verlaangen. Dat gëllt als „Affront“ well de Giuseppe Conte net gewëllt ass, sech iwwert den Ëmwee vum ESM „gängelen ze loossen, esou wéi dat mat Griicheland geschitt ass“. Dobäi huet Italien Erfarung mat der Mafia…

Neiwale vermeiden

Fir de Jurist, deen Europa a sengen Institutiounen net iwwert de Wee traut, ass dës neierlech Kris – wéi gesot an Italien schéngt dat jo éischter d‘Reegel wéi dann d‘Ausnam ze sinn – ëmmer schonn do gewiescht. Hien hat d‘Situatioun dann och gëschter mam Staatspresident Sergio Mattarella nach emol beroden. Klappt d‘Regierung nämlech zesummen, muss dee nees wichteg Decisiounen huelen.

Wann ee bedenkt datt dem Matteo Renzi seng „Italia Viva“ eng politesch Randerscheinung ass, an esou kleng ass, datt ee sech froe sollt, wéi kann dëse politesche Stëbskär de Regierungsapparat zum stoe kréien… Dat huet domadder ze dinn, datt den Giuseppe Conte just d‘Stëmme gebraucht huet: am Parlament wéi och am Senat. Als Géigeleeschtung goufe jo entspriechend Mandater verdeelt.

De Moment selwer vum „Broch“ dierft dem Regierungschef ongeleeë kommen, fir Neiwalen ass d‘Situatioun am Land eppes ze vill ugespaant. Mee d‘Koalitioun aus Sozialdemokraten (PD), dem Movimento (M5S), „Liberi e Uguali (Fräi & Gläich) an eben „Italia Viva“ war net ënnert de beschte Viraussetzungen zesummekomm. Et dierf ee gespaant sinn wéi eng Tournure dat eloten nach hëlt.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Vitalii Chernopyskyi / unsplash

Related topics Giuseppe Conte, Italia Viva, Italien, Matteo Renzi, Neiwalen, Regierung
Next post Previous post