Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
International Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

„D’Zuele sinn net alarmant, mee mir mussen oppassen!“
International Neiegkeeten

„D’Zuele sinn net alarmant, mee mir mussen oppassen!“

Nom Regierungsrot vun haut de Moien hunn de Premierminister Xavier

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn
International Neiegkeeten

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Mëttels Flashmob dem Matteo Salvini d‘Stir bidden an d‘Ideologie vun der Lega Nord denoncéieren

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp vun 30 järege beweise wollt, datt et méiglech wier duerch en Opruff an de soziale Medien, an kierzester Zäit méi Leit zu Bologna op der Piazza ze versammelen, wéi de Matteo Salvini zur selwechter Zäit an enger Sportshal vun der Provënzhaaptstad. An der Emilia-Romagna fannen am Januar Regionalwahle statt.

Eigentlech ass Bologna eng Héichbuerg vun de lénken, an och an de Sondagë läit de Kandidat vum Partido Democratico (Sozialisten) nach virun der Kandidatin vun der Lega Nord. Déi awer schléit sech ganz gutt an ass eng zolidd Konkurrentin. An der Emilia-Romagna kann d‘Lega besonnesch um Land an och an de kleng Stied sech op vill Zousproch vun de Wieler verloossen.

RietspopulismusDat huet och mam Matteo Salvini senger Wahlkampfstrategie ze dinn. Kaum en Dag vergeet, ouni datt hien sech de Masse presentéiert. Hie wëll elo no Umbrien, eng weider historesch lénks Regioun erueweren an esou d‘Regierung zu Roum an eng Regierungskris stierzen. Eng Entreprise déi vum „Vollek vun de Sardinnen“ wëll verhënnert ginn. An déi si gutt opgestallt.

Politesch Antikierper

De Mattia Santori, Spriecher a Matbegrënner vun der neier Protestbeweegung seet dozou: „Mir sinn d‘Antikierper vun der Intoleranz, dem Populismus an dem falsch verstanenen Nationalismus“. Si stinn dicht gedrängt op de Plazen, enk unenaner gedréckt. Wéi d‘Sardinne gesinn sech d‘Militanten als risege Schwarm deen de Pluralismus an d‘Wäerter vun enger oppener Gesellschaft verdeedegt.

Zu hirer véier hunn si d‘Aktioun an d‘Liewe geruff. D‘Andrea, d‘Giulia de Matteo an de Roberto ware weder politesch aktiv nach hunn se politesch Erfarung. Si haten zu enger Kundgebung op der Piazza Maggiore opgeruff, ganz ouni Fändelen oder Parteiofzeechen. 15.000 Leit waren dem Appell gefollegt. Si hätten d‘Bedierfnes gehat dem Salvini-Wahlkampf eppes entgéintzestellen.

Rietspopulismus

Marc Pascual / Pixabay

Erhofft haten sech d‘Organisateuren der 6.000. De Mattia Santori ass dann och zur „Galliounsfigur“ vum Mouvement ginn an den „@6000Sardine“ en agedroent Markenzeechen. Mat de Sardinne wëll de studéierte Wirtschaftswëssenschaftler deenen de Rang oflafen „déi vill ze laang ongestéiert politesch Inhalter an engem Mier vun inhaltsloser Kommunikatioun ersaufe konnten“.

De Feind steet riets

D‘Aktioun wennt sech allerdéngs geziilt géint de Matteo Salvini a seng Lega Nord. Deen ass ee meeschte vun der politescher Undeelnam an huet et fäerdeg bruecht, säi Wahlkampf zu engem eenzege Selfie ze maachen an huet déi sozial Kommunikatioun op de Stroossen a Plaze konsequent digitaliséiert. Deem wëllen d‘Sardinne mat gläiche Mëttel begéinen.

„Mir hunn dem Matteo Salvini säin Erfollegsrezept a grad emol sechs Deeg geléiert. Elo soll hie léiere wéi mir eis Liewe gemeeschtert kréien“, esou de Mattia Santori iwwert den alldeeglechen Iwwerliewenskampf vun enger Generatioun ouni wiesentlech Zukunftsperspektiven an engem Land, dat weder wirtschaftlech nach Sozial vun der Plaz kënnt.

RietspopulismusMee D‘Sardinne maachen dem Matteo Salvini d‘Liewen – zumindest den Ament emol – nach net wierklech schwéier. De 46 järege Faschist dee gäre Regierungschef wier huet och esou eppes wéi Humor. Hien ass en Déierefrënd, an esou léisst hie via Twitter eng Kaz eng Sardinn verbotzen. Domatter eleng ass déi nei Beweegung allerdéngs net aus der Rou ze bréngen.

Wéi sech d‘Sardinnen awer effektiv géint déi politesch Pläng vun der Lega Nord opstelle kënnen, dat muss sech nach erginn. Kënnen si, esou wéi et hinnen an der Emilia-Romagna gelongen ass, d‘Italiener zu Mailand, Neapel, Palermo an zu Roum och iwwerzeegen? An kann dëse Mouvement d‘Protestbeweegung Movimento Cinque Stelle ofléisen?

mat indymedia/rom

Foto: Monicore / Pixabay

Ähnlech Sujeten Italien, Lega Nord, Matteo Salvini, Mattia Santori, Rietspopulismus, Sardinnen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel