Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht
International Neiegkeeten

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht

D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéieren einfach zesummen. Dëst gutt animéiert

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!
International Neiegkeeten

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!

Um 11. Februar 2020 fënnt op der ganzer Welt de

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau
International Neiegkeeten

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau

De leschte Weekend (2. an 3. Februar) huet zu Krakau

Italienescht Frachtschëff hëlt 200 Migrante viru libescher Küst op

Italienescht Frachtschëff hëlt 200 Migrante viru libescher Küst op

Gëschter huet dat italienescht Frachtschëff „Asso Trenta“ virun Tripolis 200 Migranten aus dem Mier gefëscht. D‘Migrante waren an der Nuecht op e Samschdeg mat hire Booter an internationale Gewässer virun de libescher Küst bemierkt ginn.

Laut der Organisatioun „Alarm Phone“ sollen d‘Migranten an en europäeschen Hafe gefouert ginn. Déi italienesch Autoritéite wieren entspriechend informéiert ginn. Déi hunn sech zur Stonn nach net zum Fall geäussert. Si haten e Freideg der Alan Kurdi an der Ocean Viking en Hafen zougewise fir déi aus Séinout gerett Migrante kënnen u Land ze bréngen.

FrachtschëffWann oft a vill vun den ONGe rieds ass, déi mat hire Rettungsschëffer geziilt no „Nossschuelen“ mat Migrante sichen, esou ass wéineg bekannt, datt d‘Frachtschëffer déi um Mëttelmier ënnerwee sinn, zanter 2014 ronn 84.000 Migranten aus hire Booter opgeholl hunn. Am stäerkste betraff sinn italienesch Schëffer, seet de Verband vun de Reedereien.

Dëse Verband verlaangt elo vun der Regierung, datt si fir Kloerheet suergt, wat d‘Uwennung vun italieneschen an internationale Regele a Saache Rettungsflicht um Mier ugeet. Italien wëll dat mat Libyen 2017 beschlosse Kooperatiounsofkommes bei Migratiounsfroe verlängeren. Et sollen dann awer eng Rei „Aspekter“ vum Ofkommes verännert ginn.

Wéi dat ugesiichts dem „politesche Muechtsvakuum“ a Libyen soll goen? Roum jiddefalls fuerdert eng Kommissioun mat Memberen aus béide Länner an. Fir den italieneschen Ausseminister, Luigi di Maio, steet jiddefalls fest, datt d‘Ofkommes mat Libyen net gekënnegt gëtt, wéi et widderholl vun den ONGe gefuerdert gëtt.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Flüchtlingspolitik, Frachtschëff, Italien, Libyen, Mëttelmier, Migratioun, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel