Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat
Neiegkeeten

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat

Well de Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff
Neiegkeeten

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff

Déi iresch „low-cost“ Fluchgesellschaft Ryanair huet gëschter misse bekannt ginn,

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag
Neiegkeeten

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag

E Méindeg huet den LCGB matgedeelt, datt et de 15.

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

Den Aktivitéitsbericht vun der ITM fir 2019 beweist et: Hei gëtt vill geschafft!

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den Direkter vun der ITM (Aarbechtsinspektioun) Marco Boly, den Aktivitéitsbericht vun 2019 virgeluecht. Dëse Rapport enthält vill interessant Informatiounen an en éischte Fazit léist de Schluss zou, datt hei kee Beamten sech gelangweilt huet.

Dat huet zum engen domadder ze dinn, datt den Aarbechtsëmfang enorm zougeholl huet, an zum aneren, datt et och ëmmer méi ze kontrolléiere gëtt. D‘ITM huet 2019 iwwer 260.000 Demanden traitéiert, 5.682 Kontrollen duerchgefouert an net manner wéi 1.274 Protokoller fir ganzer fënnef Milliounen Euro ausgestallt. Dat alles huet awer och eng Rei Erkenntnisser mat sech bruecht.

Esou stellt ee fest, datt besonnesch am Kontext vum „detachéierten Aarbechter“ nach villes am Uerge läit. 52.840 Detachement-Deklaratiounen hunn der Aarbechtsinspektioun virgeleeën an zesumme mat der Douane sinn 3.540 Kontrollen (dovunner 586 ouni Umeldung) duerchgefouert ginn. Géintiwwer 2018 ass dat eng Hausse vu ronn 55%. Dat wierkt sech och op d‘Verstéiss aus.

Esou huet et fir auslännesch Entreprisen insgesamt 2.555 Unuerdnunge ginn sech a Konformitéit mat de Gesetzer ze setzen. 1.036 friemlännesch Entreprisen hunn hir Situatioun „regulariséiert“. Trotzdeem sinn 980 administrativ Amende fir en Total vu 4,2 Milliounen Euro ausgestallt ginn, dat well sech dës Entreprise eppes vill Zäit gelooss hunn, den Awänn vun der ITM Rechnung ze droen.

ITM2018 gouf jo och extra de Service „Detachement“ bannent der ITM geschafen, fir besser op dës Spezifizitéit agoen ze kënnen. Wann et schonn net ganz einfach, déi laang Detachementer ze kontrolléieren, esou gëtt dat bei „kuerzen Asätz“ nach méi problematesch, well oft verhält et sech esou, datt bis d‘Aarbechtsinspektioun kann agräifen, hunn dës Entreprisen d‘Land längst verlooss.

An och soss war vill Lass. D‘Personal ass opgestockt ginn an et sollen nach weider Inspekter rekrutéiert ginn. Dären hir Zuel huet sech zanter 2016 bal verduebelt, wat natierlech derzou bäidréit, datt méi – besonnesch um Terrain – ka kontrolléiert ginn. Den Aarbechtsminister ass hei dann och zouversiichtlech, datt dëse Rekrutement bis Enn vum Joer kann ofgeschloss ginn.

Den Dan Kersch huet sech och mat de Kontrollen am Kader vun der Reprise vun de Chantiere beschäftegt. Hei wier d‘Haaptaufgab vun den Inspekter, d‘Kontroll vun der Ëmsetzung vun de Schutzmoossname gewiescht, esou wéi se am groussherzogleche Reglement wärend dem Etat de Kris festgeluecht goufen. Déi wieren zimmlech gutt agehale ginn an dat soll och esou bleiwen.

Et wiel wuel richteg, datt mam Enn vum Noutstand, déi am Reglement enthalen Obligatiounen elo nach „just“ Recommandatioune sinn, wat awer net bedeite soll, datt d‘Entreprisen an d‘Aarbechter elo nees de Rimm kéinte labber maachen. De Minister warnt: sollten d‘Leit sech net verantwortlech behuelen, net géif gezéckt ginn, fir ee Gesetz ze maachen, fir d‘Vernonft ze erzwéngen.

Foto: (v.l.n.r.) Den Direkter vun der ITM, Marco Boly, den Aarbechtsminister Dan Kersch. © ITM

Ähnlech Sujeten Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsminister, Aktivitéitsbericht 2019, Dan Kersch, ITM, Marco Boly
Nächsten Artikel Virrechten Artikel