Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?
Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“
Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“
Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten
Och d‘Haaptstad huet massiv ënnert der Covid19-Pandemie gelidden, mee lues
Nieft de scho säit längerem bestoende permanente Wanderweeër, so wéi der IVV-Wäertung vum Mëllerdall-Trail an Escaprdenne besti säit e puer Deeg och weider Méiglechkeete fir offiziell Participatiouns-a Kilometerwäertungen ze wanderen.
An Zesummenaarbecht mam Tourismusministère, der CFL, der Gemeng Jonglënster mat de Lënster Trëppler, sou wéi de „Frënn vum Camino de Santiago de Compostela“, besteet d’Méiglechkeet op de verschidde Wanderweeër, wéi och den Auto-Pédeste, dem Rail&Trail vun der CFL, de J-Wanderweeër an a ronderëm Jonglënsert, sou wéi um Camino Lëtzebuerg ze wanderen an dobäi zousätzlech IVV-Wäertungsstempel ze sammelen.
Mëllerdall Trail-Cup, Escapardenne, Jonglënster Trëppel-Cup, FLMP-CFL Rail & Trail-Cup, FLAMP-Auto-Pédestre Luxembourg-Cup oder den FLMP-Camino Luxembourg-Trail sinn déi nei Offeren nieft den 21 bestoenden, traditionellen FLMP-Permanante Wanderweeër.
All Wanderer wielt säi Standuert nom eegene Choix a, jee no Streck a Reglement, zeechent hie seng Wanderung an enger sougenannter Wander-App op oder mécht Kontrollfotoen ënnerwee. Et besteet keng Zäitlimit, sou datt all Trails onbegrenzt gewandert kënne ginn.
Belount ginn all Participanten no Ofschloss vun der jeeweileg virgeschriwwener Etapp vun de verschiddenen Trail mat engem Diplom, sou wéi Patches an den dozou passende Wäertungsstempel vum IVV.
Eng nei Erausfuerderung am digitale Beräich fir all Wanderfrënn. An dësen aktuellen Zäiten, wou d’Organiséiere vun IVV-Wanderungen enorm schwiereg ass, soll dëst en Ausgläich zu dësen dach immens vermëssten Organisatioune sinn.
Informatiounen an Aschreiweméiglechkeete fannt Dir op der FLMP-Internetsäit www.flmp.lu ënnert der Rubrik Cups/Trails, sou wéi am FLMP-Sekretariat (flmp@pt.lu).
Matgedeelt vun der FLMP
Opmaacherbild: © Emma Van Sant / Unsplash