Search

You may also like

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht
Neiegkeeten Sport

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht

An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun,

Peking setzt Sécherheetsgesetz fir Hong Kong ëm
Neiegkeeten Sport

Peking setzt Sécherheetsgesetz fir Hong Kong ëm

Um haitegen Dënschdeg huet de stännegen Ausschoss vum Vollekskongress dat

Loscht op e gudde Pättche Wäin?
Neiegkeeten Sport

Loscht op e gudde Pättche Wäin?

Wann de ganze Summer iwwer a villen Dierfer déi lokal

IVV-Wanderungen: Et gëtt se nach!

IVV-Wanderungen: Et gëtt se nach!

Wéinst der Pandemie an den domat zesummenhänkenden Aschränkunge konnte wärend Méint keng traditionell IVV-Wanderungen organiséiert ginn. Wanderen eleng war natierlech méiglech, mee a Gesellschaft mécht dat Ganzt jo vill méi Spaass! Aus dësem Grond huet d’FLMP sech all Méi gemaach, fir no neie Méiglechkeeten a Léisungen ze sichen, sou datt déi beléift Wanderungen nees stattfannen dierfen.

Um 15. August, dem Nationale Wanderdag, huet de Lëtzebuerger Wandersportverband, nei Méiglechkeete proposéiert: Nieft enger Streck, déi op der Plaz markéiert war, kann een och mat Wander-Apps déi villfälteg Panoplie u Strecken uechtert d’Land entdecken.

Well dëse Modell esou gutt ukomm ass, hunn d’FLMP-Veräiner decidéiert nees richteg IVV-Wanderungen unzebidden, deelweis souguer mat Catering am Kader vun de bestoenden Horeca-Reeglementer. Esou ginn et op der enger Säit Strecken vun 5 an 10 km, wéi och méi laang Strecken iwwert d’Wander-App.

Bis zum Joresenn si folgend IVV-Wanderunge bestätegt:

  • 04.10.2020: Hiefenech
  • 11.10.2020: Lëntgen
  • 25.10.2020: Jonglënster
  • 08.11.2020: Keel
  • 29.11.2020. Hamm
  • 06.12.2020. Préizerdaul
  • 12.12.2020: Lëtzebuerg Stadverwaltung
  • 27.12.2020: Biereng

Weider Informatiounen zu den Evenementer a weider Wanderméiglechkeete ginn et op www.flmp.lu.

Opmaacherbild: © Callistus / Unsplash

Related topics FLMP, IVV-Wanderungen, Programm, sanitär Moossnamen, Sport, Trëppele, Wander-App
Next post Previous post