Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf
International Neiegkeeten

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an

Eng lieweg Konscht eruewert Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Eng lieweg Konscht eruewert Lëtzebuerg

De leschte Weekend am Zeeche vum Tattoo, datt op mannst

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?

Nodeems mer ugangs der Woch schonn an de Kanton Iechternach

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
(v.l.n.r.) Pierre Gramega, Lëtzebuerger Finanzminister; Nicolas Dujovne, argentinesche Finanzminister © MFIN
IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
(v.l.n.r.) Pierre Gramega, Lëtzebuerger Finanzminister beim IWF Constituency Meeting zu Washington DC© MFIN
IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
(v.l.n.r.) Pierre Gramega, Lëtzebuerger Finanzminister; Kun Liu, Finanzminister vun der populärer Républik China zu Washington DC © MFIN

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den 13. Abrëll 2019 an der US-amerikanescher Stad Washington, fir hei un der Fréijoerssitzung vum Internationale Währungsfong (IWF) an der Weltbank deelzehuelen.

Eent vun den Haapttheme vun der Reunioun war de Kampf géint de Klimawandel – fir ganz prezis ze sinn déi nohalteg Finanzen, ee Beräich, an deem Lëtzebuerg als Referenz um weltwäiten Niveau unerkannt ass. Fir dës Positioun nach weider ze stäerken huet de Pierre Gramegna d’Initiative iwwerholl, fir ee Seminaire zum Thema „Let’s make it happen! The role of financial centres in promoting strong, sustainable and balanced growth“ ze leeden.

Bei dësem Evenement huet och den John Berrigan, stellvertriedende Generaldirekter vun DG FISMA, de Marcos Ayerra, President vum inter-amerikaneschen Nationalcomité an IOSCO, d’Satya Tripathi, stellvertriedend Generalsekretärin vun UN Environmentan de Stephen Nolan, Direkter vun International Network of Financial Centres for Sustainability (FC4S) deelgeholl. An dësem Kader huet de Minister Gramegna den Accord mat FC4S ënnerschriwwen, sou datt hir Aktivitéite finanziell ënnerstëtzt ginn. Bei senger Ried huet hien och d’Moossnamen ervir gehuewen, déi bis ewell schonn ënnerholl gi sinn, sou wéi de Wee zu den nohaltege Finanzen. Heivir musse weltwäit nach grouss weeweisend Schrëtt ënnerholl gi, fir déi néideg Fongen zur Verfügung ze stellen, sou datt ee géint de Klimawiessel ukämpfe kann.

© MFIN

Vir dëse Gedanke virun ze féieren huet de Pierre Gramegna bei der Initiative „ Coalition of Finance Ministers for Climate Action“ deelgeholl, déi vum Finanzminister aus Finnland an Chile co-presidéiert ginn ass. Dës Aktioun, déi och vun der Europäescher Kommissioun ënnerstëtzt gëtt, stäipt sech op de 6 fundamentale Sailen, wou och de Paräisser Accord dozou gehéiert.

De Grand-Duché huet och säi finanziellen Engagement bei der multilateraler Kollaboratioun am Beräich Steiere verstäerkt. Dës Approche gliddert sech an de Lëtzebuerger Prinzip vum „level playing field“ um internationalen Niveau an. Esou huet Lëtzebuerg sech mat der Europäescher Kommissioun, Frankräich, Italien, Däitschland, den USA, Japan, der Belsch, Schweden, Holland a Kanada zesumme gedoen, fir den IWF, d’OECD, déi Vereenten Natiounen an de Grupp vun der Weltbank dozou ze bréngen, hir Koordinatioun ze stäerken an d’Mobilisatioun vun den nationale Ressourcen duerch d’Plattform PCT, déi am Abrëll 2016 erstallt ginn ass, ze realiséieren. Duerch déi steigend Wichtegkeet vum Steierwiesen am Beräich vun der Realisatioun vun der nohalteger Entwécklung an de Vereenten Natiounen ass et eng vun de wichtegsten Aufgabe vun der Plattform, den technesche Rot vun den Entwécklungslänner, déi versichen hir Kapassitéiten ze stäerken an international Standarts opzestellen, besser anzebezéien.

Ee risegt Treffen

Bei der bilateraler Entrevue ass de Pierre Gramegna och op de Günther Schönleiter, exekutiven Direkter vun der Weltbank an den Anthony De Lannoy, exekutiven Direkter vum IWF, de Poul Thomsen, Direkter vum europäeschen Departement vum IWF an de Vitor Gaspar, Direkter am Steierwiese vum IWF getraff, fir esou iwwert d’Neiegkeete vun den Organisatiounen an déi makroekonomesch Situatioun an Europa ze diskutéieren.

Uschléissend huet hien nach de Ross Leckow, stellvertriedende juristeschen Direkter vum IWF an en Charge mat de Fintech-Dossieren, de virtuelle Suen an der Cybersécherheet, getraff, fir iwwert déi lescht Entwécklungen an dësem Beräich ze schwätzen. Lëtzebuerg war iwwregens duerch de consultative Comité vum IWF vertrueden. Natierlech huet de Finanzminister Gramegna bei sengem Besuch vu weidere bilateralen Entrevue mat sengen Homologe profitéiert.

No engem Treffen am Januar tëscht dem Xavier Bettel an dem Neiséilännesche Finanzminister Grant Robertson war et elo um Lëtzebuerger Finanzminister, fir op dës wichteg Perséinlechkeet ze treffen. An éischter Linn ass dorëm gaangen, déi bilateral Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an Neiséiland ze stäerken. Um Schluss war nach eng Reunioun mam Nicolas Dujovne, argentinesche Finanzminister geplangt.

Ähnlech Sujeten Finanzminister, Internationale Währungsfong, Pierre Gramegna, Washingotn DC, Weltbank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel