Search

You may also like

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer
Neiegkeeten

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer

Bei engem zolitte Gefecht an der Uertschaft Villa Union si

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?
Neiegkeeten

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss,

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren
Neiegkeeten

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren

Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn zielen – dat bestätegen nei Date vun der nationale Weltrauminstitut INPE. De President Bolsonaro beschëllegt Ëmweltschützer, datt si fir d’Feier verantwortlech sinn, fir hien a senge wirtschaftleche Pläng ze stéieren. Momentan herrscht a Brasilien de schlëmmste Groussbrand säit 7 Joren.

De gréisste Reebësch vun der Welt ass gläichzäiteg och de gréissten CO2-Späicher op eisem bloe Planéit. Duerch d’Ofholzung, Iwwerflutungen an elo de Bränn vu grousse Flächen an dëser Regioun geet genau dës noutwenneg Späicherplaz verluer. De Paulo Moutinho vum Ëmweltfuerschungsinstitut fir den Amazonas-Reebësch erkläert, datt oft express grouss Gebidder am Amazonas zerstéiert ginn, sou datt méi Plaz fir Felder entsteet oder d’Holzindustrie profitéiere kann. Virun allem an Drécheperiode kann sech ee geluechtent Feier rapid ausbreeden.

Amazonas

© NASA

Zënter dem Januar 2019 huet d’Zuel u Feier an Entwaldung duerch d’Flamen a Brasilien, am Verglach zum vergaangene Joer, ëm 83 % zougeholl, sou d’Zeitung Folha de S. Paulo. Am Ganze konnten 72.843 Bränn registréiert ginn, woubäi nieft privat Flächen och Naturschutzgebidder betraff waren. Eigentlech soll et am Reebësch net zu engem natierlechen Ausbroch vu Feier komme kënnen. D’Ursaach ass einfach de Mënsch.

Grav Situatioun fir Brasilien

An der Regioun vum südamerikanesche Reebësch breet sech momentan dat gréisst Feier säit Joren aus a bedreet net nëmmen de Mënsch, d’Flora an d’Fauna, mee och dat gesamt Weltklima. A verschiddene Regiounen huet mëttlerweil den Noutstand missen ausgeruff ginn. Besonnesch Mato Grosso a Paro sinn extrem staark vun de Flame betraff. Riseg Dampwolleken zéien a Richtung Sao Paulo a souguer iwwert d’Grenzen hinaus a Paraguay an Argentinien.

Weltwäit hu sech dausende Mënschen an zuelräich Ëmweltschutzorganisatiounen zesumme gedoen, fir an de soziale Medie mam Hashtag #PrayForAmazonia (#RezaPorLaAmazonía) op de Problem opmierksam ze maachen. Donieft werfen si dem President ee grausamt Verbrieche géint d’Ëmwelt fir. Déi gréng Long vun der Äerd géif hien aus wirtschaftleche Grënn affere wëllen.

Amazonas

Kritik um Jair Bolsonaro

Vergaange Regierungen hu sech agesat, fir d’Entwaldung, beispillsweis duerch Strofen, ze reduzéieren. Mam Amtsuntrëtt vum Här Bolsonaro huet sech dat geännert. Mëttlerweil huet hiensouguer Ëmweltschutzorganisatiounen dës ëftere virgeworf, si géifen seng Pläng fir de wirtschaftlechen Ausbau vum ganze Land behënneren.

Eréischt am Juli huet hie kloer ze verstoe ginn: „De Reebësch gehéiert eis, net iech!“. Als President soll dat him wuel d’Recht gi mat aggressive Moossname géint d’Natur goen ze wëllen. Dës weideren erkläert hien, datt seng Regierung versicht de wirtschaftleche Fortschrëtt an de Schutz vum Reebësch an Eeklang ze bréngen. „Dir wäert am nërdlechen Amazonas keen een Hektar ofgebrannte Fläch fannen.“

Brasilien

Esou deelt de President um Mëttwoch mat: „Mir huelen den Netregierungsorganisatiounen d’Subsiden ewech, mir hunn d’Iwwerweisunge vun der Regierung agestallt. Elo feelen hinnen d’Suen.Et kann also sinn, datt dës Organisatioune géint mech perséinlech an déi brasilianesch Regierung virginn. Dat ass de Krich, an dem mir eis befannen.“

D’Géigesäit kritiséiert dem President seng Visiounen an Aktiounen a maachen hien fir d’Ofholzung vun der grénger Long verantwortlech. Säit Juli sinn nämlech 2254 Quadratkilometer Reebësch zerstéiert ginn, wat 3 bis 5 Mol méi ass wéi am August vun de Jore virdrun, sou den Ëmweltfuerschungsinstitut.

Amazonas

D’Gravitéit vum Feier weisen Opnamen aus São Paulo an der Ëmgéigend. D’Biller op Facebook, Twitter a Co weisen den Himmel an donkelem Gro a Schwaarz. Wéi BBC matdeelt, sollt et duerch den Damp an der Milliounemetropol souguer zum Stroumausfall komm sinn.

Opmaacherbild: Satellitenopnamen vun der NASA © NASA

Related topics Amazonas, Brasilien, Ëmweltschutz, Feier, Groussbrand, Jair Bolsonaro, Klima, NASA, Reebësch
Next post Previous post