Search

You may also like

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten
Neiegkeeten

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten

Wien u Konscht an all senge Formen interesséiert ass, sollt

Opgepasst: En neie Formulaire fir de Congé aus familiäre Grënn
Neiegkeeten

Opgepasst: En neie Formulaire fir de Congé aus familiäre Grënn

Säit dem Méindeg hunn sech d‘Reegele fir d‘Obtentioun vum Congé

Steesel féiert de Weltbuchdag
Neiegkeeten

Steesel féiert de Weltbuchdag

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am

Iwwerall loossen si hiren Dreck leien

Op eidel Béierfläschen oder d‘Verpackung vun Iessbarem, jo esouguer Gesiichtsmasken… am Mëllerdall fënnt ee vun allem

Iwwerall loossen si hiren Dreck leien

Den Natur- a Geopark Mëllerdall (NGPM) ass wuel net déi eenzeg Plaz am Land, déi vun esou munch komesche Gesellen als Poubelle betruecht gëtt. Zanter enger Rei Joren, gi vill Ustrengungen ënnerholl, fir dëst regional Pärel am internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparks opgeholl ze kréien. An dëse Summer sollten nach emol Experten e Bléck op dat ganzt werfen…

Virun ee puer Deeg huet de Fotograf Christophe Van Biesen op senger Facebooksäit geschriwwen, datt hien an der Géigend vu Konsdref Touriste begéint ass, déi ganz onbekëmmert hire Knascht an der Natur entsuergt hunn. Beim Hiwäis, datt een esou Topegkeete gefälleg ze ënnerloossen huet, ass dem Fotograf entgéint ginn, datt si datt net géif këmmeren. Eng Tendenz déi zouzehuele schéngt.

Dreck

© Christophe Van Biesen / Facebook

Laut sengem Post, an deem hie richteg feststellt, datt déi „kléng Lëtzebuerger Schwäiz“ mat sengen Trëppelweeër zu de Pärele vum Land gehéiert, wann et ëm Natur & Ëmwelt geet, kéint ee mëttlerweil keng zéng Meter méi maachen ouni Knascht ze gesinn, deen do iwwerhaapt näischt verluer huet. An hien ass als Fotograf éischter op den net esou populäre Weeër ënnerwee…

En Denkustouss dee net vu Muttwëll ass

Wann de Christophe Van Biesen dann och net mam Fanger op eng „besonnesch“ Zort Mënsche wëll weisen, an et jo bekanntlech och därer gëtt, deenen een alles muss ganz genee erklären, esou hält hien et fir noutwenneg entspriechend Hiweiser op de Wanderweeër opzestellen, an deenen d‘Leit drop higewise ginn, datt et ënner Strof verbueden ass, Dreck an der Natur ze entsuergen.

DreckNet ganz verkéiert ass hei och de Virschlag, op de gréissere Parkplazen ëffentlech Toiletten an Dreckskëschten opzeriichten. A jo, wann et där gëtt, wäert och där Idiote ginn, déi d‘Toilette verschandelen an därer déi mengen datt, dës Dreckskëschte fir de private Gebrauch do sinn. De Mënsch gëtt jo ëmmer méi bequem, a leider net wierklech méi gescheit. An awer…

Seng Propose eng Campagne „Hannerlooss keng Spueren“ ze organiséieren, wéi dat op aner Plazen an der Welt gemaach gëtt, sollt een tatkräfteg ënnerstëtzen. Op Island, mee och an amerikaneschen Naturparken hunn sech esou Campagnë jiddefalls bewäert. De Problem ass dem ORT Mëllerdall dann och bekannt, a vun der ANF gi verstäerkt Kontrolle gemaach. Léisungen awer brauchen Zäit.

Opmaacherbild: Och de Schéissendëmpel mat sengem Waasserfall am Ënnerlaf vun der Schwaarzer Iernz, wou sech besonnesch vill Touriste gären ophalen, bleift vum Dreck net verschount. Et ass anscheinend och egal, datt falls een erwëscht gëtt, esou eppes richteg deier ze stoe ka kommen. De Mënsch an de Verstand zesummenzebréngen, och dat war scho méi einfach … © Cédric Letsch / unsplash

Related topics Hannerlooss keng Spueren, Leave no Trace, Naturschutz, ORT Müllerthal, Petite Suisse
Next post Previous post