Search

You may also like

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!
International Neiegkeeten Stories

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!

Ab haut dierf an de Quartieren Hamm a Polvermillen just

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht
International Neiegkeeten Stories

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht

Et steet een um Quai ze waarden. Et ass kal,

Demonstratioune lafen aus dem Rudder
International Neiegkeeten Stories

Demonstratioune lafen aus dem Rudder

Zu London an zu Paräis gouf e Samschdeg, wéi op

Et gëtt ze vill Krisen an der Kris

Haislech Gewalt: zu Lëtzebuerg nach ëmmer en Tabu-Thema? D‘Germane gi besser domat ëm

Et gëtt ze vill Krisen an der Kris

Zanter dem Etat de Kris versicht d‘Redaktioun sech en Iwwerbléck zur haislecher Gewalt an der Gewalt an de Partnerschaften ze verschafen. Et gëtt gemauert, vertréischt an „agehaangen“ wann d‘Froen nees ze konkret ginn. Bei eisen Noperen ass een anescht domadder ëmgaangen, bei eis ass zumindest eng Hotline ageriicht ginn. Elo huet Däitschland seng Zuele fir 2019 virgeluecht…

Hëlt ee sech dem Rapport un, deen d‘Bundesfamilljeministesch Franziska Giffey (SPD) gëschter presentéiert huet, kann et engem kal de Réck eroflafen. Streng statistesch betruecht, ass bei eisen däitschen Noperen am Joer 2019, all drëtten Dag eng Fra vun hirem Partner/Ex-Partner ëmbruecht ginn. All 45 Minutten ass eng Fra aktiv vum Partner/Ex-Partner ugegraff an/oder verletzt ginn.

Zanter 2015 klammen d‘Zuele vun haislecher Gewalt an der Bundesrepublik. 2019 sinn 117 Fraen an 32 Männer duerch Sträit an der Bezéiung ëm d‘Liewe komm. Versichte Mord gouf et bei 301 Fraen an 93 Männer. Alles an allem sinn an der Policestatistik iwwer 141.000 Affer registréiert ginn (dat sinn 0,7% méi wéi 2018). Véier vu fënnef Affer vun haislecher Gewalt si „weiblech“.

An hei sinn sech d‘Experten, d‘Sozialaarbechter um Terrain an d‘Politik erstaunlecherweis och nach doriwwer eens, datt dës „Statistik“ nëmmen eng ganz kleng Fënster op den tatsächlechen Zoustand opmécht. De President vum Bundeskriminalamt, Holger Münch, léisst keen Zweiwel opkommen, datt d‘Donkelziffer an dësem Beräich wäit iwwert deene vun der Statistik ugebuedenen Zuele läit.

Esou géifen tëscht 75 a 80% vun de Fäll guer net Aktekundeg, well d‘Affer aus ville verschiddene Grënn (Angscht, Ofhängegkeet, Schimmt) sech net bei den Autoritéiten ze erkenne ginn. Trotzdeem schéngt et eng gréisser Bereetschaft ze ginn, d‘haislech Gewalt bei der Police ze mellen. An dat war virun der Covid19-Pandemie. Déi sanitär Kris huet d‘Situatioun dann och verschlëmmert…

Esou eppes gëtt et bei eis net

Wann dann eis germanesch Noperen dann och nach drop hiweisen, datt déi sanitär Kris d‘Lag wuel éischter verschlëmmert huet, da sollt et erlaabt sinn nozefroen, wéi et dann elo hei zu Lëtzebuerg mat der haislecher Gewalt ausgesäit, wat gemaach gëtt fir Affer ze hëllefen, se ze schützen. Mee do stéisst een hei nëmmen op zouen Dieren. Kee wëll sech positionéieren, Stellung ergräifen…

Interessant, wann ee bedenkt, datt (ausser déi bannenzeg Sécherheet) all déi zoustänneg Ministère vu Frae geleet ginn: Familljeministère, Corinne Cahen (DP); Inneministère, Taina Bofferding (LSAP) a Justizministère, Sam Tanson (déi gréng). An déi schéngen tatsächlech drop beduecht ze sinn, ee Bild ze vermëttelen, laut deem et „esou eppes bei eis net gëtt“. Dat ass leider net de Fall.

Et ass natierlech richteg, datt et kleng Aussokräfteg Zuele gëtt, wouhier sollten se komme wann et do kee gëtt dee se erhieft? Anersäits ass awer och am Kontext vun der Gewaltfuerschung gewosst, datt Stress zu méi Gewalt féiert. Elo sollt et och jidderengem verständlech sinn, datt deen duerch d‘Covid19-Pandemie erbäigefouerte Stress, éischter zu méi Gewalt féiert. An déi erkennt een net.

Dat ass dem Ëmstand geschëlt, datt duerch de Confinement, déi sozial Distanz a wuel och den Télétravail, déi sozial Kontakter ofgeholl hunn, an esou déi ugewannte Gewalt wesentlech manner Siichtbar ass. Et gëtt jo och net bestridden, datt d‘haislech Gewalt (och géinteniwwer de Kanner) an der Quarantaine méi present ass. Mee et schéngt wéi wann een dat fatalistesch géif hinhuelen.

Iergendwann muss der iech rechtfäerdegen

Wann also bei eisen däitschen Noperen d‘Lag zimmlech däitlech ass, och eis franséisch Noperen eng inakzeptabel Zounam un haislecher Gewalt notéieren an déi belsch Autoritéiten nei Weeër gi fir dëser Gewalt ze begéinen, dat sollt et méiglech sinn – schliisslech hu mir d‘Trennung vu Kierch a Staat vollzunn – Zuelen op den Dësch ze leeën a Proposen ze maache wéi et soll weidergoen.

D‘Offer vun der „Hëllef“ an den Internet ze verlageren, oder d‘Installatioun vun „Hot-Lines“ wou sech Affer kéinten hëllefe loossen, hunn alleguerten de groussen Nodeel, datt hei déi Affer, wou „streng gehale“ ginn, oft guer net d‘Méiglechkeet hunn, esou eng Mesure ze notzen. Woubäi jo hei virausgesat gëtt, datt d‘Affer schonn all déi virecht Hürden iwwerwonnen huet. An awer…

All Instrument dat den Affer zur Verfügung gestallt gëtt, ass gutt a muss erhale bleiwen. Mee et brauch och d‘Informatioun, vläicht esouguer eng méi proaktiv Virgoensweis, esou wéi dat vum däitsche Fraerot gefuerdert gëtt. „Fraen hunn an der Quarantaine/Isolatioun kee Raum fir Hëllef ze ruffen, well de Partner permanent present ass an esou seng Kontroll voll ausübe kann“, esou de Rot.

Et ass also och wichteg, datt wann een a sengem sozialen Ëmfeld vun esou Gewalt weess, dat net fir sech behält. Mee et ass een zu Lëtzebuerg, deem Land wou sech jidderee kennt a wou ee sech net wëll „an Däiwelskiche“ beginn. Och déi zoustänneg Ministeschen net, jo net emol d‘Chamber hëlt sech dësem Problem eeschthaft un, och wann d‘Pirate mat déi lénk do éischter positiv opfalen.

Illustratioun: An enger Partnerschaft sollt ee sech gebuergen a sécher fillen. Ass deem net esou ka vu Partnerschaft net riets sinn, Punkt! Sécherheet an der Partnerschaft ass awer nëmme méiglech, wann d‘Ëmwelt opmierksam ass an d‘Politik déi richteg Instrumenter bereethält. Dat geet nees och nëmmen iwwer Ëffentlechkeetsaarbecht, an do happert et bei eis zolidd. © Serge van Neck / unsplash

Related topics Covid19, haislech Gewalt, Pandemie, Police, Politik, Quarantaine, Schutzbedierfteg, Stress
Next post Previous post