Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
Neiegkeeten

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!
Neiegkeeten

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) muss feststellen, datt ëmmer méi Verbraucher

D’Kand beim Numm nennen
Neiegkeeten

D’Kand beim Numm nennen

Falls et an de vergaangene Méint net offensichtlech genuch gewiescht wier, huet

Iwwerfall an ausgeraibert

Iwwerfall an ausgeraibert

An der Helleggeescht-Strooss sinn um spéiden Donneschdegnomëtten (17.25 Auer) zwee jonk Männer fir d‘éischt „ugeschwat“ an du carrement agresséiert ginn. D‘Police huet de Virfall um Freidegmuere bekannt gemaach.

Entspriechend dëser Matdeelung wieren d‘Affer an der Helleggeescht-Strooss vun onbekannte Persounen ugeschwat ginn. No engem „verbalen Echange“ sollen déi vermeintlech Täter zum eigentleche Punkt vun hirer „Interventioun“ komm sinn, an hätten den Affer hir Wäertsaachen ofverlaangt, wat zu enger physescher Ausenanersetzung gefouert huet.

Bei dëser Handgräiflechkeet ass et engem vun de Brigange gelongen, de Rucksak vum engem vun de zwee Männer ze ergräifen. Gléck am Ongléck fir d‘Affer, dëse Virfall war net onbemierkt bliwwen. Aus engen nogeleeëne Bistro ware Clienten, deenen d‘Aggressioun opgefall war, de jonke Männer zu Hëllef komm. D‘Brigangen hunn sech dorops hin an verschidde Richtunge verfuusst.

An hei wier d‘Saach och scho bal – wéi dat bei esou Affäre leider allze oft de Fall ass – „erleedegt“ woubäi den Zoufall den Affer sollt entgéint kommen. Wéi béid Männer Owes op der Gar den Zuch huele wollte fir heemzefueren, hunn déi net schlecht gestaunt, een vun den Aggressoren um Quai erëmzëerkennen. Si hunn dat eenzegt richtegt gemaach an de Sécherheetsdéngscht informéiert.

Dësen huet de Verdächtegen du mat op de Policebüro geholl, wou de Brigang d‘Dot agestanen huet an och dem Besëtzer ouni grouss Wierder ze verléiere säi Rucksak ausgehänndegt huet. Firwat hei d‘Police – trotz engem „Déifstall mat Tätlechkeet“ – nëmmen ee Protokoll erstallt huet, dierft fir Gespréich suergen, grad wou jo de Garer-Quartier, nach rezent eppes an d‘Schlagzeile gerode war.

Zudeem wier et jo an dësem Fall och net onerhieflech ze wëssen, ob d‘Police no dem Brigang senge Komplize sicht. Dat geet leider net méi aus der kuerzer Matdeelung ervir. Ze begréissen ass dann awer den Zivilcourage vun de Clienten aus dem Bistro, wéi och d‘Feststellung, datt béid Affer bei dësem Ugrëff net blesséiert goufen. Ob et hei ëm „Beschafungskriminalitéit“ gaangen ass?

Schonn eng Aggressioun um Mëttwoch

An dësem Kontext muss nach op ee gewaltsamen Déifstall um Mëttwochmueren (7 Auer) an der Garer-Avenue higewise ginn. Wéi et säitens der Police matgedeelt gouf, hunn zwee Täter enger Persoun d‘Kette vum Hals gerappt, dës du mat Fläsche beworf iert se sech duerch d‘Bascht gemaach hunn. D‘Persoun huet de Virfall direkt bei der Police gemellt.

Vum Kommissariat huet dat opgeholl an et goufe Beamte mat der Sich no de Brigange beoptraagt. Zwou Persounen déi der Beschreiwung entsprach hunn, konnte kuerz drop an der Stroossbuerger-Strooss vun de Polizisten ugehalen a mat op de Büro geholl ginn. Hei goufen si unhand den Ermëttlungen als Dotverdächteg identifizéiert ginn. Déi geklaute Ketten haten si net (méi) derbäi.

Am Géigesaz zum virecht genannte Fall, ass dës Dot net einfach protokolléiert ginn, mee d‘Police huet de Virfall mam Procureur ofgekläert. Dësen huet d‘Verhaftung vun den der Dot verdächtegen zwee Männer ugeuerdent. Laut der Police sinn dës schänterlech Gesellen nach de selwechten Dag dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn. Ob si an de Prisong geschéckt goufen ass net gewosst.

Illustratioun: © Raashid Ahmed / unsplash

Ähnlech Sujeten Déifstall, Garer Quartier, Garer-Avenue, Helleggeescht-Strooss, Iwwerfall, Police, Procureur, Untersuchungsriichter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel