Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
International Neiegkeeten

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil
International Neiegkeeten

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil

Bei der Virstellung vum Joresbilan vun der CFL waren nëmmen

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
International Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Se ware maskéiert, mat Aaxte bewaffent an hu fir „iwwer 4 Milliounen Euro“ Bijoue matgoe gelooss: fënnef Männer hunn ee Mëttwoch e spektakulären Iwwerfall am weltbekannte Paräisser Hotel RITZ duerchgefouert. Dräi Brigange goufe kuerz no der Dot festgeholl.

Gëschter Owend géint hallwer siwen, dréngen zu Paräis op der Vendôme-Plaz fënnef Mann an den Hotel. Mat hiren Aaxten zerschloen se d’Vitrinnen, gräifen sech d’Bijouen a maachen sech duerch d’Bascht. „Bekannte Bijoutiere stellen hir Kreatiounen an de Vitrinne vum Ritz aus“ erkläert d’Police. Enger éischter Meldung no, léich de Wäert vun de geklaute Bijoue bei iwwer véier Milliounen Euro.

„Mir hu Kaméidi héieren a schrecklecht Gedeessems op der Strooss. Passanten hunn sech aus Aangscht am Hotel verschanzt. Mir woussten op de Moment net wat do geschitt, bis een eis gesot huet datt et en Iwwerfall ginn huet“, esou en Employé vum Hotel géintiwwer der AFP. E weidere Mataarbechter huet gesot, dat hien e Moto gesinn huet, dee wéi vun der Tarantel gestach, de falsche Wee duerch d’Cambon-Strooss – hannert dem Ritz – gerannt ass.

Poliziste vum zweeten Arrondissement déi grad op Patrull waren, konnte kuerz nom Iwwerfall dräi vun de Brigange festhuelen. Dat schnellt agräife vun de Beamten ass vum Police-Präfekt, Michel Delpuech op Twitter begréisst ginn. Och den Inneminister Gérard Collomb huet d’Kalbliddegkeet an de Professionalitéit vun de Poliziste gelueft.

Zwee Brigange sinn awer weiderhin op der Flucht. De Parquet vu Paräis huet eng Enquête ordonnéiert an d’BRB (Birgade de Repression du Banditisme) mat der Opklärung vum Virfall beoptraagt. D’Vendôme-Plaz a seng direkt Ëmgéigend, wou e sëlleche Bijoutieren an Auermécher hir Adress hunn, bleift en Zil fir Brigangen, deene kee Risiko ze héich ass.

D’Affär „Kim Kardashian“

2014 war d’Sécherheet vum Quartier verstäerkt ginn, nodeems e puer Luxusbijouterien op der Plaz vu Banditten ausgeraumt gi waren. De Clou: op der Vendôme-Plaz ass de Justizministère ënnerbruecht.

An tatsächlech hat d’Vendôme-Plaz deemools eng schwéier Zäit duerchlieft. Fënnef bewaffent Iwwerfäll a manner wéi siwe Méint, alleguerten am Hellechten Dag, wou Wueren tëscht 420.000 an zwou Milliounen „matgeholl“ gi waren, hunn drastesch Mesure gefuerdert.

Am Mäerz 2016, haten zwee Brigangen op der Vendôme-Plaz eng Chopard-Bijouterie ausgeraumt. Si waren an der Mëttegstonn an d’Geschäft agedrongen. D’Personal war mat enger Waff an enger Granat bedreet ginn. De Wäert vun der geklaute Wuer war op sechs Milliounen Euro geschat ginn. An dëser Affär waren am Abrëll 2017 dräi Persoune verhaft ginn.

An der „rue de la Paix“ war et am Mee 2017 zu engem Iwwerfall op eng Bijouterie komm. Dräi Männer mat Aaxten an enger Pistoul, war et gelonge mat Bijouen am Wäert vun e puer Milliounen Euro ze entkommen.

Deen Iwwerfall, dee fir déi gréissten Opmierksamkeet an de leschte Jore gesuergt huet, an der franséischer Haaptstad och imageméisseg zolidd geschuet huet, hat net am Quartier stattfonnt. An der Nuecht vum 2. op den 3. Oktober 2016, war d’Amerikanerin Kim Kardashian d’Affer vun engem Iwwerfall. Fënnef Mann haten sech Zougang zu enger diskreter Hotel-Residenz am aachten Arrondissement verschaaft, wou d’Actrice un der „Fashion Week“ deel geholl huet.

Zwee Brigange hätten d’Kim Kardashian mat enger Waff bedreet, et uschléissend gefesselt, gekniewelt an am Buedzëmmer agespaart. Matgeholl haten d’Banditten ënnert anerem e Rank am Wäert vu ronn véier Milliounen Euro. Insgesamt si bei dësem Iwwerfall Bijoue fir néng Milliounen Euro matgeholl ginn. Et war dat dee gréisste „Coup“ géint eng Privatpersoun am Frankräich zanter 20 Joer.

mam Katell Prigent an den Gregory Daniel/AFP

Foto: Polizisten hunn d’Cambon-Strooss, op héicht vun der „hënneschter Dier“ vum Ritz ofgespaart, nodeems fënnef Brigangen sech d’Bijoue mat Aaxten aus de Vitrinne gekroopt haten. © Thomas Samson/AFP

Ähnlech Sujeten Bijouen, Iwwerfall, Paräis, Ritz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel