Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie
International Neiegkeeten

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie

De Supermarché Delhaize huet déi lëtzebuergesch Liewensmëttelsécherheet doriwwer informéiert, datt

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?
International Neiegkeeten

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?

Unbreakable Kimmy Schmidt war eng vun den éischten Netflix-Sitcoms, déi

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!
International Neiegkeeten

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand

Iwwerfuerdert a Midd

An de Belsch fänken d‘Generalisten un es genuch ze hunn d‘Laascht vum Depistage ze droen

Iwwerfuerdert a Midd

Am Kontext vum Covid19-Depistage huet de Verband vun den Hausdokteren (Generalisten) elo eng Warnung ausgeschwat. Onvernonft, dat net anhale vun de Gest Barrière an elo dann och nach de Retour aus der Vakanz; d‘Generalisten an der Belsch sinn iwwer Mooss sollicitéiert fir Covid19-Tester ze verschreiwen, an dobäi hunn se genuch aner Aarbecht. Si fänken un es genuch ze hunn

Fir de President vum „Cercle des médecins généralistes“ am Brabant-Wallon Eric Vincke, ass eng Grenz iwwerschratt ginn: „D‘Scoute sinn de leschte Freideg vun engem Camp erëmkomm an ee Member vun der Ekipp déi d‘Kanner encadréiert hunn ass positiv getest ginn. Dat heescht, datt déi ganz Ekipp an d‘Kanner musse getest ginn. Uschléissend hunn den Eltere misse Bescheinegungen ausgefëllt ginn, fir datt déi doheem bleiwe fir op d‘Kanner opzepassen. Mee och fir d‘Kanner selwer, huet et Zertifikater gebraucht. Eng onmoosseg administrativ Laascht déi net ze packen ass“.

D‘Generaliste sollten sech eigentlech drop konzentréieren, de Retard deen duerch de Confinement entstanen ass opzehuelen. Vill Leit hunn sech während dem Lockdown net bei den Dokter getraut, Pathologie goufe verschleeft, Mënsche mat chronesche Krankheete sinn net uerdnungsgemäss behandelt ginn. An da gëtt jo och nach d‘Urgencen… Villes dovunner gëtt doduerch gestéiert, wëll Leit mat Symptomer kommen, fir déi si ënnert normalen Ëmstänn net bei den Dokter goe géifen. Si mussen eng Consultatioun maachen, well ouni Prescriptioun kënnen si net an de Covid19-Test-

Fir den Dokter Eric Vincke muss de Rôle vum Generalist / Hausdokter an dëser Kris nach emol op de Leescht geholl ginn, an dat elo direkt. Et dierft een hei keng Zäit verléieren, wann d‘Generaliste géifen „ausfalen“ hätt dat dramatesch Konsequenze fir déi ëffentlech Gesondheet. Hie verlaangt vun der Regierung ee vereinfachten Accès zum Covid19-Test. Wann et esou weider geet, a gewosst ass, datt d‘Schoulrentrée net méi wäit ewech ass, leeft ee riicht op eng Katastroph zou. Zudeem dierf een déi saisonal optriedend Virusinfektiounen net ausser Uecht loossen, och dat spillt hei eng Roll.

Bei eis zu Lëtzebuerg gesäit d‘Situatioun fir d‘Generalisten entschidde besser aus. Zum enge brauch keen eng Prescriptioun fir sech testen ze loossen, an zum anere gëtt de ganze Covid19-Depistage vum Gesondheetsministère mat gesënnerten Ekippe geleet. Ob dëse System esou och an der Belsch kéint Uwennung fannen, dat weess den Eric Vincke natierlech net. Mir wieren duerch d‘Gréisst vum Land schonn eppes bevirdeelegt. Hie kann sech virstellen, dat op regionalem Niveau, also dezentraliséiert unzegoen. Et wier net hinzehuelen dat um Réck vun de Generalisten auszemaachen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © ImpulseQ / unsplash

Ähnlech Sujeten Belsch, Covid-19-Tester, Covid19, Depistage, Generalisten, Hausdokter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel