Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen
Neiegkeeten

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Lëtzebuerg ass eent vun de leschten europäesche Länner, datt sech

Wahlrecht fir Auslänner: „déi politesch“ Inclusioun
Neiegkeeten

Wahlrecht fir Auslänner: „déi politesch“ Inclusioun

Wien zu Lëtzebuerg wunnt, schafft an esou zur Entwécklung vum

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
Neiegkeeten

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Ukënnegung a wéineg Garantien

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng, ass de 15. November vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) an dem Buergermeeschter vun Diddeleng, Dan Biancalana (LSAP) empfaange ginn. Si hunn hinnen d‘Ängschten an d‘Suerge vun de Salariéeë virgedroen, déi duerch d‘Iwwernam vum Standuert duerch Liberty House entstinn.

Fir unzefänken huet d‘Gewerkschaft ënnerstrach, datt ee sech seriéis Froen iwwer déi industriell Strategie vum Grupp „Liberty House“ stellt. Wann et richteg ass, datt de Repreneur annoncéiert huet, datt hie beabsichtegt 10 Milliounen Euro an de Standuert ze investéieren. Allerdéngs huet Liberty House net däitlech gemaach, wat si konkret mam Stol-Standuert Diddeleng wëlles hunn.

Den OGBL erënnert an dësem Kontext drun, datt d‘Prozedur vun der Consultatioun / Informatioun bannent dem europäesche Comité d‘Entreprise vun Arcelor nach net ofgeschloss ass. An datt den OGBL, grad wéi déi aner Gewerkschaften – déi op de 6 Standuerter present sinn, déi vu Liberty House sollen iwwerholl ginn – déi europäesch Federatioun vun de Gewerkschafte vun der Industrie gebieden hunn, eng Koordinatioun-Reunioun ze organiséieren, wou nëmmen d‘Delegatioune vun de betraffene Standuerter vertruede sinn.

Et géif en effektive Problem bestoen, am Bezuch op en Interessekonflikt bannent dem europäesche Comité d‘Entreprise, wou zwou verschidde Populatioune vertruede sinn. An d‘Delegatioune vun de Standuerter déi solle verkaf ginn, wëllen – wat jo och verständlech ass – hir Zukunft an eegen Hänn huelen, géintiwwer dësem potentielle gemeinsame Repreneur, a vun dësem schrëftlech Garantien erhalen.

Den OGBL huet och seng Onrou am Bezuch op d‘Zukunft vum Diddelenger Standuert zum Ausdrock bruecht. Dat wéinst der Spezifizitéit vum Stol deen do hiergestallt gëtt. Tatsächlech, esou d‘Gewerkschaft, huet de Stol deen do produzéiert gëtt, an eng héije Plus-value, mee bleift ofhängeg vun ArcelorMittal, déi d‘Mark brevetéiert huet.

A wann och den Accord tëscht Keefer a Verkeefer virgesäit, datt et déi zwee éischt Jore weidergeet, esou gëtt et keng Garantie, datt eng Produktioun iwwert dësen Delai ewech bestoe bleift. An dat heescht näischt anescht wéi, datt esouwuel de Standuert wéi och d‘Aarbechtsplaze weiderhi bedreet sinn. Domatter gëtt ersiichtlech, dat et effektiv den Ament méi Froe wéi Äntwerte gëtt.

Wat den aktuell gültege Kollektivvertrag betrëfft, esou besteet den OGBL drop, dat de Repreneur gesetzlech gehalen ass, dësen ze iwwerhuelen. D‘Gewerkschaft stellt hei fest, datt et awer keng Sécherheet fir d‘Zukunft gëtt.

Ofschléissend huet den OGBL och nach seng Bedenke virgeluecht, wat déi genee Zuel vun de Salariéeën ugeet, déi sollen iwwerholl ginn. Den Ament schaffen um Standuert Diddeleng ronn 300 Leit, wouvunner eng 70 mat „prekäre“ Verträg. Si wieren allerdéngs indispensabel fir de gudde Fonctionnement vum Wierk. Dofir verlaangt den OGBL och fir dës Mataarbechter d‘Garantie, datt si mat iwwerholl ginn. Si tauche bis ewell a kengem Dokument op.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Dan Biancalana, Diddeleng, Etienne Schneider, Liberty House, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel