Search

You may also like

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!
International Neiegkeeten

Entretiensaarbechten an den Tunnellen stinn un!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt kommend Woch déi hallefjäreg Entretiensaarbechten an

Rotondes: Den offizielle Programm fir Ufank Oktober
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm fir Ufank Oktober

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Al Männergespréicher iwwer Sex
International Neiegkeeten

Al Männergespréicher iwwer Sex

De fréiere Poopst Benedikt XVI huet en Appell u säin

Iwwerraschungsgaascht um G7-Sommet

Iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif mat Blëtzbesuch an der Märei zu Biarritz

Iwwerraschungsgaascht um G7-Sommet

Onerwaart awer Sënnvoll: d‘Europäer halen um Atomofkommes mat den Iraner fest, d‘USA sinn dergéint an hu rezent den Dschawad Sarif op d‘US-Sanktiounslëscht gesat an awer ass hie komm. Um G7-Sommet vu Biarritz huet sech den Dschawad Sarif mam Emmanuel Macron e sougenannt bilateraalt Gespréich gegënnt…

Et ass scho bal esou eppes wéi en diplomatesche „Coup“ dee sech de franséische President gëschter geleescht huet. Den Zweck awer hellegt d‘Mëttel: esou kënnt nees Bewegung an den Iran-Dossier. An d‘Iwwerraschung huet de Sommet eppes duerchenaner bruecht. No de Gespréicher mam franséische President an dem franséischen Ausseminister Jean-Yves le Drian, ass den Dschawad Sarif um Owend nees a seng Heemecht geflunn.

G7-Sommet

Via Twitter huet den iraneschen Ausseminister am Bezuch op méiglech Verhandlunge gemengt, datt dat net géif einfach ginn. Wann den Emmanuel Macron sécher gutt Ursaachen an net manner gutt Argumenter hat fir den Dschawad Sarif anzelueden, esou war et ee net manner riskant Manöver. Et ass gewosst, datt d‘USA den ament net gutt op Teheran ze sprieche sinn, an déi iranesch Féierung net wierklech u Gespréicher mat Washington interesséiert ass.

Um Sommet selwer wollt den US-President dëse „Besuch“ net kommentéieren. Den Emmanuel Macron huet sengersäits erkläert, datt d‘Staats- a Regierungscheffe vum G7 de Wëllen hunn, am Noen Osten d‘Stabilitéit an de Fridden ze sécheren. All Initiativ déi dozou bäidroe kann, sollt een ënnerstëtzen. Stellt sech d‘Fro: Wéi e Beitrag kënnen d‘USA leeschten?

Een Dissens jot deen aneren

Um Sonndeg huet awer och dee vun den USA ausgeléisten Handelssträit an dësem säin Impakt op d‘Weltwirtschaft am Mëttelpunkt vun de Gespréicher an Debatte gestanen. Déi vun den USA als „Bestrofung“ agefouert Douanestaxe wiere kee probat politescht Mëttel fir „Mëssverständnesser“ am Kontext vum globalen Handel aus der Welt ze schafen. Den US-President huet awer keng ustalte gemaach, sech op e Kompromëss anzeloossen.

G7-Sommet

Dofir schéngt sech den amerikanesche Milliardär gutt mat sengem Protegé Boris Johnson ze verstoen. Am Kontext vum Brexit wier den neie britesche Premierminister de „richtege Mann“. Beim Kaffi hu sech béid Klatzkäpp iwwert den Austrëtt aus der Unioun an e bilateraalt Handelsofkommes ënnerhalen. Den Donald Trump huet dem Boris Johnson „e séiert, ëmfaassend a fantastescht Ofkommes“ an Aussiicht gestallt.

De Boris Johnson huet säi Mentor opgefuerdert sech seng Handelspolitik ze iwwerdenken. Seng Siicht op den Handelskrich: „Mir sinn allgemeng fir den Handelsfridden. (…) an de leschten 200 Joer huet dat vereenegt Kinnekräich massiv vum Fräihandel profitéiert“. Den Donald Trump ass net drop agaangen, wëll awer seng Handelsbezéiunge mat Japan verstäerken. Demonstrativ huet den US-President verkënnt, mam japanesche Ministerpresident Shinzo Abe eng grondsätzlech Eenegung zur engem bilateralen Handelsofkommes fonnt ze hunn.

Russland, de Sahel an den Amazonas

Den US-President hat an der „grousser Ronn“ de Virschlag ënnerbruecht, d‘Russen nees an de Club vun de wichtege Wirtschaftsmuechten opzehuelen. Russland war no der Annexioun vun der Krim 2014 ausgeschloss ginn an Aussiichten, datt Moskau d‘Krim nees kéint hierginn, gëtt et absolut keng. Dat gesinn déi aner eppes differenzéiert an hunn dem Donald Trump seng Propositioun frëndlech awer bestëmmt zréckgewisen. De Virstouss vum US-President huet am Zesummenhang mat de Gespréicher tëscht dem Emmanuel Macron an dem Vladimir Putin gestanen, déi virum Sommet zu Paräis stattfonnt haten.

G7-Sommet

Et huet awer och scho Beschlëss ginn. Zesumme mam Emmanuel Macron an dem President vum Burkina Faso, Marc Christian Kaboré, huet déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel eng Initiativ fir d‘Sahelzon-Länner virgestallt. Esou sollen déi national Sécherheetskräften am Kampf géint den Terror besser ënnerstëtzt ginn. Et geet hei an éischter Linn ëm d‘Formatioun an d‘Bewaffnung vun dësen Truppen. Zugläich ass beschloss ginn, de globale Fonds zur Bekämpfung vu Malaria, Aids an Tuberkulos ze stäerken. Däitschland wëll 1 Milliard Euro iwwer dräi Joer abréngen.

Am Kontext vun de Bëschbränn am Amazonas, hunn déi Siwen entscheet Brasilien materiell an technesch Hëllef Ugebueden. Wéi dat am Detail ausgesäit oder soll ausgesinn, ass nach net verrode ginn. Firwat de G7 sech an dësem Fall net fir eng generell Hëllef ausgeschwat huet, déi och deenen anere betraffene Länner – wei beispillsweis Bolivien – zerguttst géif kommen ass net gewosst. Dofir ass gewosst datt et zäitlech kee Spillraum gëtt an dréngendst Moossnamen ergraff musse ginn.

mat indymedia/par/bao

Foto: Deen hat keen op der Rechnung: den iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif huet als Iwwerraschungsgaascht de G7-Sommet vu Biarritz op en anere Level bruecht. Konkret Resultater huet et awer nach keng ginn. © Iran official

Related topics Bëschbränn, Boris Johnson, Brasilien, Donald Trump, Dschawad Sarif, Emmanuel Macron, G7 Sommet Biarritz, Handelskrich, Iran
Next post Previous post