Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt
International Neiegkeeten

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen
International Neiegkeeten

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen

Beim Spëtzematch am Dammefussball, haten d‘Damme vum SC Beetebuerg, de

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
International Neiegkeeten

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich

Den Departement Aude pléischtert seng Wonnen an evaluéiert de Schued

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich

No den déidlechen Iwwerschwemmunge, hunn d‘Awunner an d‘Autoritéite vum franséischen Departement Aude, um Dënschdeg ugefaangen „d‘Wonnen ze pléischteren, an den Ausmooss vum Schued ze evaluéieren“. Mat Suerg gëtt d‘Héichwaasser vun de Waasserleef am A behalen.

De Bilan, deen de ganzen Dag iwwer stänneg huet missen „no uewe“ korrigéiert ginn, ass batter. Laut den offizielle Berichter a Communiquéen, hunn am Kontext vun de gewaltegen Nidderschléi, mindestens 11 Mënschen hiert Liewen an der Nuecht vu Sonndeg op Méindeg verluer.

Am ganzen Departement bleiwen haut verständlecherweis d‘Schoulen zou. Um Méindegowend, waren iwwer 1.500 Menage nach ëmmer ouni Stroum. Säit dem Méindegmueren, ass de ganzen Departement wéinst dem Héichwaasser an Alarmbereetschaft gesat ginn.

Net virauszegesinn!

Fir de Premierminister Edouard Philippe, deen sech op der Plaz e Bild gemaach huet, war dës „meteorologesch Episode“ vu sech aus net previsibel. Eng Ausso, fir de Virwërf, d‘Awunner wieren net oder schlecht iwwert d‘Ausmooss vun de Nidderschléi informéiert ginn, entgéintzetrieden.

De Spriecher vum Inneministère, Frédéric de Lanouvelle, huet sengersäits eng „Fragilitéit“ am Warnsystem vu „Météo France“ festgestallt. „Um Niveau vun der ‚oranger Alerte‘, déi oft genotzt gëtt, gëtt et de Problem, datt d‘Leit déi net méi mat der noutwenneger Opmierksamkeet begleeden“.

Iwwerschwemmungen

Den éischten Androck deen d‘Fra, beim Bléck op d‘Ausmooss vun der Katastroph am Duerf Villegailhenc hat, muss net weider kommentéiert ginn. © Eric Cabanis/AFP

„Ech hunn alles verluer, Computer, Tëlee, d‘Pabeieren… Hei kann een net méi wunnen. Wat e ‚Massaker‘. Al d‘Haiser an dëser Strooss gesinn esou aus. Op dat war ee gëschter mat der ‚oranger Alerte‘ net virbereet. Dat seet näischt aus ‚orange Alerte‘“, iergert sech de Jonathan Lafuente.

Dëst Onwieder, dat sech als eent vun den déidlechste säit engem Joerzéngt erwisen huet, huet op mannst 11 Affer gefuerdert. 6 Mënsche sinn zu Trèbes, 2 zu Villegailhenc, a jeeweils 1 zu Villaier, Villardonnel a Carcassonne, gestuerwen. 2 Persoune gi vermësst, 8 goufe schwéier blesséiert.

De Nidderschlag vun dräi Méint

Laut „Météo France“ ass bannent 5 Stonnen, den Equivalent vun 3 Méint Reen am Departement erofkomm. Tëscht 15 an 30 Zantimeter Waasser sinn eleng op d‘Agglomeratioun vu Carcassonne gefall. Iwwer 1.000 Persoune goufen evakuéiert, eng 250 gi vun de Gemenge betreit.

Esou zu Coursan, enger Gemeng vu 6.000 Séile bei Narbonne, déi vum Floss Aude duerchlafe gëtt. Eng 350 Awunner vum lénken Ufer, dem exposéiertste Secteur, ware vun den Autoritéite gewarnt ginn. Si si gebuede ginn ze goen, sech op den Etagen a Sécherheet ze bréngen oder ze evakuéieren.

Um Méindeg ass de Floss Aude, tëscht 8 a 14 Auer, all Minutt ëm 1 Zantimeter geklommen, fir am Nomëtteg vun engem Meter op iwwer aacht Meter ze klammen. Well vill Stroossen onpasséierbar waren, sinn d‘Léit mat Helikopter evakuéiert ginn. Véier Gemenge waren heivunner betraff.

Iwwerschwemmungen

E Loftbild vun der Stad Trèbes bei Carcassone. Och hei muss d‘Ausmooss vun der Katastroph net méi weider kommentéiert ginn. © Sylvain Thomas/AFP

Esou sinn d‘Gemengen: Pezens, Trèbes, Villegailhenc a Villemoustausso, evakuéiert ginn, heescht et säitens der Prefektur, déi informéiert huet, datt d‘Awunner vu Penzens elo nees heem dierfen. Am Festsall zu Trèbes sinn eng 100 Leit, nach ëmmer geschockt, fir den Ament opgeholl a Betreit ginn.

„Ech hu meng Groussmamm an hirem Bett gesi vum Waasser fortgedroen ze ginn“, erzielt eis de Pierre, d‘Aen am „Néierewou“ verluer. Hie weess bis zur Stonn net, op déi bettlägereg Fra dat ganzt iwwerstanen huet. Säitens den Autoritéite war heizou och keng Informatioun ze kréien.

Beschleunegt Prozedur

An der Regioun vu Carcassonne sinn d‘Felder iwwerschwemmt, eng ganz Rei Stroossen zerstéiert oder onpasséierbar. Deels leien och Beem an de Stroossen. Stréim vu Bulli hunn sech iwwert d‘Stroossen ergoss, d‘Waasserleef sinn iwwert d‘Ufer geklommen an Autoe goufe fortgeschwemmt.

De Premierminister, dee wéi gesot e Méindeg mam Minister vun der ekologescher Transitioun, François de Rugy, op der Plaz war, huet ugekënnegt, datt et an dësem Fall zu enger beschleunegter Prozedur am Kontext vun eng Naturkatastroph komme wäert. De President gëtt och op der Plaz erwaart, huet awer de Betraffenen „d‘Emotioun an d‘Solidaritéit vun der Natioun ausgeschwat“.

Am orthodoxe Klouschter vu Villardonnel, wou eng Nonn zu Dout komm ass, sinn d‘Schied enorm. D‘Roselyne Navarro, Member vum Comité „Action Sociale“, huet erkläert, datt de Nonnen aus dem Klouschter hu misse Still geléint ginn, fir d‘Mëttegiessen am dréchenen anzehuelen.

mam Estelle Emonet an dem Hervé Gavard/AFP

Foto: E Bild vu gëschter weist androcksvoll, mat wéi enger Gewalt sech d‘Waassermassen entfaalt hunn. Zu Villegailhenc, am Departement Aude (Südfrankräich) hunn d‘Leit missen evakuéiert ginn. © Eric Cabanis/AFP

Ähnlech Sujeten Aude, Edouard Philippe, Frankräich, Iwwerschwemmungen, Naturkatastroph
Nächsten Artikel Virrechten Artikel