Cannes hält den Otem un
Zu Cannes zitt sech de Jury vum Pedro Almodovar zréck
Am Fréijoer 2020, esou de Plang vum Energieminister Claude Turmes,
Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter
Et ass elo bal zwee Joer hir, datt et zu Lëtzebuerg zu staarken Iwwerschwemmunge komm war. Véier Gemengen aus der Géigend vum Ärenzdall ware wéinst Onwiederen Affer vun Iwwerschwemmunge ginn. D’Regierung hat deemools schnell reagéiert an 30 Milliounen Euro bereet gemaach, fir de Schied entgéint ze wierken. Den adr-Deputéierten Fernand Kartheiser freet elo no, wat mat dem Geld alles geschitt ass, a wéi een an Zukunft esou Katastrophe verhënnere kéint.
Dobäi ass offensichtlech, datt de finanzielle Spillraum bei wäitem net ausgereizt ginn ass. “Déi finanziell Hëllef fir D’Mossnahmen […] beleeft sech op ronn 11,5 Milliounen Euro”, ass an der Äntwert ze liesen. Woufir gouf dat Geld benotzt? Ënnert anerem fir direkt finanziell Hëllefen, déi vum Familljeministère un déi betraffe Leit ausbezuelt gi sinn. Mee och Entschiedegunge fir Schied u kommunale Gebaier, (Landwirtschafts-)Betriber an divers Reparaturaarbechten u Bësch- a Feldweeër, wéi och Botzaarbechten an aner Reparaturen, sinn hei ënnerholl ginn.
Wat Schutzmoossnamen ugeet, ass kloer, datt esou Phänomener net virausgesi kënne ginn an deels mat enger massiver Intensitéit kënnen optrieden. Dat läit och un deene ville verschiddene, gréisstendeels geographesche Faktoren, déi hei eng Roll kënne spillen. Et goufen awer Moossname geholl, fir Infrastrukturen, déi géint esou Onwiederen hëllefen, auszebauen oder ze verstäerken. D’Waasserwirtschaftsamt géing ausserdeem un enger Staarkreenkaart schaffen, fir d’Géigenden ze identifizéieren, déi e Risiko lafen, affer vun esou engem Phenomen ze ginn. An deem Fall géing d’Waasserwirtschaftsamt mat de Gemengen zesumme schaffe, fir Géigemoossnamen ze ergräifen.
Souwuel de Premierminister Xavier Bettel (DP), wéi och den Inneminister Dan Kersch (LSAP), d’Ministerin fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, Corinne Cahen (DP), den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) wéi och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) hunn op dës Froe geäntwert.
Foto: Vum Johnny Chicago at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0.