Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat On-liesbart
free dating applications for iphone

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

free dating app singapore
free dating applications for iphone

Oppe Froe beim SIGI gekläert

Op der leschter Komiteessëtzung vum SIGI virun der Summervakanz, waren

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
free dating applications for iphone

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg

Ministesch huet eng Kaart virgeluecht, laut där 20.000 Leit zu Lëtzebuerg an enger Geforenzon liewen

Iwwerschwemmungsgefor zu Lëtzebuerg

No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit duerch Iwwerschwemmungen ee grousse Schued erlidden hunn, war gewosst datt et esou net ka weidergoen. Nieft enger ganzer Rëtsch preventive Moossnamen, gëtt et elo och eng Kaart mat de Risiko-Gebidder.

Vun der Gander bis zur Kuer, der Attert bis zur wäisser Iernz, eng ganz Rei Baache a Flëss (et sinn der am ganze 17) sinn elo an der Kaart mat den Iwwerschwemmungsrisiken opgeholl ginn. Heibäi gouf dunn och festgestallt, datt eng 20.000 Awunner dem Risk vun enger Iwwerschwemmung ausgesat sinn. Dëse Leit kann een dann och nëmmen un d‘Häerz leeën sech informéiert ze halen.

Wann et och richteg ass, datt déi meescht Mënsche wësse wat passéiere kann, an et der duerchaus gëtt, déi sech mat dësem „Problem“ ausenanersetzen, esou ass fir den Ëmweltministère an all d‘Acteuren, déi am Fall vun de Fäll agräife mussen, vu Virdeel iwwert des Kaart ze verfügen. Si dréit ënnert anerem derzou bäi, datt een elo déi Risikozone kloer definéieren a lokaliséiere kann.

Léif a Séil musse geschützt ginn

Op den Dag genee, war virun engem Joer den Himmel iwwer Lëtzebuerg zesummegebrach. Der Schued ass an d‘Millioune gaangen an deels war et eng zolidd Erausfuerderung, nees esou eppes wéi Normalitéit hierzestellen. Mat dëser Kaart an dem Internetsite https://www.inondations.lu sollen d‘Risike besser bewäert kënne ginn. Fir d‘Musel gëtt et och schonn eng nei Legislatioun.

Iwwerschwemmungsgefor

Bei der Pressekonferenz huet d‘Ministesch Carole Dieschbourg zesumme mat hire Beamte vill Interessantes zum Thema Schutz a Risike bei Iwwerschwemmunge matzedeele gehat. © MECDD

Esou wéi et d‘Ministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) ënnersträicht, huet Lëtzebuerg seng Perceptioun vun de Risike geschäerft, esou wei dat vun enger EU-Direktiv och all sechs Joer virgesinn ass. D‘Kaart déi um Site vum „Geoportal“ a „Waasser.lu“ anzegesinn ass, ka vun eis alleguerte bis de 17. September, mat Remarken, Erfarungen oder Feststellunge gefiddert ginn.

Eng Aktioun déi duerchaus Sënn mécht, kann et dach derzou bäidroen, datt d‘Kaart sech weider entwéckelt. Zil vum Ganzen, ass et genuch Informatiounen zesummenzestellen, wat eis eng besser Buedemnotzung géif erméiglechen. Dat net eleng am Kontext vu Bauterrainen an/oder Ausbau vum Wunnraum, mee an éischter Linn, fir sech dem Risk entgéintzestellen a méiglechst ze eliminéieren.

Illustratioun: Marcus Distelrath /Pixabay

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Ëmweltministère, Iwwerschwemmung, Iwwerschwemmungsgefor
Nächsten Artikel Virrechten Artikel