Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Schleidergang
Neiegkeeten

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

dislike
Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?

Am Venezuela herrscht säit längerem Krisestëmmung. Dëst well de President

Israel: déi erzwonge Koalitioun
Neiegkeeten

Israel: déi erzwonge Koalitioun

Der politescher Patt-Situatioun an Israel war net mat Wahle bäizekommen,

Iwwert de Summer gëtt bei den CFL geschafft, mat Behënnerunge muss gerechent ginn

Iwwert de Summer gëtt bei den CFL geschafft, mat Behënnerunge muss gerechent ginn

Fir d‘CFL, hir Clienten a wie soss nach un de villen Aarbechten um Reseau bedeelegt ass, gëtt et e laange Summer. Am Kader vun der Erneierung, a mam entscheeten Zil senge Clienten a qualitativ héichwäertege Service unzebidden, falen iwwert d‘Summervakanz vill Chantieren un.

Dat bréngt mat sech, datt zäitweileg ee puer Ofschnëtter fir de Schinneverkéier gespaart muss bleiwen. Esou kënnen d‘Aarbechten op dësen Ofschnëtter méi séier a virun allem a Sécherheet duerchgefouert ginn. Den Iwwerbléck hei am Detail:

Während der Vakanz muss d‘CFL den Ofschnëtt „Lëtzebuerg – Dikrech“ op der Linn 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy) vu Samschdes dem 25. August bis Sonndes den 16. September spären.

SummerD‘Linn 50 (Lëtzebuerg – Klengbetten – Arel) gëtt ganz gespaart. Dat vu Samschdes de 14. Juli bis Sonndes de 16. September.

SummerDe Streckenofschnëtt „Esch-Uelzecht – Péiteng“ vun der Linn 60 (Lëtzebuerg – Esch-Uelzecht – Péiteng – Rodange) ass vu Samschdes dem 25. August bis Sonndes den 16. September gespaart.

SummerOp de Linne 60 (Lëtzebuerg – Esch-Uelzecht – Péiteng – Rodange) a 90 (Lëtzebuerg – Beetebuerg – Diddenuewen – Metz – Nanzeg) ass den Ofschnëtt „Lëtzebuerg – Beetebuerg“ vu Samschdes dem 14. Juli bis Freides de 24. August gespaart.

SummerHei gi während den Aarbechten d‘Passagéier mat Busser op hir Destinatioun gefouert. Den Detail zu de Mesure kritt ee wéi gewinnt op www.cfl.lu. Ze bemierken ass hei, datt d‘Cliente gutt berode sinn eppes éischter op hirer Gare unzekommen, fir datt séchergestallt ka ginn, datt och jidderee mat Zäit do ukënnt wou hien hi muss.

Fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit: et ass (wëll alles mat Busser gemaach gëtt) wichteg datt déi Leit mat engem Rollstull, hir Rees bei den CFL ënnert der Nummer 4990 3737 (oder per Mail op video-surveillance.zoc@cflu.lu) wéinstens eng Stonn virum Untrëtt vun der Rees umellen. (Fir Leit déi grenziwwerschreidend reesen, muss sech 24 Stonnen am viraus ugemellt ginn.

Op alle Gare gëtt kleng Bichelcher, an deenen de gesamten Ersatzverkéier detailléiert beschriwwen ass. Déi kann een sech och digital op www.cfl.lu eroflueden oder ukucken.

Summer

Ähnlech Sujeten CFL, Chantieren, Eisebunn, Schinnenersatzverkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel