Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
Money https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/

https://moien.lu/online-dating-beirut/

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

https://moien.lu/indian-online-dating-websites/
Money https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/

Mir gratuléieren: BTS-Schüler kruten hiren Diplom

Lëschten Donneschdeg sinn um Campus Belval Diplomer an d’Präisser vun

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
Money https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

money

Jobs: Iwwert Feierdeeg seng Kandidatur areechen? (e Kommentar)

Jobs: Iwwert Feierdeeg seng Kandidatur areechen? (e Kommentar)

Interessant wat sech kommerziell Aarbechtsvermëttlungsentreprisen alles esou afale loossen, fir esou kuerz virum Joresenn vu sech rieden ze dinn. Laut de Kollege vum L‘Essentiel, wieren zwee Méint besonnesch begënschtegt fir seng Kandidatur anzereechen: de September an den Dezember.

Wéi heescht, géife wuel vill manner Offere publizéiert, mee de „Besoin“ wier weider héich, also sollt ee sech elo begannen, a seng Kandidatur beim „Wonsch-Patron“ areechen. Laut der „Analystin“ vu Moovijob, Florence Giolat, géif et ab Januar nees eng „aner“ Geschicht. Si ass dann och der Usiicht, datt d‘Leit dovunner sollte profitéieren all hir gutt Resolutioune fir 2020 an dës Kandidatur afléissen ze loossen.

Si ass dann och net déi eenzeg mënschenhandelbedreiwend Persoun déi vun de Kollegen zitéiert gëtt. Och de Laurent Chapelle vu RH Experts wëll wëssen, datt ganz vill Entreprisen elo no Mataarbechter siche fir Ufank Januar anzestellen. Hei géifen dann och oft d‘Prozeduren ofgekierzt, well et jo muss séier goen an eng Decisioun viru Joresenn muss geholl ginn. Dat wier dem Fait geschëlt, datt et Budgete gëtt déi mussen ofgeschloss a Bilanen erstallt ginn.

Weider heescht et, datt et gutt Chance ginn, dat déi fir d‘Personal an den Entreprise zoustänneg Servicer haut, e Méindeg an och en Dënschdeg „vill beschäftegt“ wieren. Et géif also keng Sekonn ze verléieren, firwat een elo direkt den CV a säi „motivéierte“ Bréif sollt opstellen a seng spontan Kandidatur sollt per e-Mail fortschécken. Interessant, den Här Chapelle réit engem allerdéngs och eppes gedold ze hunn, esou zwou Woche sollt een op seng Äntwert waarden…

Gutt et ass vun hinne geschwat hinn an et muss ee béide Mënschenhändler zerguttst halen, datt un hirer Theorie, wann se op Frankräich ugewannt gëtt, méiglecherweis eng drun ass. Dat op eist Land ze iwwerdroen ass dann allerdéngs nees gewot. Wien net wierklech „muss“ oder einfach kee Congé méi iwwreg huet, geet iwwerall hinn ausser op d‘Schaff. Mir hunn eis de Moien amuséiert eng Rei Entreprisen déi Leit sichen unzeruffen, de fréisten Termin fir en Entretien: 14. Januar.

Eis Kandidatur kéinte mir awer schonn emol areechen, mee et kéint sech virum 6. Januar keen domatter beschäftegen, huet et bei engem „gastronomesche Konzern“ geheescht. Et wiere jo den Ament d‘Festdeeg amgaangen, an déi administrativ Servicer si logescherweis „ënnerbesat“, firwat ee seng (spontan) Kandidatur och net sollt virdrun eraschécken. Bei de Banken hu mir och eng erwëscht wou de Personalbüro uwiesend war, an do war d‘Ausso ähnlech.

A fir einfach emol generell eppes festzehalen: eng „spontan“ Kandidatur, de Numm seet et jo och schonn, schéckt ee Fort wann e se fäerdeg huet. Et gëtt net de „richtegen Zäitpunkt“ ausser et huet een Tipp kritt oder et kennt een dee richtegen, an esouguer da mussen och nach aner Parameter passen, fir den Job ze kréien. Wien also elo net esou verzweiwelt ass, fir op déi topeg Aussoe vun den uewe genannte Mënschenhändler eranzefalen, huet och e Recht seng Feierdeeg ze genéissen.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Randnotiz: Dem Laurent Chapelle seng gutt Rotschléi kënnt dir all Donneschdeg um 13.45 an 18.45 Auer op l‘Essentiel Radio lauschteren. Hien ass iwwregens och géint eng Remuneratioun vun de Stagiären a stäipt sech géint de Gesetzprojet vun der Regierung, mat deem den Ëmgang mat de Stage reguléiert gëtt. Wann och dir Mënschen als „Kapital“ betruecht, bei him sidd dir richteg.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel