Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro
Neiegkeeten

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul
Neiegkeeten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss.

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen
Neiegkeeten

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

  Den nationale Rapport zu den Drogen an der Ofhängegkeet

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi

Fir de Wunnengsbauministère, ass déi säit dem 1. Januar 2017 agefouert Steiervergënschtegung fir Proprietären, déi eng Wunneng un eng sozial Organisatioun verlounen, en Erfolleg. Eenzeg Konditioun: d‘Organisatioun muss mam Staat konventionéiert sinn. Da ka bis zur Halschent de Ertrag vum Loyer vun der Steier befreit ginn.

Wéi et aus dem Ministère e Méindeg matgedeelt ginn ass, hätt dës Mesure seng Friichte gedroen, an et wieren iwwert dëse Wee vill Wunnengen zu Verfügung gestallt ginn. D‘Mesure selwer ass elo awer net nei. D‘Gestioun vum soziale Wunnraum ass 2009 agefouert ginn.

Déi ka vun enger Stëftung oder ASBL iwwerholl ginn, déi sech fir d‘Fërderung vum Logement staark mécht. Dozou gehéieren och d‘Gemengen, Gemengesyndikater an d‘Sozialämter. All dës Organisme kënnen eng Konventioun mat Ministère ënnerschreiwen, an esou Wunnraum um private Marché lounen, fir se da Leit déi eng Wunneng sichen, zur Verfügung ze stellen.

Am Schnëtt läit de Niveau vum Loyer deen un déi privat Proprietäre bezuelt gëtt, 30 bis 40% ënnert dem gängege Maartpräis. D‘Wunnenge mussen zu de selwechte Konditiounen un den Demandeur verlount ginn. Dobäi ënnerstëtzt de Ministère d‘Organisme mat 100 Euro/Mount pro Wunneng.

Vill Virdeeler

Dat Instrument huet eng ganz Rei Virdeeler. Esou ass net nëmme fir de Proprietär de Loyer garantéiert, nee och Leit, déi an enger schlechter finanzieller Situatioun sinn, kënnen sech esou nach en Dach iwwert dem Kapp leeschten. Net ze vergiessen, datt déi leit och vun enger sozialer Begleedung profitéiere.

An et schéngt ze klappen: Bis ewell gëtt et 16 Organismen déi mam Staat konventionéiert sinn. Dat ass dat duebelt géintiwwer 2016. D‘Zuel vun de Wunnengen huet net grad esou staark zougeholl. Et sinn der haut 512 (2016 waren et der 360), a mat enger gudder Entwécklung gëtt gerechent.

Tatsächlech konnte vill „Partner“ vum Ministère feststellen, datt et fir de Proprietär eng Rechnung ass déi schéngt opzegoen. Datt d‘Hallschent vum Loyer net méi besteiert gëtt, huet also seng Wierkung net versot. Dat gekoppelt un d‘Garantie, datt de Loyer och bezuelt gëtt, an de Locataire vun enger Associatioun begleet gëtt, fënnt groussen Zousproch.

Wien eng Wunneng ze verlounen huet, an dorunner interesséiert wier dat mat enger vun de mam Ministère konventionéierten Organisatiounen ze maachen, dee kann um Site www.logement.lu d‘Lëscht vun de Partner agesinn.

mam ml/SIP

Ähnlech Sujeten Logement, Loyer, Steiervergënschtegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel