Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
Stories

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!
Stories

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill Ministere gesinn.

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
Stories

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt

Och op der sich no Liewensmëttel ouni animalesch Inhalter? Da sollt awer gewosst sinn, datt nach laang net alles „Bio“ ass, an den Inhalt vu Vegane-Produite seelen dat hält wat op der Verpackung versprach gëtt. Et gëtt deemno munches wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt.

Iert sech elo direkt schonn opgereegt gëtt, heibäi geet et net drëms eng Vegan-Ernärung schlecht ze rieden. An et gëtt vill gutt Grënn op, beispillsweis Fleesch, ze verzichten. Massendéierenhaltung, ass net nëmmen e Verbriechen un den Déieren, hei gëtt och der Ëmwelt an dem Klima geschuet. D‘Fleeschproduktioun ass erwisenermoosse méi ëmweltschiedlech wéi den Ubau vu Kar a Geméis.

Fir déi eege Gesondheet, ass ee gutt beroden, et net mam Fleesch ze iwwerdreiwen. Héije Fleeschkonsum féiert zu Häerzkreeslafkrankheeten a begënschtegt d‘Entstoe vu Kriibs. Béides gehéiert zu den éischten Ursaachen, un deene Mënschen zu Lëtzebuerg stierwen. Et ass och keng gutt Iddi, aus reng gesondheetleche Grënn, op industriell preparéierte Fleeschersatz zréckzegräifen.

Gëft am „gesonden“ Iessen ?

Vill Produkter gi vun onofhängege Laboratoiren ënnersicht, a wat esou bei den Analysen erausfonnt gëtt, kann engem d‘Loscht um Iesse verdierwen. Egal op sech ëm déi esou geluefte Veggie-Burger, Soja-Schnitzel oder och Seitan-Charcuterie handelt. An ville Produite ginn esou reegelméisseg déi onappetitlech Mineraluelegréckstänn (MOSH / MOAH) fonnt, an déi si Kriibserreegend.

Vegan-ErnährungWann et elo richteg ass, datt Bio-Veggieprodukter wéineg vun dësem „Problem“ betraff sinn, esou geroden hei oft, iwwert d‘Verpackung, déi gëfteg Mineraluelegréckstänn an d‘Liewensmëttel. Eng aner gutt Ursaach, sech dat industriell hiergestallte vegankonformt Produkt eppes méi genee virun Aen ze féieren: den Asaz vu genetesch manipuléierte Planzen, an déi gëtt et och a Bio-Produiten.

Wourop een net direkt kënnt

Nieft Mineraluelegréckstänn an OGMen, verstoppen sech nach aner Inhaltsstoffer an de Veggie-Produiten: Salz a Fett. Während d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) e Salzgehalt ënner 2% virschléit, gëtt dës Recommandatioun vun der Liewensmëttelindustrie „iwwersinn“. Salz ass ee Geschmaachsverstäerker, an dee schéngt bei de Veggie-Produiten noutwenneg.

Fett ass iwwregens och e wichtegt Bestanddeel vun den industriell hiergestallte Veggie-Produiten. Hei ginn (ze) oft gesättegt Fettsaieren aus Palmfett a Kokosnossueleg agesat, déi vun Dokteren an Ernährungsspezialisten als ongesond betruecht ginn. Zudeem, wann ee vun der eegener Gesondheet Ofstand hëlt, ass d‘Produktioun vun dëse Fetter, immens ëmweltschiedlech.

Vegan-ErnährungSech vegan oder vegetaresch ze ernieren, ass a bleift awer eng gesond Alternativ. Mee wann ee sech scho Gedanke gemaach huet, iwwert de „Firwat“ vun der Ernährungsëmstellung, da sollt een sech och beim akafen déi Zäit huelen, an eppes méi genee op d‘Produiten déi een ze kafe gedenkt, uecht dinn. Vill industriell Produiten halen einfach net wat se verspriechen, an deier sinn se och nach.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, Ernärung, Gesondheet, Liewensmettel, Veganer, Vegetarier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel