Search

You may also like

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Neiegkeeten

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik
Neiegkeeten

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik

De Bahrain, de Kamerun an d‘Philippinnen sinn e Freideg vun

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)
Neiegkeeten

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)

Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt

Nee zur Iwwerwaachung vun den Infizéierten!

Nee zur Iwwerwaachung vun den Infizéierten!

Nodeems et eng Partie Länner op der Welt gëtt, wéi beispillsweis Israel oder Singapur, déi de Schutz vun der Privatsphär ausser Kraaft gesat hunn, fir d‘Beweegunge vun den mam Covid19 infizéierte Bierger iwwert d‘Geolokalisatiounsfunktioun vum Smartphone ze „verfollegen“, sinn esouwuel eis däitsch wéi franséisch Noperen der Usiicht dat kéint een eigentlech och maachen.

Gutt weder déi franséisch Regierung nach de Bundestag wëll de Bierger eng „Tracing-App“ operzwéngen. Am Froe/Äntwertespill gouf de Premier drop ugeschwat a gefrot op et vläicht eng gutt Iddi wier, esou eng Mesure och zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. Eng berechtegt Fro, wann ee weess, wéi zu Lëtzebuerg mam Dateschutz (geheim Fichieren) ëmgespronge gëtt.

An dësem Punkt awer ass eise Premier zimmlech däitlech, wëll hie fënnt kee gefalen un enger App, déi en Alarm ausléist, wann enger infizéierter Persoun géif begéinen. Gutt, och hien de Prinzip vun der geduechter Iwwerwaachung net verstanen, mee säi Refus sollt am Land dierfe begréisst ginn. De Xavier Bettel (DP) ass jo „nieweberufflech“ och nach Telekommunikatiounsminister…

Wéineg Begeeschterung gëtt et sengersäits och, wat d‘Revendicatiounen no Gesiichtsmaske betrëfft – esou wéi dat jo vun der Patiente Vertriedung gefuerdert gouf – déi keng absolut Sécherheet bidden a wou gewosst ass, dat déi wou nëtzlech sinn, zwéngend dem Gesondheetspersonal an ugeglidderte Servicer virbehale sinn. Hie verwiert kengem sech eng selwer gebastelt virun d‘Gesiicht ze neelen.

Eng Rei Länner hunn hie Bierger elo dës Gesiichtsmasken opgezwongen, mee d‘Beispill Éisträich mécht däitlech, datt esou eppes net emol einfach ass, a just den Drock op d‘Bevëlkerung erhéicht. De Xavier Bettel géif sech wënschen datt d‘Leit vernënfteg bleiwen, an déi jo bekannte Mesuren, Hänn wäschen, Ofstand halen a méi generell doheem géife bleiwen. Dat wier de richtege Schutz.

Fir d‘Gesondheetsministesch, déi liicht genervt ass, wat esouwuel déi Fuerderung no Maske wéi och enger Tracing-App betrëfft stellt kloer, datt esou eng App zu Lëtzebuerg keng legal Basis hätt. Et géif folgerichteg och net un esou eppes gebastelt. De Widdersproch vum Premier koum wéi aus der Kanoun geschoss, wëll wann d‘Dokteren dat als nëtzlech gesinn, misst driwwer geschwat ginn.

Dat esou ee Beholl säitens der Regierung Mëssverständnesser erausfuerdert, läit op der Hand an et freet sech op dat zur Strategie oder den Instrumenter vun der Krisebewältegung gehéiert. Grad an esou Krisesituatiounen ass eng däitlech a kloer Sprooch imminent wichteg. Verléiert een an esou enger Zäit d‘Vertraue vun de „besuergte“ Bierger, kann de System ausser Kontroll geroden.

Illustratioun: © NoCamel (IL)

Related topics Coronavirus, Covid19, Dateschutz, Iwwerwaachung, Tracing-App
Next post Previous post