Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Éischte Ministerrot fir de Macron
Angry Meenung

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

love
Nëmme wat ee gesäit, existéiert och
Angry Meenung

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och

Et gëtt vill vu Representatioun geschwat. A wéineg doriwwer, wéi

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
Angry Meenung

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

angry

Méi Kameraen, méi Sécherheet?

E Kommentar

Méi Kameraen, méi Sécherheet?

Dëser Deeg si gläich zwou Petitioune fräi geschalt ginn, déi mer Suerge maachen. Nee, et ass net déi vum Séi um Kierchbierg. An et ass och tatsächlech net déi, mat der Sprangprëssessioun, déi sech nees onergrënnbaren Ängschte bedéngt. Nee, et sinn déi, wou gefuerdert gëtt, datt de „Videobeweis“ am Stroosseverkéier kënnt. Datt jidderee mam Handy seng Biller a Fotoen vu vermeintleche Verkéierssënner kann eroplueden, fir datt déi da verfollegt ginn. Déi aner wëll eng Dashcam an all Auto, fir datt d’Versécherunge mi bëlleg ginn.

Eis Gesellschaft braucht villes. Just net nach méi Kameraen, nach méi Iwwerwaachung an nach méi Donnéeën.

Ech hu mëttlerweil awer d’Gefill, datt dem Orwell säin 1984 als Flichtlektür an eis Schoule komme muss. D‘Zil vun dëse Petitiounen, also méi Sécherheet am Stroosseverkéier, ass e gutt. Mee d’Konklusioun, wéi dëst erreecht sollt ginn, ass eng katastrophal Feelaschätzung. Eis Gesellschaft braucht villes. Just net nach méi Kameraen, nach méi Iwwerwaachung an nach méi Donnéeën. Donnéeën, déi iergendwou hin transportéiert ginn, wou Gott weess wat domat geschitt.

D‘Beléiftheet vu Kameraen ännert näischt dorunner, datt se relativ wéineg zur Sécherheet bäidroen

Mir brauchen net nach méi e groussen Iwwerwaachungswahn, deen duerch eis Bierger geniert a gestäerkt gëtt. Ech hu scho meng Problemer mat de Radaren, an dat si staatlech bedriwwe Kameraen. Wann elo jiddereen higeet an alles denunzéiere geet, wat am Stroosseverkéier geschitt, oder mengt, datt et geschitt, da kritt net nëmmen d’Police vill ze dinn, mee och eis Dateschutzkommissioun. An déi huet souwisou scho Problemer, fir bei der Aarbecht iwwerhaapt nach no ze kommen.

Mee ech héieren se schonn all ruffen „Mir hunn dach näischt ze verstoppen!“. Soubal een se no hirer Kreditkaartenummer freet, ass dat schnell gedoen. An duerch méi Kamerae gëtt néierens méi Sécherheet geschaaft. Héchstens e falscht Sécherheetsgefill. D’Preventioun sollt d’Haaptmëttel sinn, Gesetzer, déi kloer an däitlech applizéiert ginn. Net Mesuren, déi mech reegelrecht un d’DDR erënneren an hirem komplett totalitärem Gedanken.

Preventioun ass och eppes, wou aus staatlecher Siicht drop gesat gëtt. Souguer d‘Radare gi mat deem Argument verkaaft, an d‘Statistike beleeën, dass d‘Doudesaffer am Verkéier nees erof ginn. Dat ass natierlech keen Hiweis doropper, wéi et mat deene klenge Verstéiss ausgesäit. Ech weess, datt et schwaach kléngt, mee och déi géinge mer net duerch en Iwwerwaachungsstaat bekämpft kréien, ma éischter duerch Sensibiliséierung a Preventiounsmoossnamen, souwéi eng méi present Police.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Iwwerwaachung, Lëtzebuerg, Petitioun, Sécherheet, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel