Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell
International Neiegkeeten

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell

Zanter ville Joren organiséiert d‘Stad Ettelbréck déi landwirtschaftlech Ausstellung (FAE),

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!
International Neiegkeeten

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

Wann een op de Soziale Netzwierker just nach mat Gläichgesënnte

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur
International Neiegkeeten

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur

Gëschter am spéiden Nomëtteg ass et bei der Zitadell zu

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!

D’Situatioun an den äermste Géigende vu Südafrika ass an Zäite vun der Coronakris desastréis. Nieft schlechten Infrastrukturen, ouni ausräichendem Zougang zu Drénkwaasser an elo och nach ouni Akommes fir sech Iesse leeschten ze kënnen, dreet d’Hongersnout. Mat senger Asbl IZULU Water and Environmental Conservation erkläert d’Yasmine Hémès, wéi Dir ganz einfach hëllefe kënnt.

Gegënnt am Joer 2016 vun der Lëtzebuergerin Yasmine Hémès bitt IZULU Water and Environmental Conservation an engem vun den äermste Gebidder vu Südafrika Hëllef un. Bis op de Wetland Park, deen zum Weltkulturierwen gehéiert, ass dës Géigend fir de Staat oninteressant. De Problem fir d’Bevëlkerung läit dodran, datt Sammelplaze fir Waasser (Amanzi op Zulu) wäit ewech sinn an d’Bueren no Grondwaasser immens deier ass.

IZULU

D’Yasmine Hémès ass direkt op der Plaz, fir ze hëllefen © Yasmine Hémès / IZULU

Am KwaZulu Natal gëtt et genuch Grondwaasser vun de Flëss aus Mosambik. Ronn 36 Meter déif misst gebuert ginn, fir esou ee Waasserstand vun 10 Meter ze erreechen. Dofir ginn Geldzomme verlaangt, déi d’Bevëlkerung dohanne seelen zesummeleeën a bezuele kann. Dobäi ass d’Recht op Waasser zënter 2010 zum Mënscherecht erkläert ginn.

Ma, generell sinn d’Infrastrukture schlecht ausgebaut oder befanne sech an engem desolaten Zoustand. Dobäi kënnt elo nach d’Coronakris, wouduerch d’Mënschen op Spenden ugewisen. Ouni Aarbecht, soumat och ouni Suen, riskéieren Hongersnéit. Aus dësem Grond huet d’Yasmine mat senger Asbl Comboen zesummegestallt, déi 4 Persounen fir ronn 3 Wochen erniere kënnen.

Eng Combo besteet aus

  • 25 kg Maismiel
  • 2 Liter Mëllech
  • 1 Liter Uelech
  • 2 Douse Bounen
  • 1 Gewierz
  • 1 Zopp

D’Käschte leien bei 218 Rand, wat aktuell ëmgerechent 15 € sinn. Wat fir eis eng eigentlech kleng Zomm ass, kéint 4 Persounen virum Erhéngere retten…

IZULU

Mat enger Combo komme 4 Persounen 3 Wochen iwwert d’Ronnen © Yasmine Hémès / IZULU

Fir d’Gemeng Umhlabuyalingana (Mbazwana, Sodwana Bay, Mabasa, Mseleni) ginn 8888 Comboe benéidegt. Nom Stand vum 1. Abrëll konnten 983 Comboen duerch Spende finanzéiert ginn, wat 3932 Mënschen géint den Honger hëlleft. D’Verdeele vun den Iessensratioune wëll ee lues ugoen, trotzdeem ass all Don essentiell. Hei fannt Dir déi noutwenneg Donnéeën:

IZULU WATER – Luxembourg
BCEE: IBAN LU88 0019 5255 2038 0000
BIC: BCEELULL

IZULU

D’Leit sti Schlaang fir hir Combo ze kréien. Fir net ze erhéngeren sinn si op d’Hëllef vun der Asbl ugewisen © Yasmine Hémès / IZULU

Wéi gesäit d’Situatioun dohannen duerch den neiaartege Coronavirus aus?

Wéi d’Yasmine, wat aktuell direkt op der Plaz ass, erkläert huet, wir d’Géigend zimlech ofgetrennt, wouduerch bei hinnen kee Fall vu Covid-19 bekannt. Zu St. Lucia, ronn annerhallef Stonn ewech, géifen et awer 10 Infizéierter ginn. Bis op verschidde Liewensmëttelgeschäfter hätt och zu Umhlabuyalingana alles zou. Just 30 Persoune gi gläichzäiteg eragelooss, et soll een 2 Meter Ofstand zu sengem Nächsten halen.

Bei enger Aktioun vum 23. Mäerz huet d’Yasmine mat senger Asbl 840 Seefen verdeelt, an och si selwer hale sech strikt un d’Hygiènesreegelen. Bei hire Comboen gëtt zoudeem een Ziedel mat Instruktiounen zum Schutz fir déi eege Gesondheet.

IZULU

„Mir brauchen all Hëllef, déi mir kréie kënnen!“ D’Yasmine an d’Ekipp vun IZULU soe Merci an hoffen op äert Häerz.

Weider Informatiounen zu Izulu Water and Environmental Conservatioun fannt Dir op izuluwater.org.

Opmaacherfoto: © Yasmine Hémès / IZULU

Ähnlech Sujeten Combo, Coronakris, Covid-19, Drénkwaasser, Ernierung, Gemeng Umhlabuyalingana, Hëllef, Hongersnout, IZULU Water and Environmental Conservation, KwaZulu Natal, Südafrika, Yasmine Hémès
Nächsten Artikel Virrechten Artikel