Search

You may also like

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

De franséische Schrëftsteller Jules Verne ass mat senge fantastesche Wierker

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
International Neiegkeeten Stories

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref
International Neiegkeeten Stories

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref

An e puer Deeg wielen d’Bierger vun der Gemeng Cliärref

Hallefzäitbilanz vum Jair Bolsonaro

Hie wollt sech als „enfant terrible“ inzeenéieren, an ass en erfollegräich ëmstriddene Faschist

Hallefzäitbilanz vum Jair Bolsonaro

De faschistesche President vu Brasilien – deen zuweilen och zum südamerikaneschen Trump héich stiliséiert gouf – hat sech als Kämpfer géint den Establishement presentéiert. Woubäi et bei senger Definitioun vum „Establishement“ nach Froen huet. Et him jiddefalls onwiddersprach gelongen dat ganz Land ze splécken. Zäit fir eng Hallefzäitbilanz…

Et kann een dem rassisteschen, homophoben a fraefeindlechen Diktaturnostalgiker villes virwerfen, net awer datt de Faschist am Walkampf iergendwellech Zweiwel iwwert säi „politesche Stil“ zougelooss hätt. Zudeem sinn déi uewe genannten Attributer dem Jair Bolsonaro net eréischt an der Mandatsperiod zougeflunn. Dës Eegenschafte fannen allerdéngs net bei jidderengem Zousproch.

International läit de Jair Bolsonaro um Niveau vum Recep Tayyip Erdogan (Tierkei) oder fir an der EU e Verglach ze fannen, op Viktor Orban Niveau. Ville Staats- a Regierungscheffen déi nach eppes Réckgrat hunn ass de Mann en Dar am A, mee wirtschaftlech Interesse loossen do net wierklech de Spillraum deen et bréicht, dem Brasilianer Grenzen opzezeechnen. Dobäi hätt et genuch Grënn…

Hien huet d‘Klimabewegung géint de Kapp geschloen, behaapt datt wien net „wäiss“ ass och keng Uspréch sollt hunn, beleidegt gäre Fraen an Homosexueller a bréngt d‘Bevëlkerung géint se op. An am Kontext vun der Covid19-Pandemie huet de Jair Bolsonaro d‘Vollek däitlech am Stach gelooss. Mee bei aller Kritik, wat ass effektiv politesch geleescht ginn, wéi eng Fortschrëtter huet et ginn?

Zwee Joer Misär

Wann et sécher richteg ass, datt de brasilianesche President net fir den Ausbroch vun der Pandemie verantwortlech ass, esou muss een him awer dierfe gutt halen, datt et him reegelméisseg gelongen ass, och an dësem „ongewéinleche“ Joer virun allem negativ Schlagzeilen ze maachen. Dat dann och nach oft genuch zesumme mat sengem Frënd a Virbild, dem US-Milliardär Donald Trump.

Wéi dësen, huet de Jair Bolsonaro de Coronavirus erofgespillt, jo esouguer als Verschwierung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) duergestallt. An esou sinn d‘Brasilianer gestuerwen un dësem Virus, dee fir de President beschtefalls fir eng „kleng Gripp“ suergt. Dobäi wollt hie just d‘Wirtschaft um lafen halen, well op de politesche Réckhalt vum Establishement ass hien ugewisen.

An u wirtschaftleche „Pläng“ feelt et dem brasilianesche President net. De Reebësch soll weechen, fir datt d‘Agrarindustrie nei Fläche fir Soja, Palmenueleg oder Véizuucht zur Verfügung huet. An et dierf een d‘Fro opwerfen, wouhinner d‘Wirtschaftsrees vu Brasilien higefouert hätt, wann et elo net zu dëser globaler sanitärer Kris komm wier, déi de Planéit zolidd wirtschaftlech impaktéiert huet.

Wiem gehéiert de Reebësch?

Datt Faschisten en eegent skurrilt Weltbild hunn ass datt eent, mee hir Haltung géintiwwer Natur- an Ëmweltschutz schonn zimmlech suizidär. Fir de Jair Bolsonaro ass Klimaschutz schlecht fir d‘Wirtschaft, firwat hie widderholl domadder gedreet huet aus dem Paräisser Accord auszetrieden. Dat ass net geschitt, well d‘Wirtschaft op d‘Ënnerschrëft ënnert de Mercosur-Vertrag bestanen huet.

Wa Brasilien esou nach ëmmer am „Paräisser Klimaofkommes“ dran ass, esou verhënnert dat net, datt déi illegal Ofholzung vum Reebësch duerch Buedemspekulanten an landwirtschaftlech Konzerner weidergedriwwe gëtt. De Jair Bolsonaro huet sengersäits ëmmer kloer gemaach, datt si keng Strofe vu senger Regierung ze befierchten hunn, wa si Fläche rode fir Business ze maachen.

Datt an dësem Kontext besonnesch déi indigen Vëlker bedreet, jo deels reegelrecht ëmbruecht ginn, stéiert de Faschist net, mat deene leit kann hie kaum eppes ufänken, well déi sech net „senger“ Zivilisatioun uschléisse wëllen. An esou verbrennen all Joers ëmmer gréisser Fläche vum fir de Weltklima wichtegen Amazonas Reebësch. An d‘Welt soll sech eraushalen, well et hir net gehéiert.

Elo ass et net esou, datt et a Brasilien keng Mënsche géif ginn, déi sech fir den Erhalt/Schutz vum Reebësch géifen asetzen. De Problem: Ëmweltorganisatiounen an d‘Pompjeeën an de betraffe Gebidder hu kaum finanziell Moyenen, d‘Police ass korrupt an de President bezichtegt d‘Aktiviste Feier ze leeën, fir seng Regierung an Diskredit ze zéien. Beweiser dofir gëtt et allerdéngs keng.

Diplomatie um Préifstand

A gewësse Länner awer ass dem Jair Bolsonaro säin Opgeféiers net gutt ukomm. Esou huet nieft Däitschland och Norwegen beschloss, kee Geld méi an den Amazonas-Fonds ze investéieren. Zu Lëtzebuerg huet d‘Chamber sech net dozou geäussert. Mee och fir déi Lëtzebuerger Diplomatie ginn d‘Folge vu senger Ëmweltpolitik zum Problem. Woubäi dat jo net den eenzege Problem ass.

Déi duebeldeiteg Bezéiung zu China an den USA mécht Brasilien zu engem internationale Problem, an esou geréit dëst Land, dat historesch betruecht ëmmer ee multilateral ausgeriichte Partner an de Vereenten Natioune war. No zwee Joer „Bolsonaro“ ass Brasilien international isoléiert. Op et mam Joe Biden als nächsten US-President zu Verännerunge komme kann? A Brasilien hofft een drop.

Mee och déi laangjäreg „Mercosur-Partner“ sinn den Ament net esou gutt op Brasilien ze spriechen. Eigentlech hat een sech no 20 Verhandlungsjoer drop agestallt, datt et endlech zur Ënnerschrëft vum Fräihandelsofkommes komme géif, an eigentlech war d‘EU-Kommissioun och dozou bereet. Hei awer hunn d‘EU-Ausseminister sech queesch gestallt, och eisen Ausseminister, de Jean Asselborn.

A wann elo och déi latäinamerikanesch Länner sech mam onberechenbaren Noper net méi verstinn, dann huet hat an éischter Linn Konsequenze fir d‘Bevëlkerung. Anersäits kann een et den Noperen net verdenken, datt si sech mat der Pandemiebewältegung, dem Ëmgang mat Flüchtlingsfroen an dem Verhältnis zu China eppes schwéier dinn. Brasilien verléiert esou awer ëmmer méi un Afloss.

Elo kéint ee vu „Sanktioune“ schwätzen, zumindest säitens der EU-Kommissioun kéint domadder gedreet ginn. An eigentlech – bezunn op den „New Green Deal“ – hätt een dat längst missen an de Raum stellen. Mee d‘EU wëll e wirtschaftlechen Afloss a Latäinamerika hunn, firwat si sech tëscht Wirtschaftsinteressen an Ëmweltschutz entscheede muss. Nee den Ëmweltschutz ass net Favorit.

Wéi dann „Coronaviruskris“?

Datt de Jair Bolsonaro wéi säi golfspillend Virbild de Coronavirus fir eng „kleng Gripp“ hält gouf schonn ernimmt, et lount sech awer nach emol den Ëmgang domadder a Brasilien ze beliichten. Et huet beispillsweis vun Ufank u kaum Aschränkunge ginn, an déi wou sech regional, respektiv lokal fir Moossnamen agesat hunn, kruten et ze spieren. D‘Brasilianer selwer gesinn et wéi de President.

Esou gouf et kee Lockdown, d‘Grenze sinn opbliwwen, Covid19-Tester bei der Arees huet et och keng. D‘Brasilianer maachen et wéi hire President a verzichten op Masken, sozial Distanz ass hinne Friem. Elo wou et dann ee Covid19-Vaccin gëtt, huet den Thema „Impfung“ zum Dissens mam souwisou verhaasste Gouverneur vu Sao Paulo, Joao Doria, gefouert. An dat mécht et komplizéiert.

Brasilien ass eent vun den am häertste vun der Pandemie betraffene Länner op der Welt. Dat huet natierlech d‘Interesse vun de Pharmakonzerner erwächt, déi hei eng gutt Geleeënheet erkannt hunn hir Produkter ze testen. Blöd wann dobäi ee Mënsch stierft. Nach méi blöd, wann et sech dobäi ëm ee Probant vun engem vum Joao Doria privilegiéierten Hiersteller handelt. Dat hat Konsequenzen.

De President huet d‘Tester direkt gestoppt an de Virfall och dann nach fir seng Anti-Impfcampagne genotzt, nodeems erwise war, datt sech de Probant d‘Liewe geholl hat, also den Impfstoff net zum Dout gefouert hat. Egal, déi 46 Milliounen Dosen, déi de Gesondheetsminister beim chineseschen Hiersteller SINOVAC bestallt hat, goufe vum Jair Bolsonaro perséinlech nees ofbestallt.

Op de Tëlee hat de brasilianesche President getéint, dat hie perséinlech beschtefalls säin Hond mam Vaccin géif behandele loossen. Och dat nees ee vun de Spréch, déi him bei engem gewëssenen Deel vun der Bevëlkerung immensen Zousproch abréngen, a wuel och vun den Covid19-Leegner bei eis am Land guttgehale gëtt. Dëse Beholl kennt net zoufälleg, well a Brasilien gëtt 2022 nees gewielt.

D‘Jalone musse geluecht ginn

Walkampf, datt ass eng éiweg Schluecht, an déi fänkt un sech am Land bemierkbar ze maachen. Et kann een ouni mat der Wimper ze zécke behaapten, datt de Faschist nees déi beschten Aussiichten huet déi nächst Walen ze gewannen. Hei geet et jo och net méi ëm politesch Programmer, mee ganz däitlech bestëmmen d‘Ideologien d‘Richtung. Dofir muss ee sech erënnere wéi et ugefaangen huet.

2018, wéi de Jair Bolsonaro sech ervirgedoen huet, war Brasilien an enger déiwer Korruptiounsaffär verfaangen, un där letztendlech déi regéierend Aarbechterpartei vill Schold huet. Den Deputéierte Jair Bolsonaro, en ongehuwwelten Hannerbänkler dee sech duerch „Parteihopping“ ëmmer nees e Mandat séchere konnt, hat op déi komplizéiert Froe vun de Leit einfach Äntwerten unzebidden.

Hien huet de Leit versprach dat Ganzt opzeklären an d‘Korruptioun ze beendegen. Dat war leider glat gelunn. Haut sinn dem Bolsonaro seng ganz Famill a grouss Deeler vun der Regierung an nei Korruptiounsskandaler verstréckt. Mindestens 30% vun de Wieler stéiert dat allerdéngs net, woubäi déi wou him halen, och ni déi lénk wiele géifen. Da scho léiwer Korruptioun a Repressioun.

Mee mat 30% gewënnt ee kee „Krich“ dat weess och de Jair Bolsonaro. Hien huet sech folgerichteg fir eng Charmoffensiv entscheet. Esou huet d‘Regierung en Hëllefsprogramm fir déi Aarm gestart, fir unzefänke 600 Real, spéider nach emol 300 Real. Dat ass verdammt wéineg, méi fir déi wou vu fënnef Euro den Dag liewe mussen, ee ganz wichtege Punkt. An dat bezilt sech dann och aus.

Esou huet de groussen Deel vun der „schwaarzer“ Bevëlkerung de Geste begréisst, an dat obwuel de Faschist keng Geleeënheet ausléist géint dës Populatioun ze hetzen. Pech fir de President: dat kann sech net onendlech weiderféiere loossen. d‘Hëllefe sinn den 31. Dezember um Mëtternuecht ausgelaf. Si huet Milliarde kascht, d‘Verschëldung vu Brasilien läit bei 100% vum BIP…

Wéi geet et weider?

Datt de „System“ ënnert dem Jair Bolsonaro zolidd d‘Läpper hänke gelooss huet ass dat eent. Et muss een awer dat Ageléisten der Erwaardung géinteniwwer stellen. Do dierften sech der vill méi schlëmm Konsequenzen erwaart, besonnesch bezunn op dem President säin Diktatur-Fetisch. Dat erkläert och firwat esouvill Administratioune vun Offizéier geleet ginn. Dat ass e wichtege Punkt.

D‘Militär ass esou aflossräich wéi laang net méi, an dat kann een als „stëll Bedreeung“ fir ee méiglechen neie President duerstellen. Et dierf een allerdéngs net déi puer Errongenschafte vum jair Bolsonaro ausblennen. Déi vun der Bolsonaro-Regierung agefouert Rentereform war an ass fir d‘Brasilianer ee wierkleche Gewënn. Mee och politesch huet de Faschist eppes beweegt kritt.

Et ass sécher richteg, datt d‘Bevëlkerung zerrappt an zerstridden ass, mee si ass och wesentlech méi politesch aktiv ginn. Vill Brasilianer, déi sech bis heihinner kaum mat Politik beschäftegt oder ausenanergesat hunn, ginn aktiv. Wéi esou oft, sinn et och a Brasilien d‘Studenten, déi sech hei verstäerkt asetzen. An nee, si sinn net zwéngend géint den amtéierende President vu Brasilien…

mat indymedia/ccs

Illustratioun: Joshua Woroniecki / Pixabay

Related topics Amazonas, Brasilien, Coronavirus, Faschist, Jair Bolsonaro, Pandemie, Reebësch
Next post Previous post