Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria
free ayrshire dating Stories

https://moien.lu/namibian-online-dating-chat/

Fir déi ronn 2 Millioune Mënschen am Nordoste vu Nigeria,

liam mcintyre dating
free ayrshire dating Stories

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Dee Béier muss ee gedronk hunn fir säin echte Wäert ze bemoossen
free ayrshire dating Stories

Dee Béier muss ee gedronk hunn fir säin echte Wäert ze bemoossen

Déi Iechternacher Brauerei, déi hire Sëtz op der Becher Gare

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock, an dann zéien seng Kollegen dësen aus den äisege Waasser vun der Baach, fir en op en Trakter ze verlueden: dësen Äisblock suergt da fir d‘Versuergung mat Drénkwaasser vum sibireschen Duerf Oï. De ganze Wanter iwwer.

Jakutien, am Nordoste vu Sibirien, ass déi gréisste Regioun vu Russland, an déi keelste vun der ganzer Welt. Fir Dierfer wéi Oï, sinn dës Äisbléck d‘Haaptdrénkwaasserquell, iwwert d‘Joer. „Mir maachen dat all Joer“, bléist den Innokenty Tobonov, deem d‘Aperhoer bei -41°C gefruer sinn.

E Buer ze gruewen, dat ass wéinst dem Permafrost ze deier. Eng déck Äerdschicht déi dat ganzt Joer iwwer steenhaart gefruer ass. D‘Waasser aus dem Krunn, dat dem Floss Lena entzu gëtt, fléisst nëmmen zwee Méint am Joer. De Recht vun der Zäit sinn d‘Leitungen agefruer.

A wann et dann nees fléisst, well et endlech „entdeet huet“, da si vill Sedimenter am Waasser. De groussen Deel vun den Dierfer a Jakutien hunn dann och keng Statioune wou d‘Waasser kéint opbereet ginn. D‘Äis bleift folgerichteg déi eenzeg Drénkwaasserquell fir d‘Awunner.

D‘Äisbléck gi generell am November „gesammelt“ an de Wanter iwwer am Fräie gelagert. Dat meeschtens op erhéichte Virriichtungen, esou datt d‘Hënn net drukommen. Wann sech d‘Atmosphär erwiermt, stockéieren d‘Awunner d‘Äis an de Kelleren, déi duerch de Permafrost zum Frigo ginn.

Jakutien

Bei Temperature vu -41°C gefréieren engem schonn emol d‘Aperhoer. © Mladen Antonov/AFP

„Physesch ass et extrem ustrengend, besonnesch wann e bedenkt, datt d‘Äisbléck bis zu fofzeg Zentimeter déck sinn“, erkläert den Innokenty Tobonov, Gemengeconseiller vun Oï. Hie seet eis, datt en duerchschnëttleche Menage, ronn 10 Kubikmeter Waasser iwwert de Wanter brauch.

Besser wéi vum Krunn

„Mir benotzen dëst Waasser fir ze drénken an ze kachen. Dat ass ganz praktesch“, erzielt eis Pelagueïa Semenova, eng 70 järeg Awunnerin vun Oï, dat de Männer nokuckt, déi hir ee vun dësen Äisbléck virun der Dier ofzestellen. „Dar gefruere Waasser ass méi propper a schmaacht besser wéi dat vum Krunn. An der Stad richt et no Chlor an hei heiansdo no Pëtrol“.

Mee et ass och elo keen Allheelmëttel. „Et heescht datt keng Vitaminnen dran enthale sinn“, seet d‘Pelagueïa Semenova. An tatsächlech: nëmmen d‘Waasser vun den Äisbléck, kann zu mineraleschen Defiziter féieren, wéinst dem gerénge Gehalt u Kalzium a Magnesium.

Jakutien (och bekannt als autonom Republik Sacha) huet mat ronn 800.000 Awunner eng ganz kleng Bevëlkerungsdicht, a gëtt am Volleksmond „d‘Land vun de Séier“ genannt. Dat well et bal esouvill Séier wéi Awunner gëtt. Aus dëse Gewässer gëtt de Groussdeel vun den Äisbléck geholl.

Dat léisst och erkennen, datt déi geréngste Form vun Ëmweltverschmotzung, sech direkt op den Alldag vun de Mënschen Auswierkt. Während Jakutien iwwert enorm Buedemressource verfüügt – Pëtrol, Gas, a Gold, mee och Diamanten – profitéieren d‘Jakute selwer net dovunner.

„Mir gi vill vun eise Buedemschätz u Russland, mee déi lokal Bevëlkerung kritt dovunner nëmme ganz wéineg zréck“, bedauert Valentina Dmitrieva, Presidentin vun der ONG Eyge, déi sech fir de Schutz vun Natur an Ëmwelt asetzt, a hire Sëtz zu Ikatutsk, der regionaler Haaptstad huet.

Eng knaschteg Industrie

Et ass dann och d‘Industrie vun där déi gréisste Gefor fir Mënsch an Natur ausgeet. Si huet negativ Auswierkung op d‘Liewensaart vun de Jakuten. Esou sinn am August eng Rei Staudämm, déi vun Alrosa – ee vun de gréissten Diamantproduzenten op der Welt – gebaut goufen, gebrach.

D‘Konsequenz: d‘Dierfer ronderëm de Viliouï konnten d‘Waasser vun dëser Baach net méi notzen, esou verschmotzt war se. Bei Alrosa geet d‘Verantwortung genee esouwäit, wéi d‘Gesetz et hinnen erméiglecht. Laut dem Direkter, läit den Undeel u Gëfter am Waasser „an de Normen“.

Jakutien

Et ass déi keelste Plaz op der Welt, an Ikatutsk ass d‘Haaptstad dovunner. © Mladen Antonov/AFP

Déi russesch Autoritéiten hunn an enger éischter Phas de Schued am Viliouï-Baséng op 22,1 Milliarde Rubel (ëm déi 290 Milliounen Euro) geschat, fir dann am November ze erklären, datt een Alrosa net kann haftbar maachen, well et sech hei ëm eng „Naturkatastroph“ handelt.

Fir d‘Awunner déi op der Plaz wunnen, ass dann awer éischter esou, datt Alrosa d‘Accident provozéiert huet, wéi, ouni datt et hinnen autoriséiert gi wier, si Aarbechte laanscht Baach verriicht hunn. De Rechtssträit wäert éiweg brauchen, an den Ausgang ass méi wei ongewëss.

„D‘Mënsche leiden enorm ënner esou Virfäll, well si nach eng traditionell Liewensweis hunn“, seet d‘Valentina Dmitrieva. „A Jakutien dinn d‘Mënsche vill besser op d‘Natur uecht, well et hinne bewosst ass, datt si vun hir ofhängeg sinn“.

A wann et verschidden Infrastrukture gëtt, wéi Gas- a Waasserleitungen, esou mussen d‘Awunner trotzdeem ëmmer virbereet sinn, falls et zur Pann kënnt. „Mir vergiessen eis Traditiounen net. Mir bréngen eise Kanner alles bäi wat si brauche fir ze iwwerliewen“ esou den Innokenty Tobonov.

mam Maria Antonova/AFP

Foto: D‘Awunner vum Duerf Oï, wéi se sech hiert d‘Drénkwaasser aus der Baach „schneiden“. Déi esou gewonnen Äisbléck versuergen d‘Leit iwwert de gréissen Deel mat Waasser fir ze drénken an ze kachen. © Mladen Antonov/AFP

Ähnlech Sujeten Alrosa, Autonom Republik Sacha, Iakutsk, Jakutien, , Permafrost, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel