Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 20 Joer Columbine-Massaker zu Colorado!
Erkläert Kultur fun questions to ask while online dating

https://moien.lu/whats-a-good-dating-profile-headline/

Am Bluttrausch hu si 13 Schüler an ee Prof erschoss,

gratis nederlandse dating app
Erkläert Kultur fun questions to ask while online dating

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:

dislike
Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden
Erkläert Kultur fun questions to ask while online dating

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

D’Jane Austen, erkläert

Eng Schrëftstellerin am Iwwerbléck

D’Jane Austen, erkläert

Haut, de 18. Juli 2017, ass den 200. Doudesdag vun enger ganz besonnescher Schrëftstellerin: Jane Austen. Mee wat huet des Fra besonnescht geleescht, datt een bis haut nach esou vill vun him héiert?

Wat ass dem Jane Austen hiert d‘bekanntste Buch?

Elleng un der Zuel vun akademesche Bespriechungen an Essayen, popkulturelle Referenzen a Verfilmungen gemooss dierft dat kloer „Pride and Prejudice“ sinn. Wann eng zombifizéiert Versioun dovunner existéiert, muss et wierklech bekannt sinn. Woubäi d‘Popularitéit vun deenen anere Wierker net ze ënnerschätzen ass.

Firwat gëtt et als Schrëftstellerin geschätzt?

Besonnesch an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert konnt d‘Jane Austen sech am akademesche Beräich profiléieren. Dat louch och dorunner, datt no Alternativen zu all de männleche Schrëftsteller, déi scho beschwat gi sinn, gesicht ginn ass. Dorausser ergëtt sech den Interesse vu Feministen un der Schrëftstellerin. Bei der breeder Lieserschaft ass d‘Schrëftstellerin wéinst dem Wuertwitz an de staarke, selbstännege Figure beléift.

Wat fir eng Bedeitung huet hir Perspektiv?

Vue datt et an hire Bicher vill weiblech Personnage ginn, kréie mer e gewëssen Abléck an d‘Alldagsliewe vun de Fraen, wann och meeschtens aus enger méi héich gestallter Klass. Bemierkenswäert ass hei, datt des Personnagen duerch eng Eegestännegkeet, déi scho bal u Rebellioun grenzt, iwwerzeegnen.

Konnt Jane Austen vun hire Bicher profitéieren?

Am reng finanziellem Sënn, jo. Mee hir Bicher goufen zu Liefzäiten anonym eraus bruecht, wou wéinst hiren Numm eréischt no hirem Dout méi bekannt ginn ass.

Goufen d‘Bicher verfilmt?

Jo, an dat méi wéi nëmmen eng Kéier. Déi wuel ambitiéisten Ëmsetzung dierft déi vun der BBC sinn. Déi bemierkenswäert literaresch ausgeluechten Adaptatioun huet sech sechs Episoden (an domat 327 Minutten) Zäit geholl, fir de gesamten Stoff eriwwer ze bréngen. D‘Haaptrollen goufen hei un d‘Jennifer Ehle an de Colin Firth verginn. Déi rezentsten Ëmsetzung vu Pride and Prejudice ass 2005 eraus komm an hat d‘Keira Knightley an der Haaptroll. De Film gouf fir véier Oscaren nominéiert.

Mat AFP

Quell: Oxford Dictionary of National Biography

Ähnlech Sujeten Jane Austen, Kultur, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel