Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den nationalen Dag vum Bam
Kultur Stories

peoria il hookup

Haut ass de 27. nationalen Dag vum Bam, an uechtert

online dating chancen
Kultur Stories

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert
Kultur Stories

70 Joer NATO: Gutt wann ee weess wien decidéiert

Nodeems den NATO-Generalsekretär sech beim US-President zum Rapport gemellt hat,

Firwat beschäftegt eis d’Jane Austen bis haut?

Populär bis wäit iwwert den Dout eraus

Firwat beschäftegt eis d’Jane Austen bis haut?

Gëschter war dem Jane Austen säin 200. Doudesdag. Grond genuch, fir op der Universitéit vu Lëtzebuerg mat enger Expertin ze schwätzen. D’Agnès Prüm, Course Director am Bachelor in European Cultures: English Studies, huet eis e puer Froe beäntwert.

moien.lu: Wat fir eng Roll spillt d’Jane Austen haut nach aus enger kultureller a popkultureller Perspektiv?

Agnès Prüm: Dass d’Jane Austen Envergure huet, souwuel an der Literatur wéi an der populärer Imaginatioun, mierkt een esoubal een op den Internet kucken geet. Wann ech op hirem 200. Doudesdag „jane austen“ an Google aginn, kréien ech 24.300.000 Resultater an 0.75 Sekonnen. Verglach mat méi rezenten popkulturellen Phenomener, wéi zum Beispill Harry Potter, ass dat net schlecht: fir d’ J.K. Rowling sinn et 34.000.000 Resultater an 0.96 Sekonnen.

Op den éischte Bléck

Op dëser Säit gesinn ech als éischt e Lien op Wikipedia, „Top Stories“ (3 Stéck, 2 vun The Guardian an eng vun The Atlantic), Jane Austen Organisatiounen an den Jane Austen Centre zu Bath, seriö Fan-bedriwwen Jane Austen Info Säiten (janeausten.org an pemberley.com), sou wéi Artikelen an eng IMDb (Internet Movie Database) Säit. Et ginn Artikelen zu verschiddenen Themen: d’ Vermaartung vum Jane Austen no hirem Doud (‘The Economics of Jane Austen’, The Atlantic, 2014 – Teaser: „When Jane Austen died in 1817, her reinvention began. Her brother Henry Austen published, as the preface to the posthumous edition of …“), hir Influenz op Literatur an Fiktioun (‘How Jane Austen’s Emma Changed the Face of Fiction’, The Guardian, 2015), an ënnert den Top Stories, dem Colin Firth säin Hiem (‘Colin Firth’s Shirt: Jane Austen and the Rise of the Female Gaze’, The Atlantic, 12 hours ago). Leit déi d’Jane Austen googelen, sinn och interesséiert un literaresch Gréissten wéi dem Charlotte Brontë, dem Charles Dickens, dem Emily Brontë, an dem Virginia Woolf. E leschte Numm an där Lëscht ass den Thomas Langloy Lefroy, vun dem iwwerliwwert ass, dass d’ Jane Austen eng „Romanz“ mat him hat. Fënnef vun hiren sechs publizéierte Bicher sinn och ze gesinn.

Wat liesen ech dorausser eraus?

Hir Bicher ginn nach ëmmer publizéiert a geliest, mee si ginn och weider entwéckelt, verfilmt an adaptéiert, vermécht mat anere Genren, an aner Zäiten transposéiert oder an aner Kulturen.

Mat hiren sechs fäerdeg-geschriwwene Bicher, bleift d’ Jane Austen engersäits een Deel vum engleschen literareschen Establishment (Dickens, Brontë, Woolf, a co). Hir Bicher ginn nach ëmmer publizéiert a geliest, mee si ginn och weider entwéckelt, verfilmt an adaptéiert, vermécht mat anere Genren, an aner Zäiten transposéiert oder an aner Kulturen. Wat et vun Jane Austen Fanfiction gëtt, fënnt een an der JAFF Index Database. Hir Texter ginn ëmmer nei erfonnt, an hir Personnagen beweegen sech an deenen verschiddensten Welten, Genren a Medien, ginn Detektiv, High school Schüler, oder si bekämpfen Zombien a Monster aus dem Mier.

Dem Colin Firth säin Hiem, oder „The Lake Scene“

Wat mir awer wichteg schéngt, ass d’ Constellatioun vun Themen op dëser éischter Google Säit. Dir frot iech villäicht: wat huet dem Colin Firth säin Hiem mam Jane Austen ze dinn? Dëst geet op d’ BBC Adaptatioun vun Pride and Prejudice (1995) zeréck. Den Colin Firth spillt an dëser Versioun den Mr Darcy, een éierbaren awer net ganz sympatheschen Personnage deen d’ Heldin vun der Geschicht fir d’ éischt emol beleidegt, an sech, an hir, de Wee zum Happy End erschwéiert. An enger Zeen, bekannt als „the lake scene“, déi et am Buch net gëtt, spréngt den Mr Darcy samt Hiem an e Weier, a wann dëse Moment dem Colin Firth seng Carrière net lancéiert huet, huet se hir och net geschuet. Och wann dës Aktioun an der Logik vum Personnage sécherlech Sënn mécht, zitt säin naasst Hiem, eng Inversioun vun den populären „wet T-shirt contests“, den Bléck op d’ Kierperlechkeet vum Moment a vum Mann. Dem Colin Firth säin Mr Darcy ass aktiv, seng Emotiounen drécken sech duerch Aktiounen aus; en huet sech an der populärer Imaginatioun festgesat a verkierpert e männlecht Ideal dat traditionell Männlechkeet mat der Bereetschaft sech fir eng aner Persoun ze veränneren verbënnt.

Vum literareschem Virbild zu Chick-Lit an Chick-Flick

D’Adaptatioun hat een immensen Succès, an huet d’ Demande fir „Period Drama“ erneiert. Si huet d’ Helen Fielding inspiréiert, där hir Kolonn am Independent d’ Liewen vun enger imaginärer jonker Single am London vun den 1990 Joren verfollegt. Dir kennt se als Bridget Jones. Wéi d’ Elizabeth Bennet aus dem Roman, muss och d’ Bridget Jones den sozialen Erwaardungen vun hirer Gesellschaft mat hiren eegenen Erwaardungen un a fir sech selwer vereinbaren. Wann een déi zwou Versiounen mateneen vergläicht, huet sech den Kontext zwar geännert, mee d’ Themen an d’ Erausfuerderungen déi d’ Liewen (jonke) Leit stellt bleiwen relativ konstant, wann och an enger anerer Form. Am Roman soll d’Bridget Jones, déi ënnert Anerem Journalistin ass, den Colin Firth interviewen. A bei der Verfilmung vun den Bridget Jones Romaner, spillt hien den Mark Darcy – also d’ nonzeger Joren Versioun vum Fitzwilliam Darcy aus Pride and Prejudice. Wann Bridget Jones’s Diary vun verschiddenen Kritiker als „Ur-Text“ vum Chick-Lit Sub-Genre ugesinn gëtt, dann passt d’ Verfilmung definitiv an d’ „Chick Flick“ Kategorie. Dës Genren riichten sech haaptsächlech u Fraen, a ginn doduerch och gären als mannerwäerteg oder eben Sub-Genren ugesinn („chick“ ass eng net onbedéngt schmeichelhaft Bezeechnung fir Fraen). Vun engem finanziellen Point de Vue, sinn se natierlech awer ganz nëtzlech, well se Éditeuren an Produzenten zu enger gudder Definitioun vu potentiellen Mäert verhëllefen.

Héichkultur, Popkultur a Maartwäert

Un dësem Beispill gesäit een wéi sech Héichkultur an populär Kultur am Dialog mat an ronderëm dem Austen hire Wierker sech mateneen vermëschen a géigesäiteg beaflossen. Dëst Verwëschen vun Grenzen an Hierarchien tëschent Genren, Medien, Ausdrocksweisen a Produktiounsofleef, tëschent l’art-pour-l’art Konscht an l’art-de-faire-du-fric, ass typesch fir Popkultur. D’ Jane Austen an hir Personnagen fënnt en iwwerall (zum Beispill och am Souvenirsbuttek vum Jane Austen Centre zu Bath): op Tasen, Poschen, Hefter, op Kaarten … d’ Jane Austen verkeeft sech gutt, wou mir bei hirer Vermaartung no hirem Doud ukomm wieren.

moien.lu: Wat kann een haut nach Wäertvolles aus den Texter zéien?

Agnès Prüm: Hei wéilt ech op zwee Punkten agoen: dem Jane Austen hir Wierker, kann een ouni Weideres als Liebesromaner liesen. Fir d’Haaptpersonnagen, geet et ëmmer dorëms, dee richtege Partner ze fannen. Dat kann haut villäicht e bëssen iwwerflächlech schéngen, mee well dës Haaptpersonnagen weiblech sinn an enger gewëssener sozialer Klass ugehéieren, hunn si wéineg Choix wat hir Liewensgestaltung ugeet. Si wuessen am relativen Wuelstand op, sinn intelligent a gebilt, mee wann si selwer kee Verméigen hunn oder ierwen, ass hir eenzeg Méiglechkeet hiren Liewensstil ze erhalen, eng gutt Partie ze fannen. D’ Jane Austen selwer war, an hir Heldinnen sinn, an dem Fall. Si sinn finanziell ofhängeg, an doduerch dem gudde Wëllen vun hirem Papp, hire Bridder, a spéider hirem Mann ausgeliwwert. Et ass interessant dass d’ Virginia Woolf ënnert „people also searched for“ opgetaucht ass: si mécht nämlech e ganz ähnlechen Punkt 100 Joer méi spéit an A Room of One’s Own: fir kreativ ze sinn, brauchen Mënschen (Fraen) finanziell Onofhängegkeet. Sech bestueden ass an dem Fall kee Luxus, mee liewenswichteg, genau wéi den richtegen Liewenspartner ze fannen, fir si liewenswichteg ass.

Eng Ausernanersetzung mat sozialen Erwaardungen

Et ass also villäicht keen Zoufall, wann hir Heldinnen an Helden sech och op hirem Choix behaapten an de Partner, dee fir si gutt ass, selwer wielen, och wann hir Wahl net den gesellschaftlechen Normen entsprécht

An sou ass wien mat wiem bestuet gëtt am Jane Austen hiren Wierker zentral, an et ass duerfir och einfach si an hir Romaner ze ënnerschätzen. Si selwer ass net bestuet ginn. Si huet zwar eng Offer kritt, déi se och ugeholl huet; mee den nächsten Dag huet si panikéiert, an hir Verlobung ofgesot. Dem aarmen Här den de Kuerf kritt huet säin Numm erschéngt net op eiser éischter Google Säit (Harris Bigg-Wither, wann e nosiche wëllt), mee nom Tom Lefroy, vun dem si sech et villäicht gewënscht hätt an dee ni gefrot huet, gëtt gesicht. Et ass also villäicht keen Zoufall, wann hir Heldinnen an Helden sech och op hirem Choix behaapten an de Partner, dee fir si gutt ass, selwer wielen, och wann hir Wahl net den gesellschaftlechen Normen entsprécht. Dës Ausernanersetzung mat sozialen Erwaardungen, den Hin-an-hir tëschent dem wat ech wëll an dem wat ech soll (oder net soll) erfuerscht d’ Jane Austen an sengen perséinlechen a sozialen Facetten a Konsequenzen op enger ganz limitéierter Palette – wéi si selwer schreift, op „5 Zoll Elfenbein, schaffen ech mat ganz delikaten Pinselen“.

„Kleng“ a „grouss“ Ongerechtegkeeten …

Genau dëst, an dat wier mäin zweete Punkt, gëtt hir oft zum Virworf gemaach. D’Jane Austen huet zur Zäit vun Revolutiounen gelieft, mee hir Texter schéngen net revolutionär, weder am Inhalt nach an der Form. Si schwätzt net vun den Kricher déi Europa zerrappen, oder vun der Ausbeutung vun den Aarbechter a vun den Kolonien; si konfrontéiert e net mat den „groussen“ Ongerechtegkeeten vun hirer Zäit, a wann e net kuckt verpasst een déi „kleng“ Ongerechtegkeeten op déi si hiweist.

… a kleng Revolutiounen

An dach … d’ Idee dass een seng eegen Wënsch wat de Liewenspartner ugeet iwwert déi vun der Famill setze kann, an dass dat richteg ass, ass fir hir Zäit schonn revolutionär, an et ass eng Iddi, déi sech an eiser Gesellschaft duerchgesat huet. Genau wéinst hirem „limitéierten“ Horizont, bidden der Jane Austen hir Wierker eng Interessant Projektiounsfläch fir iwwert eis eegen Choixen a Prioritéiten nozedenken. Mir liewen jo och an enger Zäit vu Konflikt, Radikaliséierung an Ongerechtegkeet. All Dag héiere mir dass Leit am Mëttelmier erdrénken oder an onmënschlechen Konditiounen liewen a stierwen. An trotzdeem, dréit sech eist Liewen meeschtens em den Alldag an sengen Banalitéiten, em eis perséinlech Wënsch an Besoinen, em eis eegen flott Momenter an Enttäuschungen. Et ass einfach d’ Jane Austen ze veruerteelen, mee da veruerteele mir eis am selwechten Otemzuch och selwer: mäi Recht mäi Liewen ze gestalten wéi ech et gären hätt co-existéiert mat Ongerechtegkeeten déi ech net (wëll) gesinn. Sech heiansdo gezielt dorunner ze erënneren, wier schonn eng kleng Revolutioun. Fir mech ass dat eng wäertvoll Erkenntnis.

moien.lu: Huet sech d’Rezeptioun vun den Texter säitens de Studenten mat der Zäit geännert?

Agnès Prüm: Am grousse ganzen, kann ech dat net behaapten. Déi eng fannen hir Texter super a verléieren sech dran, déi aner sinn zu Doud gelangweilt an ee Liewe laang „traumatiséiert“. Mir erfuerschen de Kontext vum Buch, diskutéieren, vergläichen, evaluéieren … mee am grousse Ganzen hunn d’ Studenten entweder eng Affinitéit mam Austen hiren Welten, oder och net (an dat ass och gutt esou!).

Wat ech awer ka soen, ass dass jiddereen versteet wourëms et geet, wann ech zum Schluss vum Cours soen „There’s no point in looking for Mr Darcy – I married him!“

Ähnlech Sujeten Jane Austen, Kultur, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel