Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
International Money Neiegkeeten

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport
International Money Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

D‘Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hat e Freideg an e Samschdeg, am Virfeld

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik
International Money Neiegkeeten

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik

No intensive Verhandlungen, déi sech iwwer Méint gezunn hunn, huet

money

Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren

Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren

D‘Generaldirectrice vum Weltwährungsfong (IMF), Christine Lagarde, huet e Mëttwoch Japan opgeruff de Frae méi Beruffsméiglechkeeten unzebidden an déi „onméiglech“ Aarbechtszäite vum Salariat erofzesetzen. Beim IMF ass een dovunner iwwerzeegt, datt Japan esou seng Produktivitéit ka steigeren.

Zu bemierken ass, datt a Japan „iwwert déi lescht fënnef Joer d‘Zuel vun de Fraen, déi enger Aarbecht noginn, ëm 1,6 Millioune geklommen ass“ an awer ass d‘Christine Lagarde der Meenung, datt déi Japanesch Regierung méi ka maache fir dës Tendenz ze encouragéieren.

„Ech mengen, datt do nach eng Marge ass, dat fir e besseren Zougang zu de Crèchen ze erméigleche, bis hin zu manner Aarbechtsstonnen. Net nëmme fir d‘Fraen, mee fir jiddereen, och d‘Männer“, esou d‘Deklaratioun vum Christine Lagarde bei de Feierlechkeeten zum 20. Anniversaire vum Regionalbüro „Asien & Pazifik“ vum IMF, dee säi Sëtz zu Tokio huet.

Dat kéint d‘Ausgankssituatioun vun der japanescher Wirtschaft veränneren

Christine Lagarde, Generaldirectrice vum IMF

„Dat kéint d‘Ausgankssituatioun vun der japanescher Wirtschaft veränneren, de potentielle Wuesstem steigeren, d‘Produktivitéit verbesseren an, zousätzlech datt et menger Meenung no och e moraleschen Imperativ ass, och de Beweis fir e gudde Geschäftssënn sinn“, betount d‘Generaldirectrice vum IMF.

Strukturell Reformen bleiwen ouni Wierkung

D‘Bereetschaft extrem Iwwerstonnen ze leeschten, wat bis zum Dout duerch Iwwerfuerderung ka goen, huet a Japan e Numm: Karoshi.

Ofgesi vun enger kamouder Währungspolitik an der budgetärer Generositéit hat dem Premierminister Shinzo Abe seng Opschwong-Politik „Abenomics“ vun 2012 strukturell Reforme versprach: Deregulatioun, Promotioun vun der Fra, Reform vum Aarbechtsrecht an der Landwirtschaft.

Wéineg huet sech an all den ugeschwate Beräicher gedoen. D‘Analyste ginn dovunner aus, datt ouni fundamental Verännerungen d‘Land seng Problemer net geléist ka kréien. Esou beispillsweis d‘Deflatioun an Réckgang vun de Gebuerten, déi zanter zwee Joerzéngten d‘Wirtschaft erodéieren.

A Japan leeschten (offiziell) 7,7% vun de Salariéeë méi wéi 20 Iwwerstonnen/Woch.

A Japan verzichten nom Bestietnes oder enger Schwangerschaft d‘Fraen oft op eng Aarbecht. Oder se verzichten op eng „Famill“, fir sech da ganz hirer Carrière zouzewennen. Dat läit dann och un den Erwaardungen oder Fuerderunge vun der Aarbecht. D‘Bereetschaft extrem Iwwerstonnen ze leeschten, wat bis zum Dout duerch Iwwerfuerderung ka goen, huet a Japan e Numm: Karoshi.

Op d‘Budgetsjoer 2016/17 gesinn, waren 191 Fäll vun der Regierung „unerkannt“ ginn. A Japan leeschten (offiziell) 7,7% vun de Salariéeë méi wéi 20 Iwwerstonnen/Woch. Dobäi läit déi legal Aarbechtszäit och a Japan bei 40 Stonnen/Woch, déi 45 Stonnen net sollt iwwerschreiden, ausser et gëtt e Kollektivvertrag, dee sech iwwert d‘Virgab vun der Regierung ka stellen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäit, Christine Lagarde, Iwwerstonnen, Japan, Karoshi, Weltwährungsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel