Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng bëssen aner Visitt: Den MNHA bei Iech Doheem!
Money Neiegkeeten

Eng bëssen aner Visitt: Den MNHA bei Iech Doheem!

D’Reegel Bleift Doheem gëtt dank moderner Technologie e bësse méi

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot
Money Neiegkeeten

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot

Emol de Mount, esou d‘Traditioun, trëfft sech d‘Press mam Schäfferot

D’Gefor vun der Blozongekrankheet bleift an der Belsch
Money Neiegkeeten

D’Gefor vun der Blozongekrankheet bleift an der Belsch

Säit dem 28. Mäerz 2019 ass déi ganz Belsch zum

money

JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier

JCR Pharmaceuticals léisst sech zu Lëtzebuerg néier

Wéi et aus dem Wirtschaftsministère heescht, huet JCR Pharmaceuticals, eng op Fuerschung spezialiséiert an op der Bourse kotéiert japanesch Entreprise, Lëtzebuerg ausgewielt fir seng nei Fabrick ze installéieren. Hei sollen „aktiv“ Produiten hiergestallt ginn.

Et wier eng strategesch Investitioun fir JCR, dat sech d’Zil gesat huet, op Weltniveau seng therapeutesch Produiten, op der Basis vun Enzymer ze entwéckelen. Bei deene gëtt d’Technologie J-Brain Cargo ® ugewannt, déi de Passage vun der „Blut-Hirn-Schranke“ erlaabt. Zudeem sollen d’Frabrikatiounskapassitéite vun de neie Produite gesteigert ginn.

Fir JCR stellt déi nei Fabrick zu Lëtzebuerg e grousse Schratt a Richtung globalen Impakt duer. Dës Entreprise mat ronn 500 Employéeën, kennt a Japan de „stännege“ Wuesstem. Den Ëmsaz vu JCR laut bei 136 Milliounen Euro.

D’Fabrick kënnt op Käerjeng

Den Etienne Schneider, Wirtschaftsminister a Vizepremier, huet d’Vertrieder vun der Direktioun vu JCR Pharmaceuticals zu Lëtzebuerg getraff. Hien hat schonn de Pleséier vun enger Entrevue mat JCR am Kader vun der Staatsvisite a Japan (November 2017).

No de Gespréicher, hunn déi lëtzebuergesch Regierung an JCR Pharmaceuticals e Protokoll zu engem Ofkommes (MoU) ënnerschriwwen. Dee gëtt der japanescher Entreprise den Zougang zu engem Industrieterrain vum Wirtschaftsministère, geleeën an der Industriezon „Bommelscheuer“ an der Gemeng Käerjeng.

„Et ass fir mech eng grouss Éier dësen Accord mat Lëtzebuerg ënnerschriwwen ze hunn. A mengen Ae spillt d’Installatioun vun enger Fabrick fir d’Hierstellung vun aktive Produite, fir eis biomedezinesch Léisungen zu Lëtzebuerg eng entscheedend Roll an der internationaler Entwécklung vun eiser Entreprise“, esou de Shin Ashida, PDG vu JCR Pharmaceuticals.

„Ech hoffen, datt mir an Zukunft de Patienten op der ganzer Welt, Medikamenter vun der Mark JCR, déi hei hiergestallt ginn, zur Verfügung kënne stellen“, gëtt de Shin Ashida vum Ministère zitéiert.

De Vizepremier ass zefridden

Datt d’Freed beim Vizepremier grouss ass, ëmmerhi kann een hei vu „qualitativem Wuesstem“ schwätzen ass verständlech. Hien huet dann och eng Deklaratioun ze maachen: „D’Installatioun vu JCR zu Lëtzebuerg, entsprécht eiser Positionéierung als strategesch Dréischeif, déi et erlaabt internationalen Entreprisen Zougang zum europäesche Maart ze kréien. Mee et entsprécht och eiser Strategie fir déi wirtschaftlech Entwécklung, an d’Gesondheetstechnologie sinn e Secteur deen eise Virstellungen entsprécht“.

D’Staatsvisite a Japan war deemno eng gutt Geleeënheet fir de Kontakt tëscht dem Wirtschaftsministère an JCR Pharmaceuticals ze verdéiwen. Datt den Etienne Schneider elo och nach iwwerzeegt ass, datt d’Néierloossung vu JCR zu Lëtzebuerg fir béid Parteien e Gewënn ass, kann een zouversiichtlech an d’Zukunft blécke loossen.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, JCR Pharmaceuticals, Käerjeng, Shin Ashida
Nächsten Artikel Virrechten Artikel