Search

You may also like

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass
International Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass

Bei hirer Rees duerch d’USA sinn de Franz Mack a

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel
International Neiegkeeten

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel

De Premierminister Xavier Bettel ass am Moment op Visite zu

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner
International Neiegkeeten

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Um Méindeg war de Premierminister nom Regierungsrot an der Chamber,

De Jean Asselborn war zu Berlin

Den Ausseminister huet un der informeller Reunioun „Gymnich“ vun den EU-Ausseminister an der däitscher Haaptstad deelgeholl, déi vum 27. bis den 28. August ofgehale gouf.

De Jean Asselborn war zu Berlin

De 27. August huet een vun der däitscher EU-Presidence organiséiert Aarbechtsiessen den EU-Ausseminister d‘Geleeënheet gebueden, en Echange de Vue mat hirem israeleschen Homolog, Gabi Ashkenazi, zum Friddensprozess am Noen Osten an iwwert d‘Relatiounen tëscht der EU an Israel ze hunn.

De Minister Asselborn huet d‘Geleeënheet genotzt fir d‘Positioun vu Lëtzebuerg nach emol ze widderhuelen, déi sech an dat iwwert laang Joren opgebauten Engagement zu Gonschte vun engem gerechten an nohaltege Fridden, op der Grondlag vun enger Zweestaateléisung aschreift. „Mir begréissen all positiv Entwécklung déi Israel an déi arabesch Länner vun der Regioun zesummeféiert, a mir hunn Notiz dovunner geholl, datt d‘Annexiounsprojete vun Israel suspendéiert goufen. Trotzdeem, fir datt eng gerecht an nohalteg Léisung ka fonnt ginn, muss sech definitiv vun den Annexiounsprojete getrennt ginn, eng Suspendéierung geet do net duer“, esou de Jean Asselborn.

Am Uschloss, bei der Gymnich-Reunioun, hunn sech d‘Ausseminister nach emol der Situatioun vu Wäissrussland ugeholl. Am aktuelle Kontext, dee sech duerch Wahlen auszeechent, déi net den internationalen Normen entspriechen, esou wéi och déi gewalttäteg Repressioun géint Manifestanten déi friddlech d‘Anhale vun hire Rechter fuerderen, huet sech de Minister Asselborn favorabel fir eng staark a vereent Äntwert vun der EU ausgedréckt: „Als Europäer, musse mir eis kloer zu eise Wäerter, Engagementer an de Prinzipie vun der Rechtsstaatlechkeet, der demokratescher Verantwortung, de fräien an equitabele Walen an dem Recht sech friddlech versammelen ze dierfen, bekennen. Mir musse grad esou däitlech an eisen Äntwerten un déi sinn, wou dës Wäerter an Prinzipien a Wäissrussland net respektéieren“.

Berlin

Den Ausseminister Jean Asselborn bei der Gymnich-Reunioun zu Berlin. © Auswäertiges Amt

Um Freideg huet de Minister Asselborn an seng europäesch Homologen d‘Relatioune vun der EU mat der Tierkei am Liicht vun de rezenten Entwécklungen am orientalesche Mëttelmier an a Libyen ugeschwat. De Jean Asselborn huet drun erënnert datt „mir drénglechst der aktuell ofhuelender Spiral an ouni Prezedenz vun de Relatiounen tëscht der EU an der Tierkei en Enn bereede mussen“. Lëtzebuerg huet zudeem seng vollst Solidaritéit mat Zypern a Griicheland, betreffend dären hir Souveränitéit am orientalesche Mëttelmier an a Konformitéit mam internationale Recht widderholl. „D‘Begrenzung vun den exklusiven ekonomeschen Zone muss sech am Dialog an der Verhandlung, am volle Respekt vum internationale Recht an op der Grondlag vun de Prinzipie vun der gudder Noperschaft maachen“, ënnersträicht de Minister Asselborn.

Déi informell Gymnich-Reunioun ass mat enger déifgräifender Diskussioun am Bezuch op d‘Relatiounen tëscht der EU a Russland ofgeschloss ginn, déi vun engem Debat iwwert déi geopolitesch Implikatioune vun der Covid19-Pandemie an déi strategesch Äntwert vun der europäescher Unioun ofgerënnt gouf.

Matgedeelt vum Ausseministère iwwert de Presse- an Informatiounsdéngscht (SIP), fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Reunioun vun den EU-Ausseminister zu Berlin (informell Gymnich-Reunioun) © Auswäertiges Amt

Related topics Agäis, Berlin, Covid19-Strategie, Demokratie, EU-Presidence, Friddensprozess, Griichenland, Gymnich-Reunioun, Israel, Jean Asselborn, Mëttelmier, Noen-Osten, Russland, Tierkei, Wäissrussland
Next post Previous post