Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?
dating agreement form Neiegkeeten

ny dating laws

De Kanton Kapellen ass zwar bei wäitem net ee vun

he removed his dating profile
dating agreement form Neiegkeeten

D‘Fransouse wëlle Weltraum-Sträitmuecht opstellen

Um Virowend zum 14. Juli, huet de franséische President Emmanuel

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur
dating agreement form Neiegkeeten

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur

Nodeems d‘Sozialwahle vum 12 Mäerz an enger Firma hu misse

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

De Rot vun der EU huet gëschter d’Mandater ugeholl, déi d’Verhandlunge mat den USA erméigleche sollen, sou datt een eng Konklusioun zum Accord vun den industriellen Tariffer an der Kooperatioun a Saachen Evaluatiouns-Konformitéit ka fonnt ginn.

Wärend den Diskussioune vun déi lëtzebuergesch Regierung grousse Wäert drop geluecht, datt den Engagement vun der EU konkretiséiert gëtt, fir esou de kommerzielle Spannunge mat den USA een Enn ze setzen, virun allem wat den Impakt op déi europäesch Eisenindustrie ugeet.

Als Minister fir den internationalen Handel wëll de Jean Asselborn drop hiweisen, datt just een Accord, deen op déi industriell Tariffer limitéiert ass, kann uviséiert ginn, doduerch datt de Paräisser Klimaaccord vun den USA zeréck gewise ginn ass. De Grand-Duché huet hei bäi och d’Upassung vun den neie Mandater duerch d’Ophiewe vum TTIP-Mandat ugefrot.

Esou bitt de Mandat vun der Kommissioun folgend Garantien:

  • En erënnert drun, datt d’Unioun versicht den Accord vum fräien Handel zesumme mat de Partiewn vum Paräisser Accord verdéift a komplett auszehandelen.
  • En ënnersträicht, datt den TTIP-Mandat veraalt a sënnlos ass
  • D’Tartiffer zu de landwirtschaftleche Produite sinn speziell vum Accord ausgeschloss. Heibäi si just d’Tariffer an der Industrie concernéiert. Wann et ëm d’Fëscherei, sou wéi héich energesch Produite geet muss een d’Sensibilitéit berécksiichtegen a progressiv Réckzuchsperioden aplangen, fir esou d’Douanesrechter ze eliminéieren, sou wéi och d’Exklusioun vun de sensibelsten Tariffer.

Eng Konklusioun kann awer eréischt getraff ginn, wann d’USA de Stol an den Aluminium bei Säit loossen, wat natierlech och een Impakt op Lëtzebuerg huet. All nei Moossnam géint déi europäesch Interesse kéinten d’Enn vun de Verhandlunge bedeiten.

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Industrie, Jean Asselborn, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel