Search

You may also like

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL
Neiegkeeten

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL

De Verband vun den Eisebunner, Aarbechter aus dem Transport, Fonctionnaire

surprise
Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng
Neiegkeeten

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

surprise
Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?
Neiegkeeten

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Bei der Sëtzung vum Syvicol an der Märei zu Lëtzebuerg,

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“

Eisen Ausseminister, Jean Asselborn (LSAP), war zu New York, wou hien un der 73. UN-Generalversammlung deel geholl huet. Hien huet d‘Geleeënheet genotzt, fir mat anere Staatscheffen an Ausseminister, mee och mat Vertrieder vun internationalen Organisatiounen, bilateral Gespréicher ze féieren. Den Ausseminister huet sech och nees fir den internationale Geriichtshaff agesat, an op neits drop higewisen, wéi wichteg dësem seng Roll an haidegen Zäiten ass.

Villes zu deem et eppes ze schreiwe géif ginn, wann do net de Clown aus dem Wäissen Haus gewiescht wier, deen sech um Dënschdegmueren nees vu senger „beschter Säit“ presentéiert huet. Den Donald Trump huet, an et konnt ee him ugesinn datt him nach ni esou eescht war wéi do, net nëmme vu sech Behaapt, dee Mënsch ze sinn, deen dat meescht an der US-Geschicht geleescht hätt, mee och iwwerzeegt schéngt, méi fir d‘Ëmwelt gemaach ze hunn, wéi all Mënsch virun him.

Dat huet de Jean Asselborn net verquësst, an him war et dann och, am Géigesaz zu aneren am Sall, net fir ze laachen. Et war schonn seng 15. UN-Generalversammlung, mee esou e Klatzkapp ass alles anescht ewéi „Routine“. De Jean Asselborn hält fest, datt keen applaudéiert huet wéi de Milliardär un d‘Pult erugetrueden ass. Dovunner emol ofgesinn, datt hien sech selwer am léifsten huet, ass et seng pro-nationalistesch Haltung déi eisem Ausseminister Kappzerbrieches mécht.

Et ass net méi fir ze laachen…

Eisen Ausseminister kann sech op seng Erfarung an der internationaler Politik verloossen. Mee engem US-President mussen nolauschteren, wéi deen de Multilateralismus a Fro stellt, do kann et och engem „alen Hues“ de Mo op d‘Kopp dréinen. De Jean Asselborn attestéiert dem US-President, keng Ahnung vun internationale Bezéiungen ze hunn, iwwerdriwwe patriotesch ze sinn, an sech op eng „national Souveränitéit“ ze behaapten, mat där hie riskéiert d‘USA an d‘Abseits ze stellen.

Laut dem Jean Asselborn, wier et un der Zäit, datt sech een dësem Mann unhëlt, an dësen drun erënnert, wéi a firwat d‘Vereenten Natiounen entstane sinn. Hie weist drop hin, datt schonn de François Mitterrand gesot huet „De Nationalismus, datt ass de Krich!“. An dem Donald Trump säin „America First“ kann een duerchaus als Krichserklärung deiten. Den US-President, huet dann och, zumindest wat d‘Handelsbezéiunge mat sengen Alliéierten ugeet, der Welt de Krich erkläert.

Dësem Personnage nozelauschteren, wéi dee vun enger globaler Bürokratie – déi kee gewielt huet an onverantwortlech ass – geschwat huet; och nach onverblimmt den internationale Geriichtshaff duerch de „Schäiss“ zitt an einfach emol esou behaapt, datt dës Institutioun keng Legitimitéit hätt, sollt der Weltgemeinschaft ze denke ginn. D‘USA sinn net Member vum ICJ, da kann e respektéieren, mee d‘Verbrieche géint d‘Mënschheet sinn ganz real, déi kann een net verleegnen.

Foto: Den Ausseminister Jean Asselborn, zesumme mam griichesche Premierminister Alexis Tsipras an den zypriotesche President Nicos Anastasisades, op der 73. UN-Generalversammlung zu New York. © sip/MAEE

Related topics Donald Trump, Jean Asselborn, UN-Generalversammlung, Weltpolitik
Next post Previous post