Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs
International Neiegkeeten

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs

Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der

love
Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn
International Neiegkeeten

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Um Dënschdeg huet „Medecins du Monde“ Lëtzebuerg (MdM) eng gréisser

coollove
Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen
International Neiegkeeten

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen

D’Stonne vun der amerikanescher Cassini Sond si gezielt. Um Freideg

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot deelgeholl. Iert et do awer zu der Dagesuerdnung komm ass, huet de Jean Asselborn nach mat de Kollegen eng Taass Kaffi gedronk.

Deem hat sech de President vun der europäescher Investitiounsbank Werner Hoyer ugeschloss huet. Dee war komm fir de Ministere säi Projet fir d‘Schafe vun enger europäescher Entwécklungsbank virzestellen. Detailer dozou huet nach keng ginn, d‘Initiativ wier awer majoritär begréisst ginn.

Bei der Rotssëtzung huet een dann emol fir unzefänken déi international Aktualitéit beliicht. Hei war Syrien ee vun den Haaptpunkten. Wéi a wat d‘EU-Ausseminister gedenken an dëser Fro ze ënnerhuelen, ass dann awer leider och net no bausse gedrongen, woubäi festgehale muss ginn, datt den Amarsch vun tierkeschen Truppen an de Norde vu Syrien héije Konfliktpotential huet.

Dunn ass och iwwert d‘Zukunft vum Partenariat tëscht der EU an den afrikanesche, de karibesche a pazifesche Staaten, deen ënnert de Bezeechnung „Cotonou“ gefouert gëtt, diskutéiert ginn. En Debat deen sech och de Perspektiven ugeholl huet, wëll d‘Partenariat als Solches 2020 ausleeft.

Iwwert d‘Situatioun a Libyen ass och geschwat ginn. Hei goung et ëm d‘Reunioun vun der gemeinsamer Aarbechtsgrupp zur Migratioun, déi mat der afrikanescher Unioun an de Vereenten Natiounen de 14. Dezember stattfonnt hat. Eng véiert Reunioun soll schonn Enn dës Mounts ofgehale ginn. An dësem Kader kruten d‘Ausseminister dann och e Briefing vum Representant vun der UNO fir Libyen, Ghassan Salamé, deem se hir Ënnerstëtzung zougesot hunn.

De Monni aus Palestina

Ee vun den Haaptgäng um Menü vun der Dagesuerdnung, war den Zoustand vum Friddensprozess am Noen-Osten. Aus gesécherter Quell war gewuer ze ginn, datt hei net dee Konsens besteet deen een eigentlech no Bausse verkierpert, an datt grad deen Dag, wou de palestinensesche President Mahmoud Abbas sech zu engem informelle „Mëttegiessen“ agelueden hat.

Mam Mahmoud Abbas ass dann awer mat beduecht iwwert de Friddensprozess, déi bilateral Relatiounen an d‘Evolutioun vun der Situatioun an der Regioun diskutéiert ginn. De President Abbas huet sengersäits en Appell un d‘EU geriicht, Palestina als onofhängege Staat unzëerkennen.

Et ass dann an dësem Kontext, wou de Jean Asselborn net anescht konnt, wéi déi rezent Entwécklungen ze bedaueren. Ganz besonnesch déi unilateral Entscheedung vum US-President, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, wat net konform mat den UN-Resolutiounen ass, läit eisem Ausseminister schwéier um Mo.

Hien ass dann och der fester Iwwerzeegung, datt eenzeg eng Zweestaateléisung, verhandelt a baséierend op de Grenze vun 1967, zum Fridden tëscht béide Länner féiere kann. An hei ass d‘Positioun vun der EU kloer: et kann nëmme funktionéiere wann ee sech eens ass, datt Jerusalem d‘Haaptstad vu béiden Natioune gëtt.

Beméit ëm de Fridden am Noen-Osten

„Et ass wichteg sech dëse politeschen Horizont ze erhalen, an et ass genee esou wichteg fir d‘EU, seng Eenheet ronderëm dëse politesche Konsens ze erhalen“, ënnersträicht de Jean Asselborn. Datt elo d‘USA sech entscheet hunn, eng Partie vu senge wichtege finanzielle Beiträg zu der UNWRA anzefréieren, muss gläichfalls bedauert ginn.

„Eng absolut onverständlech Entscheedung. Si betrëfft an éischte Linn déi schwächst ënnert de Palestinenser, an entzitt enger ganzer Partie palestinensesche Refugiéeën d‘Recht op Bildung, Gesondheet an engem wierdege Liewen. Zudeem riskéiert een d‘Situatioun vun der Instabilitéit am Noen-Osten ze verstäerken, notamment zu Gaza. Et kann a kengem sengem Interessi sinn, vun engem Dag op deen aneren 270.000 den Zougank zu Schoul ze verhënneren“.

„Mir Europäer mussen de Courage ze weisen, datt d‘Palestinenser d‘Recht hunn en eegene Staat ze hunn, an dat an de Grenze vun 1967, mat Ostjerusalem als Haaptstad. D‘EU muss prett sinn – elo méi wéi soss – dësen Effort ze ënnerstëtze fir eng kredibel Opnam vu Friddensgespréicher ze erméiglechen“, esou den Ausseminister.

De Jean Asselborn ass dann och eeschthaft besuergt, datt mat der Weiderféierung vun der Koloniséierung, déi israelesch Regierung direkt a bewosst all Perspektiv fir e Fridden zerstéiert. „D‘Tendenz ass bedreelech“, esou den Ausseminister, an dobäi huet hien nach net emol Bezuch op d‘Tatsaach geholl, datt fir d‘Palestinenser d‘USA net méi als Vermëttler optriede kënnen.

mam SIP/mae

Foto: De palestinensesche President Mahmoud Abbas huet nom Mëttegiesse mat den EU-Ausseminister nach emol en Appell gemaach, Palestina als Staat unzëerkennen. Fir Friddensgespréicher ënnert der Leedung vun den USA, stinn d‘Palestinenser esoubal net méi zur Verfügung. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Ausseministerrot, Jean Asselborn, Jerusalem, Libyen, Migratioun, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel