Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!

Virun enger Woch huet déi Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament

https://moien.lu/plenty-of-fish-single-dating/
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21.

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen
https://moien.lu/funny-joke-for-dating-app/

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

No der Entscheedung vum US-President déi amerikanesch Ambassade vun Tel Aviv no Jerusalem ze verleeën, an esou déi „gedeelte“ Stad als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, huet och eisen Ausseminister net wierklech eng aner Optioun gehat, wéi sech zum Sujet ëffentlech ze äusseren.

An engem Communiqué mécht den Ausseminister dann och däitlech, datt hien dëse Schratt vun der Trump-Administratioun bedauert. Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkenne wier emol vir unzefänken net am Aklang mat den UN-Resolutiounen zum Statut vun der Stad.

Heizou notéiert de Jean Asselborn dann och, datt de Statut vun der Stad Jerusalem, net nëmmen eng komplex legal Fro duerstellt, mee datt de Statut och vun immenser politescher a reliéiser Bedeitung ass. Mat sengen hellege Plazen, huet Jerusalem esouwuel fir d‘Judde wéi och fir d‘Palestinenser e groussen emotionalen Afloss.

Den Ausseminister erënnert dann nach drun, datt déi gemeinsam Positioun vun der EU zu Jerusalem, déi definéiert ginn ass duerch d‘Deklaratioun vum Europarot zu Venedeg den 13. Juni 1980, sech folgendermoossen duerstellt:

„Déi néng erkennen de besonnesche Rôle deen d‘Fro ëm Jerusalem opwerft un. Déi néng stelle kloer, datt kee vu hinnen eng unilateral Entscheedung, déi zur Ännerung vum Status géif féieren, wäert unerkennen. An et gëtt och kloer gestallt, datt all Zoustëmmung zum Status vu Jerusalem, muss verbindlech de fräien Accès zu den hellege Plazen, fir all Relioune muss garantéieren“.

An de Grenze vun 1967

Wat de Status vun der „helleger Stad“ betrëfft, esou kann deen nëmmen am Kader vu Friddensverhandlungen tëscht den Israelien engersäits, an de Palestinenser anersäits, gekläert ginn. Heizou bréicht awer emol en Accord iwwer zwee Staaten, déi et dann och musse fäerdeg brénge friddlech nieft enaner ze bestoen.

Eng Zweestaateléisung, verhandelt a baséierend op de Grenze vun 1967, ass fir de Jean Asselborn déi eenzeg Méiglechkeet e laangfristege Fridden tëscht béide Länner ze erreechen. D‘Positioun vun der EU baséiert dann och op de bekannte Parameter, inklusiv der Berécksiichtegung vu Jerusalem als Haaptstad vu béide Länner.

Et ass dann och wichteg déi politesch Zukunft am A ze behalen. „Mir hoffen, datt d‘USA eis hir voll Ënnerstëtzung fir déi Zweestaateléisung ginn, esou wéi dat vum US-President gëschter betount ginn ass“, esou den Ausseminister am Communiqué.

Den Ausseminister Jean Asselborn schléisst sech dann awer och nach den Appeller vun der internationaler Communautéit un, an där d‘Leader aus der Regioun zur Rou opgeruff ginn. Eng nei Well vun der Gewalt oder soss „geféierlech“ Aktioune géifen eenzeg dem Friddensprozess schueden.

Foto: © Etienne Laurent/pool/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Israel, Jean Asselborn, Jerusalem, Palestina, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel