Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
International Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror
International Neiegkeeten

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror

Op den Amerikaner hirer Terrorlëscht – gemengt sinn Natiounen déi

Illinois: Kierch ass Pedophilie
International Neiegkeeten

Illinois: Kierch ass Pedophilie

D‘Ausmooss vum Skandal mat de pedophille Paschtéier hëlt an den

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der Reunioun vun den Ausseministeren an de Verdeedegungsministere vun der EU deelgeholl. Zesumme mat den Homologe vun de Länner vum G5 Sahel hu si sech um 14. Mee zu Bréissel getraff

Duerch déi schnell a substantiell Verschlechterung vun der Sécherheet an der Regioun vum Sahel wollten d’Ministeren sech zesumme setzen, fir eng verdéift Diskussioun mat de Kollegen aus dem Burkina Faso, Mali, Mauretanien, dem Niger an dem Tschad zu de leschten Entwécklungen um Terrain ze féieren.

G5 Sahel

(v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Didier Reynders, belschen Aussen- an Europaminister © MAEE

Méi wéi ee Joer no der Bréisseler Konferenz zum Sahel hunn d’Membere vun der EU an dem G5 Sahel de Bilan zu den aktuelle Beméiunge gezunn. Esou war et och méiglech Moossnamen ze treffe fir d’Stabilitéit an de Fridden an der Regioun nees hierzestellen. An dësem Kontext sinn och d’Leeschtungen zesumme mam G5 Sahel an d’Hëllef vun der EU a senge Memberstaaten ervir gehuewe ginn.

De Minister Asselborn huet dobäi ënnerstrach, datt „just eng global, integréiert a kohärent Approche et erméigleche géif op déi zuelräich Erausfuerderungen ze äntweren, déi d’Regioun betreffen.“ Ier een heino militäresche Léisunge sicht, sollt een als éischt am politeschen a soziale Beräich ufänken.

Scho säit iwwer 30 Joer ass de Sahel eng Regioun mat Prioritéit fir déi lëtzebuergesch Aussepolitik. Dofir huet de Jean Asselborn och erkläert, datt de Grand-Duché determinéiert ass, fir d’Stabilitéit an de Fridden op laang Dauer nees hierzestellen, an dat andeems déi 3D’en – Diplomatie, Développement, Défense – genotzt ginn.

G5 Sahel

(v.l.n.r.) Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; Ursula vun der Leyen, däitsch Verdeedegungsminister © MAEE

Uschléissend huet de Lëtzebuerger Minister awer och drun erënnert, datt den dauerhafte Fridde just hiergestallt ka ginn, wann d’Staatsdéngschter um ganzen Terrain ofgezu ginn, d’Gouvernance verbessert an déi sozio-ekonomesch Entwécklung, virun allem vir Fraen a Kanner, gefërdert gëtt. Donieft muss och den nationalen Dialog ënnerstëtzt ginn, sou datt och d’Gesellschaft aus dem Sahel mat abezu gëtt. Heibäi sollt och déi wichteg Roll vun der Fra encouragéiert a stabiliséiert ginn.

Zu gudder Lescht ass de Minister dorop agaangen, datt et essentiell ass d’Prinzipien an Norme vum internationale Recht ze respektéieren. All Verstouss muss ënnersicht a mat engem gerechte Prozess zu Enn goen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt déi international Ënnersichungskommissioun bei alle Behaaptungen zum Mëssbrauch oder schlëmmer Verletzung vum internationale Gesetz vun de Mënscherechter an dem internationalen humanitäre Recht am Mali.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Augusto Santos Silva, portugiseschen Aussen- an Europaminister; Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister; João Gomes Cravinho, portugisesche Verdeedegungsminister © MAEE

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Fridden, G5 Sahel, Jean Asselborn, Stabilitéit, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel