Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem
International Neiegkeeten https://moien.lu/25m-hook-up/

https://moien.lu/cancer-woman-dating-a-libra-man/

Gëschter huet den Inneminister Dan Kersch d’Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt. Duerch

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt
International Neiegkeeten https://moien.lu/25m-hook-up/

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt

Um 6. November 2018 war den Optakt vun enger aussergewéinlecher

Henker fir Sri Lanka gesicht
International Neiegkeeten https://moien.lu/25m-hook-up/

Henker fir Sri Lanka gesicht

An der gréisster engleschsproocheger Dageszeitung vu Sri Lanka „Daily News“,

surprise

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Och den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir den Opbau vum Irak an

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Um Mëttwoch hunn sech déi „Alliéiert“ vum Irak am Kader vun der Internationaler Konferenz am Kuwait engagéiert, 30 Milliarden US-Dollar ze mobiliséieren, fir d‘Land nees opzebauen. Den Irak ass duerch den 3 järege Krich géint den Islamesche Staat (IS) zerstéiert ginn.

Wann elo Kuwait sech no dräi Deeg Konferenz och ugesicht dem Engagement géintiwwer dem Montant zefridde gewisen huet, esou ass een hei awer nach ganz wäit ewech vum Besoin, dee vu Bagdad op 88 Milliarden US-Dollar chiffréiert ginn ass.

„D‘Engagement vun der internationaler Communautéit géintiwwer dem Irak ass däitlech“, esou de Scheich Sabah al-Khaled Al-Sabah, Ausseminister vum Kuwait, bei der Pressekonferenz zum Ofschloss vun der Konferenz, un där och de lëtzebuergeschen Ausseminister deelgeholl huet. Fir de Scheich Sabah al-Khaled Al-Sabah illustréiert dësen Engagement d‘Motivatioun vun de 76 Länner, 51 Hëllefsorganisatiounen, 107 Associatiounen a Stëftungen, an den 1.850 Geschäftsleit.

„Mir haten eis e méi konsequente Montant erhofft“, nuancéiert den irakeschen Ausseminister Ibrahim al-Jaafari d‘Ausso iwwert d‘Engagement. „Et ass net Ausdrock vun Enttäuschung, mee mir mussen zougestoen, datt d‘Resultat hannert den Erwaardunge bliwwen ass“. „Beim Montant vun 88 Milliarden, ginn 22 Milliarden US-Dollar eleng als Zomm fir déi direkt Besoine gebraucht“, esou déi irakesch Representanten um Méindeg bei der Erëffnung vun der Konferenz.

Nom Joerzéngtelaange Konflikt, wann een d‘Kricher géint dem Sadam Hussein säi Regimm berécksichtegt, hat den Irak am Dezember erkläert, den IS geschloen ze hunn. D‘Bedreeung duerch Attentater ass doduerch awer net verschwonnen. Déi Infrastrukturen déi net duerch d‘Alliéiert zerstéiert goufen, hunn d‘Dschihadiste vum IS futti gemaach. An et muss een och déi ronn 2,5 Millioune Persoune berécksiichtegen déi verdriwwe goufen.

Den Appell vum Jean Asselborn

De lëtzebuergeschen Ausseminister huet och d‘Hëllef vu Lëtzebuerg zougesot, mee hat och ee Message: „Et geet drëms datt déi nächst Generatioun Iraker net d‘Laascht vun der Rekonstruktioun als Ierfschaft hannerlooss kritt. Zesumme mat den irakeschen Autoritéite musse mir d‘Lacunnen tëscht dem direkte Besoin an der laangfristeger Rekonstruktioun fëllen, an och de Bléck op nohalteg Léisunge behalen“.

Hie fuerdert dann och e globalen Accord tëscht allen Acteure vun der irakescher Gesellschaft, déi et soll erlaben, en inklusive System fir d‘Gouvernance ze erstellen. Dee misst déi reliéis an ethnesch Diversitéit vum Land berécksiichtegen. An deem Kontext fuerdert eisen Ausseminister och d‘Berécksiichtegung vun der mënschlecher a sozioekonomescher Dimensioun, déi complementaire zu de politeschen a physeschen Dimensioune vu der Rekonstruktioun ass.

Wichteg wier et dann och déi humanitär an entwécklungstechnesch Aktiounen ze koordinéieren, fir esou den Ursaache vun der „Vulnerabilitéit“ ze begéinen an esou dann och d‘Fundament fir eng nohalteg Rekonstruktioun vum Irak ze leeën.

De Jean Asselborn huet dann och ugekënnegt, datt „ugesicht den Erausfuerderungen deenen sech dat irakescht Vollek muss stellen, Lëtzebuerg sech och weiderhi wäert solidaresch weisen, an deem den Äermsten eng humanitär Hëllef zougeséchert gëtt, déi konform zu den humanitäre Prinzipien ass, ouni regional an/oder ethno-reliéis Diskriminatioun. Fir 2018 stellt Lëtzebuerg esou 1,5 Milliounen Euro bereet.

Dovunner ofgesinn, fërdert Lëtzebuerg och fir déi éischte Kéier den humanitäre Fong fir den Irak, e gemeinsame Fong vu villen Acteuren, dee vun der OCHA geréiert gëtt. „Ganz generell betruecht, si mir der Usicht, datt den zentralen Interventiounsfong vun der UNO eng zentral Roll spillt, fir eng séier Äntwert, déi koordinéiert an effikass op déi humanitär Besoinen um Terrain ka reagéieren“, esou de Jean Asselborn.

Wéi d‘Hëllef ausgesäit

Um Mëttwoch huet dann och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres déi international Communautéit opgeruff d‘Efforte fir d‘Rekonstruktioun vum Irak ze ënnerstëtzen. Bis ewell kënnt dann och de Gros vun der verspracher Hëllef vu Groussbritannien (1 Milliard US-Dollar a Form vun Exportkreditter op 10 Joer) an der Tierkei (5 Milliarden US-Dollar). D‘Bäiträg deelen sech op a Kreditter an Investissementer.

D‘Weltbank an den Irak hunn dann och um Mëttwoch zwee Projete fir e gesamte Montant vu 510 Milliounen US-Dollar ënnerschriwwen. Geld dat opgewannt gëtt, fir den irakesche Bierger nees zu erdrobare Liewenskonditiounen ze verhëllefen. Dës zwee Projete komme bei e Programm (750 Milliounen US-Dollar) derbäi, dee scho vun der Weltbank finanzéiert gëtt. Domatter läit déi Gesamtinvestitioun vun der Weltbank bei 4,7 Milliarden US-Dollar.

Och d‘USA huele Suen an de Grapp. De Rex Tillerson hat hei dann och schonn en Dënschdeg bekannt ginn, datt déi amerikanesch Import-Export-Bank bereet ass, en Accord iwwer 3 Milliarden US-Dollar mat Bagdad ze ënnerschreiwen. Domatter soll de Grondstee geluecht ginn, fir eng „spéider Kooperatioun“ an de Schlësselberäicher wéi d‘Energie oder den Transport.

De franséischen Ausseminister, Jean-Yves Le Drian hat gläichfalls um Dënschdeg d‘Ënnerstëtzung vu Frankräich bestätegt. Ofgesi vum Kredit an héicht vu 430 Milliounen Euro, dee Bagdad 2017 zougestane ginn ass, wëll Paräis sech – iwwert déi franséisch Agence fir d‘Entwécklung – och u Projeten an de Beräicher: Waasser, Energie a Landwirtschaft bedeelegen.

An och d‘UNESCO huet um Mëttwoch ugekënnegt, eng Koordinatiounsinitiative, déi vun de Vereenten Natiounen an der irakescher Regierung ënnerstëtzt gëtt, ze lancéieren. Heimatter soll „de Geescht vu Mossul“ nees erwächt ginn, der zweet gréisster Stad vum Irak, déi gréisstendeels bei den Ausenanersetzungen zerstéiert ginn ass.

„D‘Iddi ass et, nees un der Rekonstruktioun vum historesche Patrimoine, mat sengen emblematesche Plazen, wéi d‘Graf vum Jonas, der Bibliothéik vu Mossul oder der Aal-Stad, ze schaffen“, erkläert heizou d‘Audrey Azouley, Direktesch vun der UNESCO. Um Niveau vun der Bildung, ziilt d‘Initiative drop of och Professeren auszebilden an eng Sensibiliséierungscampagne géint d‘Radikalisatioun opzebauen.

De Misär mat der Korruptioun

Virun de Regierungen an den internationalen Institutiounen hat d‘Konferenz zu Kuwait d‘ONGen an de Privatsecteur ervirgedoen. Iwwer 200 Projete sinn dann och virgestallt ginn. Hei ass virun allem ëm de Bau vu Pëtrolsraffinerie an Stroumzentrale gaangen, mee och d‘Rehabilitatioun vun de Fluchhäfen, der Eisebunn an de Stroossen hunn déi zentral Akzenter gesat.

Fir de Privatsecteur ze motivéieren, hunn déi irakesch Responsabel de Vertrieder vun den internationalen Entreprise Garantie virgeluecht, déi fir den Opbau verlaangt gi sinn. Trotz allem sinn e sëlleche Firmen onentschloss, ugesicht den Erausfuerderungen engersäits, an der onheemlecher Korruptioun anersäits. Ëmmerhin ass den Irak an den Top Ten vun de korruptste Länner am Klassement vun Transparency International.

Eng Rei ONGen hunn dann och emol ugekënnegt, 330 Milliounen US-Dollar zesummebruecht ze hunn, déi am humanitäre Beräich agesat ginn. Dräi UN-Agencen hunn op d‘Drénglechkeet fir d‘Hëllef fir d‘Bevëlkerung higewisen. Dorënner Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), déi opgeruff huet an de Gesondheetssecteur ze investéieren, deen et enger eis bekannter Form eigentlech guer net méi gëtt.

Mee d‘Rekonstruktioun vum Irak wäert wäit méi brauche wéi nëmme Geld: emol vun der Korruptioun ofgesinn, muss d‘Land et och fäerdeg bréngen déi grouss „Differenzen“ tëscht de Schiiten an de Sunnitten ze iwwerwannen. Dat besonnesch wou ze bedenken ass, datt de Kampf géint den IS net eriwwer ass, an deen eng reell Bedreeung bleift.

mam Omar Hassan Adbulla an dem Salima Lebel/AFP an dem MAE/SIP

Foto: E Kand sëtzt virun engem zerstéierte Gebai zu Mossul. Fir den Opbau vum Land géifen 88 Milliarden US-Dollar benéidegt, esou d‘Autoritéiten zu Bagdad. 30 Milliarden sinn bis elo zesummekomm. © Ahmad Muwafaq/AFP

Ähnlech Sujeten Irak, Jean Asselborn, Kuwait Konferenz, Rekontruktiopun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel