Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
De Mario Centeno aus Portugal ass neie Chef vum Eurogroupe
International Neiegkeeten

De Mario Centeno aus Portugal ass neie Chef vum Eurogroupe

De Portugisesche Finanzminister ass vu sengen Homologen un d‘Spëtzt vun

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren
International Neiegkeeten

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren

62 Joer jonk, dräi Kanner, elengerzéiend. Dat sinn d‘Eckdate vum

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
International Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Jean Asselborn bei der Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet Ufanks der Woch un der traditioneller informeller Reunioun vun den Europaministeren zu Bukarest a Rumänien deelgeholl.

Um Méindeg Owend huet de Minister Asselborn bei engem Aarbechtsiesse mat de Kandidatelänner vun der EU – dorënner sinn Albanien, Nordmazedonien, Montenegro, Serbien an Tierkei – matgewierkt, woubäi et een interessanten Echange zum Ausbreedungsprozess an den nächsten Etappe ginn ass.

Um Muere vum Dag duerno koum et dann zur Festsetzung vum finanzielle Kader vun der EU, den sech iwwer méi Joren zéie soll. Dobäi war d’Ziel vun den Diskussiounen d’Verhandlunge virun ze bréngen, konform zu de Konklusioune vum europäesche Rot vum Dezember 2018.

Dobäi huet de Minister Asselborn drun erënnert datt „et wichteg ass de Verhandlungskalenner genau ze respektéieren. D’Unioun muss fir d’éischt d’Haaptaktiounsdomainen identifizéieren, duerno déi néideg finanziell Moyene kréien, fir alles ëmzesetzen.“

bukarest

(v.l.n.r.) Stef Blok, hollänneschen Ausseminister; Jean Asselborn, Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister © MAEE

Nodeems hien sech fir d’Modernisatioun vum EU-Budget ausgeschwat huet gouf och drop higewisen, datt d’Prioritéite bei den Ausgaben déi politesch Ambitioune reflektéieren. Dofir muss de finanzielle Kader och zum nächste strategeschen Agenda bäidroen, sou datt d’EU d’Moossname vun der Deklaratioun vu Bratislava a Roum ëmsetze kann.

Bei der zweeter Aarbechtsseance vum Dag ass et ëm de kommende strategesche Programm vun der EU fir d’Period vun 2019 bis 2024 gaangen. Lëtzebuerg ass iwwerzeegt, datt de kommende Programm d’Méiglechkeet bidde muss fir een eemolege Marché ze schafen, dee vollkommen integréiert ass, an och an der digitaltechnescher Ekonomie abegraff ass- D’EU berout op engem eemolegen dynamesche Marché, den konkurrenzfäeg ass an op nohalteg Aart a Weis geréiert gëtt.

Et sollt een allerdéngs net vergiessen, datt de strategesche Programm och d’Verstäerkung vun der sozialer Dimensioun sollt mat abezéien.

Opmaacherbild: © MAEE

Ähnlech Sujeten Bukarest, EU, Europaminister, Jean Asselborn, strategesche Programm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel